
De Jörg Kachelmann ass bekannt wéinst senge Wiederprevisiounen. Am 'Café des artistes' beim Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel zielt de Mann, deen och Pub'en gemaach huet a bei '7 Tage 7 Köpfe' nieft dem Rudi Carrell souz, iwwer seng Elteren a wéi hien bei d'Wieder koum.
Mir héieren wat hien vun Teleprompter hält, firwat hien net gär vu vir gefilmt gëtt. Et geet ëm säin Bouf, déi Schwäizer Fussballnationalekipp a seng Karriär virun der Zäit als Meteorolog. Hien denkt driwwer no, d'Pensioun ze huelen a verréit firwat hien de Schwäizer Pass huet. Piano: Marc Schmidt
Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.