Vum 21. bis den 23. November ass déi 11. Editioun vun der Luxembourg Art Week an der Stad.

Wéi gewinnt, fënnt een och dëst Joer nees dat grousst Zelt mat der Haaptausstellung um Glacis. Hei stellt dee gréissten Deel vun de Galerien an Institutiounen, déi bei der Luxembourg Art Week matmaachen aus. All zwee Joer läit de Fokus op enger anerer Gaascht-Stad. 2021 war et Bréissel, 2023 Wien an dëst Joer ass et Montreal. 4 Galerien kruten d’Méiglechkeet hir Kënschtler am Grand-Duché ze representéieren.
 
Nieft dem Zelt um Glacis huet d’Luxembourg Art Week awer och e grousse Kaderprogramm ze bidden. Den Art Walk, dee schonn zanter dem 15. November op ass, bitt deemno d’Méiglechkeet, och ouni en Entréesticket Konscht ze erliewen an dat duerch déi ganz Stad verdeelt. Um Skulpturen-Trail kann een zum Beispill bei engem Spadséiergang déi ënnerschiddlechste Skulpturen entdecken. Bei de sougenannte "Capsules", déi am vergaangen Joer fir d’éischt op der Luxembourg Art Week ze gesi waren, verwandele sech verschidde Fënstere vu verloossene Butteker an temporär Ausstellungsraim, déi een Dag ewéi Nuecht ka kucke goen.
 
Dee ganze Programm fannt dir op luxembourgartweek.lu.