E Freideg goufen déi nei Reegele fir den Eurovision Song Contest offiziell virgestallt.

D'European Broadcasting Union (EBU), déi hannert der Organisatioun vum Eurovision Song Contest steet, huet e Freideg per Communiqué direkt e puer Neiheeten fir déi 70. Editioun annoncéiert. Wéi doranner betount gëtt, wieren d'Reegele fir Wien dobäi praktesch vu Grond op opgeschafft ginn.

"Mir hu nogelauschtert a mir hunn agéiert", esou d'EBU. Deemno soll nach méi e grousse Fokus op d'Fairness geluecht ginn, dat andeems nei Reegelen opgesat goufen, wärend déi existéierend nach méi streng sollen observéiert ginn.

Wat ännert sech konkret? Virop soll verhënnert ginn, datt den Ausgang vun der Competitioun op unfair Manéier beaflosst gëtt. Dëst ass warscheinlech zeréckzeféieren op déi iwwerraschend zweete Plaz fir Israel – ugedriwwe vun enger éischter Plaz am Publikumsvott – beim ESC 2025 zu Basel, wat fir vill Mësstrauen ënnert de Fans gesuergt hat.

Nodeems déi israeelesch Regierung dëst Joer aktiv fir hir Kandidatin Yuval Raphael online Reklamm gemaach hat, ënnersträicht d'EBU elo, datt besonnesch Institutiounen a Gouvernementer sech aus der Promotioun vu bestëmmte Kandidate mussen eraushalen.

Wat déi maximal Zuel vu Stëmmen ugeet, sou gouf hei d'Limitt vun 20 op 10 Stëmme pro Bezuelung erofgesat. Och ginn d'Halleffinallen elo zu 50 Prozent vun enger Jury an zu 50 Prozent vum Publikum entscheet. D'Zuel vu Jury-Memberen, déi méi breet gefächert ausgewielt solle ginn, klëmmt iwwerdeems vu fënnef op siwen.

Dem Communiqué no sollen och déi technesch Sécherheetsmesuren ausgebaut ginn, fir sécherzestellen, datt et net zu Fraude kënnt. "Dës Mesurë goufen entworf, fir de Fokus dohinner ze leeën, wou en higehéiert – op Musek, Kreativitéit, a Verbindung", sou d'Organisateuren.

No der Victoire vum Éisträicher JJ am Joer 2025 fënnt déi nächsten Editioun vum Eurovision Song Contest zu Wien statt, dat vum 12. bis de 16. Mee 2026. Wie fir Lëtzebuerg untrëtt gëtt wéi all Joer beim Luxembourg Song Contest am Januar decidéiert, dat mat dësen aacht Kandidaten.