De Museker vun der faméiser Grupp "Fugees" hat dem fréieren US-President seng Reelektioun onerlaabt ënnerstëtzt.

De Rapper soll tëscht 2012 an 2017 an d'Transaktioun vu méi wéi 120 Milliounen Dollar implizéiert gewiescht sinn. En Deel vun där Zomm hätt hien illegal an d'Campagne vum Barack Obama senger Reelektioun ageschleist. D'Geld soll vum malaysesche Finanzmann Low Taek Jho gestaamt hunn, deen entretemps ofgetaucht ass. Well am amerikanesche Walkampf auslännesch Spende verbuede sinn, wiere se iwwer Offshore-Societéiten a Stréimänner realiséiert ginn.

Schonn am Fréijoer 2023 war de Prakazrel Michel an zéng Uklopunkten, dorënner Verschwierung, Geldwäsch an illegal Lobbyaarbecht, schëlleg gesprach ginn. An deem Prozess war och den Hollywoodacteur Leonardo Di Caprio gehéiert ginn. Duerno war de Rapper op Kautioun op fräiem Fouss. Den 52 Joer ale Museker hat refuséiert, sech virun der Annonce vum Strofmooss nach emol ze äusseren.

De Parquet hat souguer liewenslängleche Prisong gefuerdert, well de Museker "säi Land verroden an ouni ze zécke gelunn hätt, fir seng Ziler z'erreechen". Dem Michel seng Verdeedegung ass dogéint der Meenung, dass d'Strof a kengem Verhältnis zum Vergoe géing stoen, an huet annoncéiert, an Appell wëllen ze goen.

Donieft ass dem Rapper och virgehäit ginn, hien hätt als geheimen Agent vun enger auslännescher Regierung operéiert. 2017 soll hie fir China illegal Lobbyaarbecht bei der éischter Administratioun Trump bedriwwen hunn.

De Pras Michel, deen zu Brooklyn als Kand vun haitianeschen Awanderer op d'Welt komm ass, huet zesumme mam Lauryn Hill a mam Wyclef Jean als "Fugees" zwee Grammye gewonnen an zeg Milliounen Albume verkaaft.