Versteet fir de Mindestpräis

© Kiran RIDLEY and Kiran RIDLEY / AFP
Iwwerraschung zu Paräis. Fir dem verstuerwene Moudendesigner säin Haus gouf et just een Interessent. Beim Mindestpräis ass den Hummer gefall.
D'Villa des Voisins zu Louveciennes mat ronn 600 Quadratmeter Wunnfläch ass en Dënschdeg de Moien an der Paräisser Haaptstad versteet ginn. De Karl Lagerfeld hat d'Haus viru 15 Joer kaaft, ier et 2022 un en Investisseur goung.
Bei enger sougenannter "Käerze-Stee" koum d'Immobilie ënnert den Hummer. Bei där Zort Stee huet ee just esou laang Zäit ze bidden, wéi zwou Käerze brennen. All Käerz brennt tëscht 15 an 30 Sekonnen. Fir dierfe matzemaachen, huet een eng Kautioun vun 927.000 Euro missen hannerleeën. Déi Responsabel vun der Stee waren dovun ausgaangen, dass et zwee Interessente géif gi fir d'Haus. Mee um Enn war et just een.
Zwee Männer, déi eng Famill aus Dubai vertrueden hunn, souzen um Dësch, an ee vun hinnen huet d'Hand gehuewen, fir 50.000 Euro ze bidden. An domat war d'Stee scho fäerdeg. Fir 4.685.000 Euro geet de Besëtz iwwer un d'Leit aus Dubai, déi anonym wëlle bleiwen. Si sollen zu Monaco eng Firma hunn a wéilten als Fans vum Karl Lagerfeld an als Couture-interesséiert Leit dra liewen.