4 Accidenter - 8 BlesséierterD'Rettungsdéngschter hate vun e Samschdeg op e Sonndeg vill ze dinn

Marlène Clement
Bei engem Accident op der B40 sinn eleng 4 Persoune verwonnt ginn.
© CGDIS

E Samschdeg den Owend géint 20 Auer war tëschent Fëlschdref an Elleng ee Motocyclist gefall a gouf dobäi blesséiert. D'Pompjeeë vun Duelem an d'Ambulanz vu Réimech waren op der Plaz.

Zu Bieles war um 22.40 Auer op der Escher Strooss een Auto an een aneren Auto geknuppt, dee geparkt war. Hei goufen zwou Persoune verwonnt. D'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng an eng Ambulanz vu Schëffleng goufen an den Asaz geruff.

Véier Blesséierter gouf et géint 3:20 Auer zu Esch op der B40 Richtung Frankräich. Hei war een Auto accidentéiert. Ambulanze vun Esch a Suessem-Déifferdeng waren am Asaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Schëffleng.

An um 4 Auer ass een Auto tëschent Géisdref a Boukels an ee Bam gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Géisdref an eng Ambulanz vu Wolz.

Back to Top
CIM LOGO