Der Jill Wagner hire Wee op den Troun war eng "Turbo-Versioun". No just engem Joer als Prinzessin gëtt si den 12. September offiziell déi 75. Wäikinnigin.

E knappe Mount virun hirer Kréinung hunn ech déi zukünfteg Wäikinnigin zu Gréiwemaacher bei der Kapell - eng speziell Plaz fir d'Maacher Meedchen - getraff. D'Jill Wagner huet mir verroden, firwat si schonn ëmmer Wäikinnigin wollt ginn, wat dat haut bedeit a wéi si an déi ongewéinlech Situatioun koum, just ee Joer Prinzessin ze sinn, éiert si gekréint gëtt.

"Turbo"-Joer fir nei Prinzessin

An engem knapp Mount gëtt d'Jill Wagner gekréint. Den Titel vun der Wäikinnigin ass hir awer schonn iwwert ee Joer sécher. D'Jill Wagner gëtt nämlech net wéi üblech no véier Joer eréischt Kinnigin, mä no engem. "Eng Turbo-Versioun", wéi d'Jill Wagner et beschreift.

Fir d'Jill Wagner war hir Zäit als Wäiprinzessin eng "Turbo-Versioun"
Déi 75. Wäikinnigin erkläert, wisou si just ee Joer laang Prinzessin ass, amplaz vu véier.

Aus private Grënn haten zwou Prinzessinnen opgehalen, wouduerch d'Jill an d'Anne nogerutscht sinn. Well d'Jill dat eelst ass an d'Lynn, dat eigentlech dru gewiescht wier, awer méi laang wollt Prinzessin bleiwen, ass d'Kroun un d'Jill gaangen. Déi zukünfteg Wäikinnigin zitt awer "keng negativ" Effekter aus der kuerzer Zäit. Si hätt vill vun der aktueller Kinnigin Anne-Catherine geléiert a géing sech no de ville Fester an hirem éischten a leschte Joer als Prinzessin "prett" fir d'Roll vun der Wäikinnigin fillen.

D'Kréinung vun der Wäikinnigin Anne-Catherine Schiltz 2024
Si kennt vu Gréiwemaacher an ass 21 Joer al. Si vertrëtt elo wärend 12 Méint d'Lëtzebuerger Musel an de Wäin. Hir Mamm war och scho Wäikinnigin.

An d'Traditioun eragebuer 

Als Maacher Meedchen ass d'Jill Wagner an d'Traditioun vun der Wäikinnigin eragebuer. Schonn als Kand hätt si "ëmmer d'Kinniginne gekuckt" a sech gewënscht, och enges Daags d'Kroun kënnen opzesetzen. 2025 feiert d'Maacher Wäifest 75 Joer an domat ass et och déi 75. Kréinung vun der Wäikinnigin.

"Ambassadrice fir de Wäin" 

Déi 20 Joer al Jill Wagner beschreift d'Roll vun der Wäikinnigin als "Ambassadrice fir de Wäin zu Lëtzebuerg". Si representéiert déi ganz Wäiregioun – am In- an Ausland. A 75 Joer hätt sech virun allem verännert, datt d'Wäikinniginnen duerch Fotoen an de soziale Medie "vill méi ronderëm kommen". Déi sozial Medie wieren awer keen negativen Aspekt. Et wieren éischter gutt Plattformen, fir de Wäi vun der Regioun ze promouvéieren. Esou wier d'Roll vun der Wäikinnigin haut nach vill méi wichteg.

Als Wäikinnigin ass een "Ambassadrice fir de Wäin zu Lëtzebuerg"
D'Jill Wagner erkläert, wat et haut bedeit, Wäikinnigin ze sinn a wat sech a 75 Joer geännert huet.

D'Wäikinnigin an hir Prinzessinne sinn deemno ëmmer den Aen an der Kritik vun der Ëffentlechkeet ausgesat. Negativ Erfarungen huet d'Jill Wagner bis elo als Wäiprinzessin weder an der Ëffentlechkeet, nach an de soziale Medie gemaach. Et wier esou, datt si "éischter positive Feedback" kréich. Déi zukünfteg Wäikinnigin seet awer selwer, datt si Mobbing oder Bodyshaming "gutt ofschalte" kéint an dat net u sech eruloosse géing. Ausserdeem wier si duerch hir Prinzessinne Lynn, Anne an Noémie ni eleng op de Fester.

Wäikinnigin sollt "vläicht och de Wäi gären hunn"

Och wa si sech selwer als "e bëssen eng schei Persoun" gesäit, wier si "gäre mat de Leit". An dat bräicht een och fir Wäikinnigin oder -prinzessin ze ginn. Et misst een "oppe sinn, fir nei Leit kennenzeléieren, a vläicht och de Wäi gären hunn, einfach matmaachen a sech trauen, virun de Leit ze stoen".

Fir hir Kréinung huet d'Jill Wagner decidéiert, hir Ried eleng ze schreiwen. Si wëll dat, wat dra steet, zu 100% vertrieden an dat an hire Wierder. An och, wéi een d'Ried richteg virdréit, soll geléiert sinn. Déi ganz Virbereedunge fir d'Kréinung géinge si allgemeng "net sou nervös" maachen. Ma datt et déi 75. Kréinung ass, wier scho méi eng speziell Éier.

Am Moment bereet sech d'Jill Wagner op hir Kréinung vir
Den 12. September gëtt déi 75. Wäikinnigin gekréint. Virdru mussen awer nach e puer Saache preparéiert ginn.

Wäi bréngt d'Leit zesummen

Nieft dem Wäibau als wichtege Secteur fir d'Muselregioun gesäit déi zukünfteg Wäikinnigin de Wäi virun allem och als Produit, deen d'Leit zesumme bréngt an deen ze genéissen ass. Gréisst Erausfuerderung fir de Wäibau zu Lëtzebuerg wieren de Klimawandel an d'Krankheeten, déi d'Drauwe kënne kréien. Ma si wier sech sécher, datt d'Fuerschung Mëttel fënnt, "fir dass och d'Drauwen de Klimawandel besser iwwerstoen". Donieft misst och weider an d'Ziichte vu méi resistenten Zorten investéiert ginn.

Tipp fir zukünfteg Prinzessinnen a Kinniginnen

Zukünfteg Wäiprinzessinnen a -kinniginne sollten "ëmmer oppe sinn, ëmmer den Job gäre maachen an da bréngt een dat alles gutt eriwwer an et huet een och vill Spaass". Meedercher, déi schonn ëmmer emol Wäiprinzessin oder -kinnigin wollte ginn an op d'mannst 16 Joer hunn, kënne sech beim Comité des fêtes vu Gréiwemaacher mellen.

D'Kréinung vun der 75. Wäikinnigin ass freides den 12. September um 20 Auer am Centre Culturel Machera. Dat 75. Drauwen- a Wäifest geet vum 12. bis de 14. September mat der Kréinung, Concerten, engem Fakelzuch a Freedefeier.