DänemarkFréier Kinnigin Margrethe no Malaise am Spidol

AFP, iwwersat vun RTL
Déi fréier dänesch Staatscheffin gëtt op en Neits wéinst engem Hämatom am Beräich vun der Hëft behandelt.
Die frühere dänische Königin Margrethe ist nach einem Schwächeanfall ins Krankenhaus eingeliefert worden. Sie sei am Sonntag ins Rigshospitalet gebracht worden, teilte das Königshaus in Kopenhagen mit.
Déi fréier dänesch Kinnigin Margrethe
© Ritzau Scanpix/AFP/Archiv

Déi fréier dänesch Kinnigin Margrethe ass no engem Malaise an eng Klinik komm. Si wier e Sonndeg an d'Rigshospitalet bruecht ginn, heescht et vum Kinnekshaus zu Kopenhagen. Déi fréier Kinnigin, déi am Abrëll hire 86. Gebuertsdag gefeiert hat, gëtt deemno wéinst engem Hämatom bei der Hëft souwéi engem liichte Flëssegkeetsmangel behandelt a soll déi nächst Woch am Spidol bleiwen.

"De Kinnigin Margrethe ass trotz den Ëmstänn gudder Déng an et geet hir gutt", verséchert de Palais. Si wäert awer e Mëttwoch net beim Begriefnis vum verstuerwenen norweegesche Kinnek Harald V. dobäi sinn.

Et ass schonn déi drëtt Kéiert, datt déi fréier Kinnigin dëst Joer an engem Spidol ass. Mëtt Mee war si um Häerz operéiert ginn. Kuerz no hirem Retour aus der Klinik war si gefall a wéinst engem gréisseren Hämatom bei der Hëft op en Neits an d'Spidol bruecht ginn.

Déi fréier Staatscheffin huet zanter méi laangem mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen. D'Margrethe war 52 Joer laang Kinnigin, éier si am Januar 2024 ofgedankt huet an hire Bouf Frederik Kinnik gouf.

Back to Top
CIM LOGO