De 17. November waren déi bekannt däitsch Entertainerinnen am Alter vun 89 Joer gestuerwen.

Datt d'Zwillingsschwësteren Alice an Ellen Kessler, déi 1936 zesummen an d'Welt koumen, dës och zesummen nees verloosse wollten, war deemno scho méi laang vun hinne geplangt. Déi Däitsch Gesellschaft fir Humaant Stierwen (DGHS) huet dem Bayrischen Rundfunk deemno confirméiert, datt d'Schwësteren hiren Doudesdag selwer erausgesicht haten. Si haten all Virkéierunge getraff a sech am Prozess vun engem Jurist an enger Doktesch begleede gelooss.

Wéi et an däitsche Medien heescht, hätten d'Zwillingen am Virfeld hir Aboe gekënnegt an hätten enger gudder Frëndin ee Pak geschéckt, mat der Uweisung, de Pak eréischt den 18. November - also den Dag no hirem Doud - opzemaachen. De Wonsch, zesummen ze stierwen, haten d'Zwillinge wuel scho méi laang. D'Ellen Kessler sot der "Bild" am Joer 2024: "Am Doud vereenegt, esou hätte mir et gären - an dat hu mir och an eisem Testament festgehalen."

D'Zwillingen hate gesondheetlech Probleemer an d'Ellen Kessler hat viru kuerzem ee gréissere Schlag, huet eng Frëndin vun de Schwësteren dem "Bayrischen Rundfunk" géigeniwwer confirméiert. Dem "Münchener Merkur" no hunn d'Alice an Ellen Kessler och een Abschidsbréif hannerlooss, an deem ënnert anerem steet: "Äddi, dir Léiwer! Mir gesinn eis erëm op der Wollek 7."

Euthanasie ass elo nees Theema an der däitscher Politik

Den assistéierte Suicide vun de Kessler-Zwillinge léisst an Däitschland den Ament nees eng Debatt iwwer d'Euthanasie opliewen. Ënnert anerem de Gesondheetsminister Karl Lauterbach fuerdert, datt dréngend ee gesetzleche Kader misst geschaf ginn.

Wärend déi Däitsch Gesellschaft fir Humaant Stierwen (DGHS), déi d'Zwillingen op hirem leschte Wee begleet hat, an dësem Fall keng juristesch Grozon gesäit, ass den SDP-Gesondheetsminister der Meenung, datt déi aktuell Situatioun ethesch net ze vertriede wier. Dat sot hien der "Rheinischen Post géigeniwwer.

Zwar wier hie selwer fir d'Méiglechkeet vun engem assistéierte Suicide, ma et misst séchergestallt ginn, datt déi Betraffe keng Aschränkunge bei der psychescher Entscheedungsfräiheet hunn an datt kommerziell Interesse keng Roll spillen.

Wie waren d'Alice an d'Ellen Kessler?

D'Zwillinge, déi den 20. August 1936 zu Nerchau a Sachsen op d'Welt komm sinn, sinn an de 50er Joren als Sängerinnen, Schauspillerinnen an Entertainerinne bekannt ginn. Nach éier d'Mauer gebaut gouf, hat d'Famill d'DDR a Richtung Weste verlooss, wou d'Zwillingen, déi Ballet geléiert hunn, 1952 zu Düsseldorf am Revuetheater Palladium engagéiert goufen. Mat grad emol 18 Joer goufe si am weltbekannte Lido-Theater zu Paräis engagéiert, wou si un der Säit vu Staren wéi dem Frank Sinatra, dem Harry Belafonte oder nach dem Fred Astaire opgetruede sinn. Esou hu si séier international Karriär gemaach.

An de prüde Joren nom Krich hunn d'Kessler-Zwillingen zu den éischte gehéiert, déi a seriöe Shows vill Been gewisen hunn. Wéi hire Kontrakt zu Paräis 1960 ausgelaf war, ass den Duo op Welttour gaangen. Hei hu si zu New York, Caracas, Monte Carlo, Barcelona, Buenos Aires oder Sydney gedanzt, waren an internationalen Tëleesshows a sinn a sëllege Kinofilmer opgetrueden.

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu.