De Partner fir d’Liewe léieren ëmmer manner Leit dobausse beim Bäcker oder op enger Party kennen. Dating leeft hautdesdaags heefeg virtuell of.

Eigentlech ass et ganz einfach a scho bal wéi e Spill. Et luet ee sech d’App erof, erstellt säi Profil. Wéi al sinn ech, wéi grouss, wat si meng Hobbyen an e puer witzeg Fakten, wann ee wëll. Ganz wichteg sinn online natierlech och d’Fotoen. Op d’mannst eng Foto, wou een d’Gesiicht gutt erkennt, soll een drop hunn. Dat gëtt deelweis souguer kontrolléiert. An dann geet et un d’Swipen.

Et kritt een d’Profil vun anere Notzer ugewisen. Gefält d’Persoun engem, wëscht een no riets, fënnt ee se net flott, da wëscht een no lénks. Hu béid Notzer no riets geswiped, wéi een dat nennt, dann huet een e Match an et kann ee matenee schreiwen a sech kenneléieren.

Wat gëtt et vun Optiounen?

Déi bekanntsten App ass Tinder. Dës huet nämlech ronn 50 Milliounen Notzer a kann an 190 Länner weltwäit genotzt ginn. Hei gëtt et eng gratis Versioun mat de Basics. Wëll een dann onendlech vill Häerzer verdeelen oder méi Succès hunn, da muss een an d’Täsch gräifen. D’Chance op Léift kann hei bis zu 30 Euro de Mount kaschten.

Alternativ gëtt et zum Beispill Bumble, Badoo, Lovoo oder och Hinge. D’Applikatioune funktionéierte gréisstendeels nom selwechte Prinzip an och hei kann ee se ageschränkt fir näischt notzen. Fir méi Virdeeler ze kréien, muss een ebe bezuelen. Dat si bei dem engen 8 Euro bei dem anere 15 Euro de Mount.

Haaptsächlech ginn esou Datingapps vun der Generatioun Z genotzt. Also vu Leit, déi tëscht 18 an 30 Joer al sinn. Eng Altersaschränkung gëtt et awer net an och Leit iwwer 30 kënnen do no der grousser Léift oder neie Bekanntschafte sichen.

Dating-Frust oder awer Succès?

Wéi eng ganz Partie Etüde weisen an een et och am Ëmfeld villäicht scho matkrut, ass et méiglech, e feste Partner op Tinder, Bumble a Co. ze fannen. Am Joer 2023 haten zum Beispill 21 Prozent vun de Befroten an enger Etüd uginn, dass si hire Partner op enger Datingapp kennegeléiert hunn.

RTL

© AFP

Esou einfach, wéi dat an de Reklammen duergestallt gëtt, ass et net. Eng Etüd aus Norwegen zum Beispill huet erausfonnt, dass een am Duerchschnëtt 291 Matches brauch, bis ee säi Partner fënnt. Et brauch een also e laangen Otem. Onlinedating heescht nämlech vill Small Talk, dacks e puer Leit gläichzäiteg kenneléieren, méi wéi ee Rendez-vous goen an och méi Ofsoen akasséieren, wéi dat am net virtuelle Liewe warscheinlech de Fall wier.

Onlinedating kann tatsächlech un déi mental Gesondheet goen, soen eng Partie Soziologen a Psychologen. Am Internet kann eng Persoun einfach net méi äntweren oder ouni Virwarnung e Match opléisen. Esou oft rejetéiert ze ginn, kann un d’Substanz goen an een u sech zweiwele loossen. An d’Swipe kann effektiv süchteg maachen an et huet een esou e grousse Choix, dass een ëmmer no enger besserer Optioun sicht. D'Singele ginn op méi Dates, huele sech awer manner Zäit fir eenzel Persounen. Et gi manner Emotiounen investéiert an oder gi sech munchmol méi Diere gläichzäiteg opgehalen. Wat et ëmmer méi schwiereg mécht, sech op eng Partnerschaft anzeloossen.

Dofir ass souguer schonn d’Fro opkomm, ob déi nei Generatiounen Bezéiungsonfäeg ginn. Mä och de Begrëff Datingfrust a souguer Dating-Burnout ass domat opkomm.

An dësen Datingfrust huet Konsequenzen.

Datingappen hu wärend der Corona-Pandemie e grousse Boom erlieft, well d’Single sech net méi dobausse kenneléiere konnten. Elo mam groussen Zäitopwand ouni Resultater, ginn ëmmer méi Notzer d’Datingappen op.

An och an der Lëtzebuerger Stroossen waren d'Leit allgemeng net vum virtuellen Dating iwwerzeegt.

Vältesdag: Tinder, Bumble & Co.
Tinder, Bumble a Co: Wat haalt Dir dovunner?