Gläich soll et nees lassgoe mat der "True Crime"-Serie "Marginal", ma donieft gëtt och eng nei Serie lancéiert.

Wéi Samsa Film en Donneschdeg de Mëtteg matgedeelt huet, wier een mat der Ënnerstëtzung vun RTL aktuell an der Preparatiounsphas vun zwou Lëtzebuerger Serien fir d'nächst Joer.

Scho gewosst war jo, dass "Marginal", realiséiert vum Loïc Tanson, an déi zweet Ronn geet. Dat gouf Ufank August confirméiert, nieft der antëscht drëtter Fortsetzung vu "Capitani". Ma elo kënnt nach eng nei Serie dobäi.

D'Spionage-Comedie "Lazarus"

"Lazarus", realiséiert vum Max Jacoby, ass eng lëtzebuergesch Serie vu 6 Mol 30 Minutten.

Nei Gesiichter bei "Marginal"

No der éischter Saison Ufank 2025 kënnt d'Serie zréck mat enger zweeter Saison, déi tëscht 1912 an 1917 spillt. Nieft Schauspiller wéi dem Jules Werner, Timo Wagner, Margarida Domingos a Marie Jung, wäerten och eng Rei nei Gesiichter an der Krimiserie ze gesi sinn.

Gesicht fir "Marginal"

  • jonk, däitschsproocheg Männer tëscht 18 an 30 Joer fir däitsch Zaldoten aus dem éischte Weltkrich ze spillen
  • Schauspillerfarung ass vu Virdeel, awer net zwéngend néideg

Gesicht fir déi zwou Serien:

  • Statiste vun all Alter, all Gender an all Nationalitéiten
  • Erfarung ass net néideg
  • Statiste gi selbstverständlech bezuelt

Den Tournage fänkt tëscht Ufank vum Joer 2026 a spéide Fréijoer d'nächst Joer hei am Land un. Am Fall vu "Marginal" wäerten e puer Zeenen an der Groussregioun gedréit ginn.

D'Ekipp vu Kinoshi Studio këmmert sech ëm d'Castinge vun den zwee Projeten. Gesicht ginn deemno Schauspiller, Silhouetten a Statisten.

Sidd Dir interesséiert, kënnt Dir Iech um Site Kinoshi Studio aschreiwen an Iech an d'Datebank androen.

Béid Serien lafen herno och am RTL-Programm. All déi aner Episode fannt Dir op RTL Play.