"Trump-Danz" eruewert Sportwelt

© AFP
Wärend sengem Walkampf huet den designéierten US-President ëmmer nees en Danz virgewisen, dee rezent vun enger ganzer Partie Spëtzesportler nogemaach gouf.
Virop huet d’MMA-Legend Jon Jones no sengem Titelkampf an der UFC géint de Stipe Miocic den Danz nogemaach, dat direkt virun den Ae vum Republikaner, dee beim Kampf, zesumme mam UFC-Chef Dana White, dem Elon Musk an dem Kid Rock, an der éischter Rei souz.
Och an der NFL hunn eng Partie Spiller den “Trump-Danz” genotzt, fir hir Freed zum Ausdrock ze bréngen, esou zum Beispill de Rookie Brock Bowers oder och nach den ëmstriddene Starspiller vun de San Francisco 49ers, den Nick Bosa.
Donieft huet och mam Christian Pulisic ee vun de bekanntsten US-amerikanesche Futtballprofien den Danz um Terrain gemaach.