De Bob, d’Edith an d’Elise maachen eis d’Dieren op vu Plazen, déi ee soss net ze gesi kritt: d’Bibliothéik, d’Archiven an eng geheim Hal...

Mir kréien en exklusiven Abléck hannert d'Kulisse vun der Maison du Grand-Duc a léieren déi Leit kennen, déi fir d'groussherzoglech Famill schaffen.

Bob Dieschburg, Bibliothekär 

RTL

"Impressionant", dat huet sech de Bob Dieschburg geduecht, wéi hien déi éischte Kéier e Fouss an dem Grand-Duc seng Bibliothéik gesat huet, fir déi hien haut responsabel ass. Hien huet an engem Auktiounshaus zu New York geschafft, éiert hie sech viru ronn véier Joer op de Poste vum Bibliothécaire de la Cour gemellt huet. Zanterhier erfuerscht hien déi privat Kollektioun vun der groussherzoglecher Famill, déi aus zéngdausende Bicher besteet, dovunner ganz vill historesch a rar Exemplairen. Entdeckt déi exzeptionell Bibliothéik am Video-Reportage.

Elise Bougelet, Conservatrice des Collections Grand-Ducales

RTL

D'Elise Bougelet hëlt eis am Reportage mat op eng geheim Plaz, wou virun eis nach kee Kamera-Team war. Eng grouss Hal, an där ronn 15.000 Objete stockéiert sinn: Miwwelen, Konschtgéigestänn, privat Erënnerungsstécker... Alles aus dem Besëtz vun der groussherzoglecher Famill, aus der Zäit nach virum Grand-Duc Adolphe. D'Elise këmmert sech leidenschaftlech gär ëm dëst kulturhistorescht Ierwen. Fir si erzielt all Objet eng interessant Geschicht. Mir kréien en Abléck an hir Aarbecht an, an e klengen Deel vun der Sammlung.

Edith Leiner, Archivistin

RTL

Al Pläng vum Palais, Dokumenter vu Staatsvisitten oder den Dossier vum Trounwiessel am Joer 2000. Dat alles an nach villes méi fënnt een am Sous-sol vum Palais, do wou d’Archive vum Haff sinn. Nieft deenen administrativen Dossieren, geréiert d’Edith Leiner och d’Privatarchive vun der groussherzoglecher Famill. "Am Archiv ass een der Geschicht esou no wéi bal néierens", esou déi jonk Historikerin. Wéi eng interessant Dokumenter d’Edith eis gewisen huet, gesitt Dir am Reportage.