E Mëttwoch ass et souwäit: Norwegen seet dem verstuerwene Kinnek Harald V. Äddi, deen den 28. August am Alter vun 89 Joer gestuerwe war.
Zu Oslo gouf eng grouss Trauerzeremonie organiséiert, bei där vill europäesch Kinnekshaiser an och Staatscheffe vertruede sinn. Dorënner Memberen aus dem hollänneschen a schweedesche Kinnekshaus, de Prënz Albert vu Monaco an och déi dänesch, spuenesch a belsch Kinnekskoppel.
Och Lëtzebuerg ass mat dobäi: De Grand-Duc Guillaume, d'Grande-Duchesse Stéphanie an de Grand-Duc Henri sinn op Oslo gereest. Et war déi éischt Renconter mat der norweegescher Krounprinzessin Mette-Marit, zanterdeem erauskomm ass, datt si sech am Joer 2012 an engem Email-Verlaf mam Jeffrey Epstein negativ iwwer d'Feierlechkeete vun der Hochzäit vum Grand-Duc Guillaume geäussert hat.
Mat dobäi war och de Bouf vun der Krounprinzessin, de Marius Borg Hoiby, deen aktuell an Untersuchungshaft sëtzt a wéinst zweefacher Vergewaltegung zu véier Joer Prisong verurteelt gouf.
E Mëttwoch ëm 12 Auer gouf de Sarg an engem feierleche Cortège vum kinnekleche Palais an den Dom zu Oslo bruecht. Fir den Transport loung de Sarg op enger Aart Kanoune-Gestell, dee vun engem schwaarzen Auto gezu gouf. Dobäi sinn de Kinnek Haakon VIII., d'Krounprinzessin Ingrid Alexandra, de Prënz Sverre Magnus an d'Prinzessin Märtha-Louise ze Fouss niewendru gelaf. D'Kinnigin Mette-Marit an d'Wittfra Sonja haten de Cortège am Auto suivéiert.
Ëm 13 Auer huet d'Trauermass am Dom vun Oslo ugefaang, déi vum Bëschof Olav Fykse Tveit, der Bëschofin Sunniva Gylver sou wéi vum Domorganisateur Marcus André Berg geleet gouf. Fir den Optakt gouf et a ganz Norwegen eng Schweigeminutt, déi jeeweils mat dräi Klacklauten ugefaangen an opgehalen huet. Duerno hunn ënner anerem de Parlamentspresident an de Premier Gedenkrieden gehalen.
No der Trauermass gëtt de Kinnek Harald V. dann am kinnekleche Mausoleum bäigesat. Den Ofschloss vun der Trauerfeier mécht eng privat Zeremonie vun der kinneklecher Famill, wou dann all déi international Gäscht, dorënner och de Grand-Duc Guillaume, d'Grande-Duchesse Stéphanie an de Grand-Duc Henri, deelhuele wäerten.
Fir dat ganzt Begriefnes gëllen zu Oslo streng Sécherheetsmesuren an et sinn och vill Stroossen an der Stad selwer gespaart.
E Mëttwoch hänken dann och hei am Land d'Fändelen um Palais an um Schlass zu Colmer-Bierg op Hallefmast.