Arrivée zu Bogota: Wéi kréien ech elo mäi Moto?

Bogota, Haaptstad vu Kolumbien, war déi éischt Statioun vum Réné Hilbert sengem Südamerika-Trip. / © René Hilbert
1. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.
E Start ass ni esou einfach. Sou och dës Kéier! Eigentlech wollt ech mam Zuch op Bréissel op de Flughafe fuere, mee d’Belsch streicke bis méindesowes em 22 Auer, kee gutt Gefill, fir dënsdesmoies um 7 Auer den Zuch ze huelen. Glécklecherweis huet de Gilles fräi a mir fuere mam Auto op Bréissel, wou mer um Flughafe matgedeelt kréien, datt de Fliger 1 Stonn Verspéidung huet - wéinst engem Streick bei de Franzsousen, 1 Flug ass esou guer scho gestrach ginn.
Dowéinst kommen ech da vill ze spéit zu Madrid un, fir de Fliger op Bogota a Kolumbien ze huelen. Ech trëppelen emol bei e Guichet a froen do eng Joffer, "ähm, ech géif mengen, dat kënnt Dir vergiessen, mee ech ruffen awer emol nach bei Avianca unn". Zu menger Begeeschterung kréien ech da matgedeelt, dass de Fliger Verspéidung huet, ech sollt direkt op den 2. Stack bei Avianca pilgeren. Leider dauert et labber 30 Minutte bis mäi Gepäck iwwert d'Band gewandert kënnt. 30 Minutte kënne laang sinn ... Bei der Avianca ukomm kuckt déi kleng Joffer ganz leif a seet "de Fliger huet Verspéidung", "dat kennen ech scho fir haut", "deen héiten huet richteg Verspéidung: 4,5 Stonnen". Ech si begeeschtert, elo hunn ech gutt Zäit, kréien nach eng Telefonskaart, fir wann ech ee misst uruffen an en Iessensbong.
Ewéi et dunn endlech lass gaang ass, dass d'Leit an de Fliger sollte klammen, koum schliesslech och mäin Tour. Dat ganzt huet eng Eiwegkeet gedauert, "hues du en Ticket fir zeréck ze fléien?". "Nö, ech reesen iwwert d'Land aus, mäi Moto ass schonn a Kolumbien. An dofir hunn ech e Carnet de Passage en Douanes, fir de Moto z'importéieren an erëm z'exportéieren. Deen ass vunn der FIA vu Genf, dofir hunn ech missten eng Bankgarantie iwwert 1.500 € maachen, wann ech de Moto net erëm brengen op Lëtzebuerg, da sinn déi flöten, dat ass also méi wäert ewéi ee Fligerticket."
De Mann huet och dat gréisste Verständnis fir dee Fall, "mee d’Gesetz gesäit e Fligerticket vir - a soss näischt". Kolumbianer schéngen e frëndlecht an hellëfsbereet Vollek ze sinn, "mir sichen eng Léisung fir dech". No 10 Minutten, "voilà, mir hunn dir eng fiktiv Reservatioun fir e Fligerticket gemaach, wa se drop bestinn bei der Arees, da gees de an de Büro vun Avianca an da keefs de den Ticket, kascht 203 €, a mar oder méi spéit, egal op a Kolumbien oder an Ecuador, gees de an e Büro vun eiser Firma an da kris de d’Suen erëm". Ech muss scho soen, méi frëndlech geet et net.
Et huet awer kee Mensch duerno gefroot um Flughafen. Ech hunn dunn emol Sue gewiesselt, an héi geet et net duer z'ënnerschreiwen, héi gëtt och nach e Fangerofdrock gemaach w.e.g. Wéi ech mam Taxi am Zentrum vu Bogota ukomm sinn, moies um 3, fällt mir virun allem eppes op: Héi steet näischt virun der Dier, guer näischt, ausser Dreckskëschten, an déi si gutt besicht. Béi all Dreckskëscht ass een am gaangen dran ze sichen.
No 26 Stonne sinn ech dann nawell zimlech midd a gi schlofen. Mäi "guest house", wat ech mer eraus gesicht hunn, ass e Volltreffer, den Hermann, e Kolumbianer, dee 15 Joer mam Rucksack duerch d’Welt gezunn ass, huet dat Häischen opgemaach. Héi feelt et engem eigentlech un näischt - ausser enger Heizung, där gëtt et nämlech keng am Haus, an et ass nuets batterkal. Do fannen ech no e puer Deeg eraus, firwat e Laptop alles ka gutt sinn. Wann een deen an d'Bett leet an d'Batterie oplued, dann ass dat ewéi eng Boule, wann d'Batterie voll ass, d'Bett ass gutt gewiermt.
