Déi britesch Consulting-Firma Skytrax sicht all Joer déi bescht Fluchhäfe vun der Welt an dëst Joer geet deen Titel un den Changi Airport zu Singapur.

Wee schonn eng Kéier zu Singapur war, weess wéi propper a geraumt an dësem Land alles ass. Do ass et och net verwonnerlech, datt de Fluchhafen Changi scho méi dacks ausgezeechent gouf. En Tapis-Plain vun deem een ouni Bedenke kéint iessen, e soberen an agreabelen Design, vill a flott Shopping-Méiglechkeeten an natierlech eng iwwersiichtlech Signalisatioun, sou datt ee sech iwwerall gutt erëmfënnt.

Fir d'World Airport Awards si knapp 13 Millioune Clienten aus 110 Länner befrot ginn. Den Changi Airport géif weisen, wéi een aus engem Fluchhafen en agreabelen Deel vun enger Rees kéint maachen, sou de Skytrax-Chef Edward Plaisted.

RTL

Och d'Cargolux land regelméisseg zu Singapur / © Changi Airport Group

Top 10 vun de beschte Fluchhäfen vun der Welt:
1. Changi Airport, Singapur
2. Incheon International Airport, südlech vu Seoul a Südkorea
3. Flughafen München, Däitschland
4. Hongkong International Airport
5. Schipol Amsterdam, Holland
6. Tokia-Haneda, Japan
7. Beijing Capital International Airport, China
8. Flughafen Zürich, Schwäiz
9. Vancouver International Airport, Kanada
10. London Heathrow, Groussbritannien

Domat behale Singapur a Incheon hir Plazen. D'Fluchhäfe vu München an Amsterdam wiesselen hir Plazen.