Danzen, Therapie fir d'Séil
Danze ka jiddereen, et muss ee sech just trauen. Danze kann ee professionell maachen, awer och als Hobby. Danze verbënnt.
Beim Danze geet et net, fir vun A op B ze kommen, mee fir all Schrëtt ze genéissen. Danzen heescht och, sech de Luxus erlaben ze kënnen, just ee selwer ze sinn. Danzen ass wéi Dreeme mat de Féiss.
Am Magazin si mir hannert d'Kulisse vun 2 Danzschoule luusse gaangen. Mir hu gekuckt, wéi Jonker an der Danzschoul Mireille Roulling sech op hire "Premier Bal" virbereeden, awer och wéi si den Dag selwer erliewen.
Mir waren awer och an d'Salsa-Danzschoul vun der Alessia Esposito a vum Jérôme Bouvier kucke gaangen, wéi d'Stëmmung ass bei Latäin-amerikaneschen oder bei aftro-karibeschen Dänz, wou och nach live kubanesch Musek gespillt gëtt.
Danzen ass definitiv erëm voll am Trend an dat net nëmme bei Seniore sonndes mëttes um Thé dansant, mee och bei Jonken, besonnesch bei hirem ganz perséinleche "Premier Bal".