Virun 10 Joer ass Fondatioun EME - "Écouter pour mieux s'entendre" - an d'Liewe geruff ginn.

Fir de ronne Gebuertsdag gouf e Samschdeg um "Family Day" an der Philharmonie kënschtleresch Diversitéit presentéiert, dat a Präsenz vun der groussherzoglecher Koppel, hirem Fils Prënz Felix a seng 2 Kanner d'Prinzessin Amalia an de Prënz Liam.

Vu Gesang- an Danzspektakelen ënner der Leedung vum Sylvia Camarda an David Galassi iwwer Museksateliere fir Kanner bis zu Concerten – d'Fondatioun EME huet de Motto "Freed schenken duerch Musek" praktesch ëmgesat.

Grouss a Kleng konnten nokucken an d'Atmosphär genéissen oder selwer bei Museksateliere matmaachen.

Inclusioun duerch Konscht ass den Defi, deen d'EME och déi nächst 10 Joer wëll ugoen.

VIDEO: 10 Joer Fondatioun EME
Och haut huet d'Fondatioun nach de But, eelere Leit, Mënsche mat Behënnerung, kranke Leit oder sozial benodeelegte Mënsche Konscht méi no ze bréngen.