Den 19. Juni krute 15 Leit hei zu Lëtzebuerg eng Auszeechnung an eng Medail wéinst hirem zivil Courage an hirer Bereetschaft.

Ënnert hinnen och den Helder Azevedo. Hien huet enger Fra d’Liewe gerett, andeems hie si aus engem brennenden Auto gezunn huet, deen op der Kopp louch. E gléckleche Familljepapp vun zwee Kanner an enger Fra huet säi Liewen op d’Spill gesat, fir dat vun enger friemer Persoun ze retten. An dofir krut hien elo eng Unerkennung.

Mir ware mam Helder beim Buergermeeschter zu Munneref, deen him och eng kleng Opmierksamkeet ginn huet als Merci fir seng Aktioun. Mir waren awer och bei him doheem, wou hien eis déi ganz tragesch Geschicht am Detail erzielt huet. Wat huet hie motivéiert? Wat ass him deen Ament selwer duerch de Kapp gaangen a wéi schwéier ass et fir hien, wann hien all Dag no der Schaff op där Plaz laanscht fiert ? Eng Geschicht, déi weist, dass jidderee kann hëllefen, amplaz an esou Situatioune mam Handy ze filmen, fir Klicks ze kréien.