Héi ass alles vergittert, all Epicerie, esou guer fir an d' "Guest House" eran, muss ee schellen, baussen um Haus si Kameraën, déi alles iwwerwaachen. Ech trëppelen dann emol gemittlech duerch den ale Véierel vu Bogota, la Candelaria, ech muss soen, erstaunlech, esou hat ech mer et net virgestallt. Vill Kaffeeën a Restauranten, vu ganz rau bis gemittlech, awer erschreckend vill vergittert. Irgendwann sinn ech dunn an enger Géigend ukomm, déi net méi esou schéin ausgesinn huet, awer interessant, e besschen Kënschtlervéierel. Bis dunn e Këschtler op mech zoukomm ass, wirklech fotogen, Réng duerch d’Nues an esou weider, blo gefierften Hoer, "verstopp dee Fotoapparat, dat wat s du do mat dir erëmschleefs, geet duer, fir dass héi een där den Hals opschneit".
De Mann huet dat esou iwwerzeegt gesot an duerch Gesten ënnerstrach, dass ech et esou guer gegleeft hunn. Ewéi dunn och nach eng schéi jonk Mamm, déi mat hirem Knirps do getrëppelt komm ass, dat selwescht gesot huet, dunn hunn ech déi Géigend verlooss. Den Dag drop sinn ech op de Flughafe gefuer, fir de Moto sichen ze goen. Wéi hat déi frëndlech Madame um Telefon gesot, "mir hunn Är Pabéieren héi, kommt Dir ënnerschreiwen an da bezuelt Dir an da war et dat".
An der Receptioun vum "Guest House" stung en Amerikaner, hunn dunn emol gefrot, op hie vielläicht op de Flughafe géing fueren. Jo, also hu mer äis den Taxi gedeelt. Ennerwee huet hien dunn erzielt, hie wier 7 Deeg hei gewiescht, fir säi Spuenesch ze verbesseren. Hie wier an der Vente beschäftegt an do kéint Spuenesch nëtzlech sinn. Um Flughafen ukomm sot den Taxichauffeur dunn op spuenesch: 14.800 Pesos (5 €), den Amerikaner gëtt mir 20.000, ech sot, dat wier ze vill, 7.500 géngen et och maachen. "Nee, et ass fir iwwer 40.000, an iwwerhaapt, déi Mënz brauch ech och net méi." Hien dréckt mir nach e puer Schäiner an de Grapp, Awar a Merci. Hie schéngt nach e puer mol erëm kommen ze mussen, fir säi Spuenesch ze verbesseren. Ech sinn op allefall dee ganzen Dag op seng Käschten Taxi gefuer. Dat ass mir schonn ongewéinlech virkomm, ewéi déi frëndlech Madame gesot huet, da kommt Dir ënnerschreiwen an dann war et dat. Also bei déi betreffend Firma gefuer, all Mënsch super frëndlech, Kolumbianer schéngen dorann net ze iwwertreffe sinn, all Mensch hëlleft, wou e kann. Ennerschriwwen, bezuelt, "solle mir dir en Taxi ruffen, du muss elo bei eng aner Firma, do steet de Moto?" "Jo, w.e.g., muchas gracias."
Bei där zweeter Firma ukomm, alles streng kontrolléiert, Pass ofginn, Rucksack ofginn, Badge kritt, sinn ech du bei déi zoustänneg Persoun gefouert ginn. Hunn du meng Pabéieren iwwerreecht, fir no enger klenger Eiwegkeet gewuer ze ginn: "Nee, mir hunn de Moto net, dee steet nach um Flughafe bei der Cargolux, du muss als éischt bei d'DINA (Douane) an dann erëm bei déi Firma, wou's du als éischt wars." Also erëm en Taxi a bei déi éischt Firma, déi frëndlech Madame bewegt elo den hallwe Betrieb, si huet elo Mëttespaus, mee direkt en Ersatz parat. Ech ginn dann an d'Lager bei e feinen Typ geleet, "du muss just iwwer bei d’Douane trëppelen an da fiers de erëm bei déi aner Firma, si hunn de Moto, en ass an enger Këscht, gell, ech hunn e gesinn".
