E Sonndeg den Owend ass d'Lëtzebuergerin Christina Rodrigues bei "The Voice of Germany" un den Depart gaangen an der Kategorie "Battles".

An de Blind Auditions hat déi 21 Joer jonk Fra en éischter onbekannten a rouegen Titel vum Erykah Badu, "On and On", gesongen an d'Jury begeeschtert.

RTL

D'Christina war awer fir d'éischt onsécher, wéi de Battle géint de Sebastian mat dem Gospel-Song Oh Happy Days bekannt gemaach gouf. Si hunn an der Emissioun eng ganz gefillvoll Prestatioun vum Lidd presentéiert.

D'Fanta4 haten de Sebastian en Tick besser fonnt.

RTL

D'Yvonne Catterfeld huet sech och fir de Sebastian entscheet. Et war den Out fir d'Christina.

RTL