Lëtzebuerg ass "Bescht Jugendherbergland 2010"

Hostelling International (HI) huet seng „Best Hostel Awards 2010“ bekannt ginn. Lëtzebuerg gëtt fir d'4. Kéier hannerteneen "Bescht Jugendherbergland".
[rating]77.000 Gäscht aus der ganzer Welt hu sech entscheed: Die bescht Jugendherberge vun der Welt fënnt een an Thailand, an den USA, an Australien, a Japan an zu Lëtzebuerg.
Dës gouf um Mëttwoch bekannt wéi Hostelling International (HI) d'Gewënner vun de „Best Hostel Awards 2010“ annoncéiert huet.
D'„HI Best Hostel Awards“ ginn un déi Jugendherbergen déi um Site hihostels.com déi bescht Appreciatioune vu Cliente kritt hunn.
All Jugendherberg kann nëmmen an enger Kategorie d'Joer gewannen a muss mindenstens 50 Bewäertunge vu Cliente kritt hunn. 4.000 Jugendherbergen an 90 Länner gehéieren zum Reseau vun Hostelling International (HI).
Bescht Jugendherberg 2010 ass den HI Hostel Baan Dinso zu Bangkok. Déi frëndlechst Jugendherberg ass zu Hyannis an den USA. Déi komfortabelst fënnt een zu Sidney an Australien. Déi propperst ass d'"Shin-Osaka" a Japan. Déi mam effizientesten Service läit op der bekannter amerikanescher Insel "Martha's Vineyard".
Lëtzebuerg huet also den "Best Hostel Award 2010" vun der Associatioun Hostelling International kritt, an dat wéinst senger héijer Moyenne bei de Bewäertunge vun den 10 Lëtzebuerger Jugendherbergen: Beefort, Buerglënster, Iechternach, Huelmes, Fiels, Lëlz, Stad Lëtzebuerg, Schengen/Remerschen, Veianen a Wooltz.
Top-Jugendherbergen no Regioun
Asien-Pazifik
1. Bangkok - HI Baan Dinso Thailand 97%
2. Osaka - Shin-Osaka YH Japan 94%
3. Sydney Harbour YHA Australien 94%
4. Peking - Peking Youth Hostel China 93%
5. Hangout@mt.emily Singapur 92%
6. Ein Gedi Israel 90%
7. Kioto - Utano YH Japan 90%
8. Massada Israel 89%
9. Wellington City YHA Neuseeland 89%
10. Peking Heyuan International YH China 89%
Europa
1. Lerwick Schottland 96%
2. Reykjavík Downtown Island 93%
3. Flåm Norwegen 93%
4. Cancale - Mont St. Michel Frankreich 92%
5. Basel Schweiz 92%
6. Köln - Pathpoint Cologne Deutschland 91%
7. Bristol YHA England 91%
8. Malmö City Schweden 91%
9. Berunes Island 91%
10. Balestrand Norwegen 91%
Amerika
1. HI - Hyannis USA 96%
2. HI - Point Reyes Station USA 94%
3. HI - Martha's Vineyard USA 94%
4. HI – Nantucket USA 93%
5. HI - Pescadero - Pigeon Point Lighthouse USA 93%
6. HI - Monterey USA 92%
7. HI - Montara - Point Montara Lighthouse USA 92%
8. HI - San Diego - Point Loma USA 91%
9. Calafate - Hostel del Glaciar Libertador Argentinien 91%
10. HI - Baltimore USA 91%