
Wéi Ponts et Chaussées matdeelen, ass den 1. September 2026 den Optakt vun der zweeter Maintenance- a Botzcampagne vun den Autobunnstunnellen fir dëst Joer. Ugefaange gëtt mat Tunnellen zu Colmar-Bierg an zu Schieren.
Et ginn hei preventiv Maintenance-Aarbechten um Sécherheetsequipement duerchgefouert, respektiv futtis Elementer ersat. D'Equipementer gi gepréift an d'Tunnelle gi gebotzt.
Fir sou wéineg wéi méiglech Impakt op den Trafic ze hunn, ginn d'Aarbechte och dës Kéier nees gréisstendeels nuets duerchgefouert.
Tunnelle Grouft, Rëngelbour, Stafelter, Gousselerbierg, Miersch, Rouscht, Colmar-Bierg, Schieren, Houwald, Cents, Richard Serra, Kierchberg, Saint-Esprit, Pénétrante-Sud, Märel, Péiteng-Kierch, Biff, Accès secondaire Esch-Belval, Micheville, Aessen, Éilereng, Féiz, Fréiseng, Munneref a Markusbireg.
