Robbie Williams: Label "Farrell" ass faillite

© AFP (Archivbild)
Zanter 2011 besëtzt de Sänger Robbie Williams eng eege Moudefirma, bekannt ënnert dem Label "Farrell". Elo huet d'Firma Insolvenz ugekënnegt.
Moud fir Männer mat enger Mëschung tëscht britescher Traditioun a modernem Stil wollt de Robbie op déi Manéier ënnert d'Leit bréngen. Elo schéngt den Dram vum 39 Joer ale Sänger awer definitiv geplatzt.
Viru Kuerzem eréischt huet de Robbie Williams zu London säin éischte Pop-up-Store opgemaach, deen huet no 6 Wochen awer nees missten zoumaachen well d'Firma faillite gaang ass.
De Label gouf nom Williams sengem Grousspapp Jack Farrell benannt a fir den Design war de fréiere Chefdesigner vu Burberry verantwortlech, de Ben Dickens.