7 Joer huet de Fränz Hausemer gebraucht bis den Documentaire „De Schwaarze Mann – un noir parmi nous“ iwwert den 1. schwaarze Lëtzebuerger fäerdeg war.

De Jacques Leurs war de Fils vun enger Kongolesin an engem Lëtzebuerger, dee fir eng Compagnie an der belscher Kolonie Kongo geschafft huet. Säi Papp huet hien 1912 op Lëtzebuerg bruecht, geet awer selwer nees zréck an de Kongo.

AUDIO: 1. schwaarze Lëtzebuerger/Reportage Claudia Kollwelter

Den Documentaire ass awer och d’Geschicht vun enger grousser Léift. D'Léonie Leurs schwäermt nach haut vun hirem Mann, mat deem si 1938 bestuet gouf. "Hie wor schéin! Hie war grouss, 1.80 Meter, e Sportsmann. Hie wor wéi eng Raphael-Statu. Do wor eng Simbios vun Ufank un. Hien hat e bessere Charakter wéi all déi aner Leit, déi soss ronderëm mech waren", sou d’Léonie Leurs.

RTL

Haut ass d' Léonie Leurs 100 Joer al a schwäermt nach ëmmer vun hirem Mann.

D'Wittfra erënnert sech am Documentaire nieft de schéine Momenter och u schwéier Zäiten, besonnesch als éischt gemëscht-rasseg Koppel am Grand-Duché. Mä hiren Zesummenhalt huet och d'Besetzung duerch d'Nationalsozialisten net kënne briechen.

Dono huet de Jacques Leurs richteg Carrière gemaach. 1947 gëtt hien den alleréischte Sekretär vum nei gegrënnten CFL-Verwaltungsrot, setzt sech fir d'Gewerkschaften an Afrika an, gëtt Gemengeconseiller an der Stad a stellt sech fir d'Chamberwahlen op.  Ëmmer u senger Säit seng Fra Léonie, bis hien 1968, 2 Méint virun de Wahlen, un de Suitte vun engem diabetesche Koma, am Alter vun 58 stierft.

RTL

Aus dem Jacques Leurs senger aussergewéinlecher Liewensgeschicht, ka jiddereen eppes Ënnerschiddleches fir sech zéien, sou de Realisateur Fränz Hausemer: "Am Prinzip huet de Film kee Message. Wann do Parallelen mat haut gezu ginn – tant mieux – dat fanne ech och ganz interessant. Mä et ass net u mir ze soen, wat d’Leit denke sollen".

„De Schwaarze Mann – un noir parmi nous“ ass en Documentaire iwwert eng grouss Léift, Politik a Gewerkschaften, d'Roll vu Lëtzebuerger an afrikanesche Kolonien – a virun allem d'Schicksal vun engem Mann, dee sech net eleng duerch seng Hautfaarf definéiert huet.

Den Documtaire kann ee sech vum 28. Mäerz un am Ciné Utopia ukucken.