Also emol bei d’Douane getrëppelt, d’Madame schwätz esou vill Englesch ewéi ech Spuenesch, mee lues a lues komme mir der Saach méi no, d’Madame ësst awer nach ganz gemittlech eng Séissegkeet a kuckt sech dann d’Pabéieren un. "Wivill Deeg Openthalt soll ech dir da ginn a Kolumbien fir de Moto?" "Wéi wier et mat engem Mount?" D’Madame ka sech net entschléissen, fënnt schlussendlech en Dossier iwwert zäitlech begrenzten Importatiounen, wou sech dann och e Fall ewéi mäi fënnt: en Irlänner, dee säi Moto importéiert huet vu Panama. Hien hat 60 Deeg krut, ewéi d’Madame mäi Visa am Pass kuckt, gesäit si, dass deen och fir 60 Deeg gutt ass. "Jo, da kann ech der jo och 60 fir de Moto ginn." Kascht emol naischt, immens. Also erëm en Taxi an zeréck bei déi zweet Firma, "de Moto muss hei sinn", "gesäis du hei e Moto?". No 1 Minutt sichen, fannen ech meng Këscht, "do ass enn dran". Zwee Mann këmmere sech drëm, deen een hëllt direkt e Briecheisen a mécht den Deckel op, Begeeschterung, do ass e Moto dran.
No zwou Stonne war de Moto zesumme gebaut an ech si lass gegondelt. Genau 21 Kilometer, dunn huet mech den éischte Polizist mam Moto gestoppt, Papyrus w.e.g. Nodeem ech d’Gro Kaart, de Führerschain a mäi Pass gewisen hunn, sot hien iergend eppes op Spuenesch, wat ech net verstaan hunn, ech hunn him du geäntwert: "Pardon, no hablar Español" (pardon, schwätze kee Spuenesch). Hien huet op ginn an ass gefuer.
Owes am "Guest House" huet den Hermann mir erklärt, wat de Polizist wollt. All Motorradfuerer muss a Kolumbien e Gillet unhunn mat dem Nummerschëld vum Moto um Röck an op der Broscht. De Grond fir dës Moossnaahm kënnt dohier, dass d’Killer hei a Kolumbien meeschtens vu Motorrieder aus operéieren an dann onerkannt fortkomm sinn. Elo verstinn ech alles, ech hu mech scho gewonnert, duecht, dat wieren alles Mototaxien mat deene Gilletën. De jonke Mënsch, dee sech e puer Pesos niewelaangscht verdingt als Nuetswiechter am Haus, muss mar sowisou dohinn, wou een déi Gilletë kritt, also bestellen ech mir esou een. Den Dag drop kréien ech een, herrlech, fluorrout mat sëlweren Zuelen drop. Just, et sinn nëmmen 3 Zuelen drop, a Kolumbien sinn der 6 normal. Si gespaant, wat se dozou soe wäerten. Falls dir ee braucht: Tapiceria de Motos Ussa Forros Carrera 15, No 17-21, Tel. 2838764 Bogota; kascht 20.000 Pesos (6,5 €).
Eng Stad muss een duerchwanderen, fir se kennen ze léieren. Bogota ass ofwiesselungsräich, dat kann ee soen, besonnesch dat Nord-Süd Gefäll. Am Norden wunnen déi Räich, do gëtt et alles, wat et och bei eis gëtt, esouguer méi, nämlech virun all Agangsdier e Polizist mat Maschinnegewier. Ganz an de Süden dierf ee sech guer net hin trauen, krut ech gesot, ech gleewen dat esou lues. Mêe et brauch ee guer net esou wäit ze goen, just emol owes duerch d'Emgéigend vu mengem "Guest House" ze pilgeren huet et a sech. Dat "Guest House" läit super, just un der Grenz zur Alstad déi eng Säit, net wäit vum Zentrum déi aner Säit. Mee nuets gesäit ee vill Leit, déi guer näischt hunn an d’Dreckskëschten duerchwullen.
Dës lescht wollt ech owes eppes iesse goen, mee wéi ech esou duerch d’Alstad trëppelen, gesinn ech en Typ, deen eng Dreckskëscht ëmgetippt hat, an der Mëtt vun dem Ganze souz, an all Bescher erausgefëscht huet, an alles, wat iergendwéi iessbar war, a sech era gestoppt huet. Dat ass en Ubléck, deen een net esou schnell vergësst. Mir war den Honger vergaang an ech hu mer e Schocki geleescht. Den 12. Oktober ass Feierdag a Kolumbien, si feieren d'Entdeckung vun Amerika. Net all Mensch héi ass frou mat den Amerikaner, ech sinn owens per Zoufall op en OpenAir-Concert an der Alstad gestouss, spektakulär. Et war kal, vielläicht 6 Grad, eng jonk Grupp hat hir Instrumenter hei baussen opgebaut an huet sech am Däischteren d’Séil aus dem Leif gespillt, um Buedem souz een, deen e Laptop bedingt huet, am Hannergrond si Filmer gelaf ewéi Fligeren Gëft versprëtzt hunn, fir Drogeplanzen ze vernichten. (Kolumbien liwwert 80 Prozent vum Kokain um Weltmaart.) Duerch den Asaz vu Fligeren, fir dat Gëft ze versprëtzen, ginn awer net nëmmen Drogeplanze futti, mee och all aner Planzen fir z'iessen. Oder Filmer ewéi d’Baueren um Land brutal mësshandelt an ëmbruecht ginn. Et wäerten eng 40 Leit sech do versammelt gehat hunn, d’Stëmmung war op alle Fall speziell.
