Grousst Gespréich ëm säi grousse Kierperdeel

An den USA zielt de Shaun Ross zu de bekannsten an aussergewéinlechste männleche Modelen, wat hien och dem Fait ze verdanken huet, datt hien en Albino ass.
Och als Acteur hat den New Yorker e puer kleng Rollen an ass niewebäi an engem Videoclip vum Katy Perry opgetrueden.
Elo spillt de 24 Joer alen Amerikaner dann och d'Haaptroll am neie Clip vun der Band "Braves" a suergt domat fir vill Gespréichsstoff. De Video usech ass net wierklech spannend. Et gesäit een d'Mier a lues a lues klëmmt de Ross ganz plakeg aus dem Waasser ... an do bréngt hien esou munches mat ...
Datt do alles original ass, woen awer an de Commentaire vill Leit ze bezweiwelen. De Shaun Ross selwer huet sech och kuerz geäussert, ma fir Opklärung suergt dat net.
Datt d'Band de Shaun Ross konnt fir dëse Optrëtt gewannen, dierft sécher och hire Bekanntheetsgrad e gutt Stéck no vir bréngen ... si hunn also alles richteg gemaach, och wann d'Lidd selwer vläit zur Niewesaach gëtt.