An esou enger Stad gëtt et awer ëmmer och Gauner, déi déi aaner iwwert de Lastik zéien. Een dovunner stung an der Foussgängerzon an huet eng Crème verkaaft, fir zerschréipsten CDën erëm ze reparéieren. Hien hat CDën, wou guer näischt méi do war ausser den duerchsichte Plastik ewou d’Beschichtungen drop sinn. Hien huet dann esou eng duerchsichteg CD geholl, mat senger Wonnercreme ageriwwen, ofgewëscht, an dann an den CD-Spiller geluecht. Oh Wonner, si huet musizéiert, d’Leit hunn de Produit a Masse kaaft. Den Trick ass einfach, eng CD gëtt vu bannen no baussen gelies, a banne ware vielläicht 2-3 Millimeter net beschiedegt, et sollt jo echt ausgesinn, no e puer Sekonnen huet hien d’CD da gestoppt, si hätt dat zwar och vun selwe gemaach, wa si bis bei déi duerchsiichteg Plaz komm wier ... 50 Kilometer ausserhalb vu Bogota, zu Zipaquira, gëtt et eng Salzkathedral ze bewonneren. Et kann e se praktesch mam ëffentlechen Transport besichtege fueren. Déi Kathedral ass an engem Salzbiergwierk, wou haut nach ëmmer Salz ofgebaut gëtt, bis 2030 soll nach genuch dovunner do sinn. An der Kathedral ass Platz fir 8.400 Leit, immens. Et huet ee fir 1,5 Stonnen do ze kucken. Zipaquira selwer huet eng schéin Alstad, war fréier déi räichste Stad aus der Emgéigend - wéinst dem Salz.
Op der Façade vun der Gemeng hengt e riesegt Schëld mat de Fotoe vun 3 Persounen, déi verschleeft gi sinn, hei a Kolumbien si jo nach 700 Leit an den Hänn vun de FARC-Rebellen. Et ginn 10.000 Dollar versprach, wann ee weess, wou déi 3 sinn. A well et jo sou schéin do war, sinn ech natiirlech ze laang do bliwwen, a wéi ech de Bus wollt huelen, hunn ech emol missen eraus fannen, wou deen da lo géing fortfueren, well do alles mat Einbahnstroosse gereegelt ass. Ech si gewandert a gewandert, bis ech dunn um Enn vum Duerf e Bushäische font hunn. Deen éischte Bus hunn ech emol gestoppt, de Chauffeur huet erklärt, dass de Bus fir Bogota héi net laanscht kéim, mee méi wäit ausserhalew vum Duerf. Mir ass dunn och esou lues gedämmert, wou dat wier, an dat war nach e Stéck.
Ech sinn dann esou laanscht déi Haaptstrooss gegeeschtert am Däischteren, ech hat schonn déi läscht Stroosseluucht hannert mer gelooss, nujee, ech hat scho besser Gefiller. Bei där Stooss ukomm, wou d’Busser fir Bogota laanscht kommen, hunn ech am Däischteren emol deen éischten ugehaal, dee komm ass, a glécklescherweis war et dee Eichtegen. Ech si scho laang net méi mat esou enger Begeeschterung an e Bus geklomm, deen total iwwerfëllt war ... Da kann een hei zu Bogota nach mat enger Seelbunn op den Cerro Monserrate erop fueren, uewen ass dann eng Kierch an et huet een eng super Ausssicht, wann d’Wieder gutt ass; haut war dat awer näischt, war trozdeem flott do uewen.
4 Jonker, 2 Jongen an 2 Meedercher, kommen op mech zou, freet den ee Jong op englesch, "kanns du net eng Foto vun eis maachen an eis déi mailen, mir hu kee Fotoapparat derbäi an et wier awer schéin eng Erënnerung ze hunn". Kee Problem, de Wonsch gëtt natierlech direkt erfëllt, schliesslech ass jo och all Mensch mat mir hei esou super frëndlech. De Plang, Venezuela ze besichen, hunn ech gestrach, hei am "Guest House" hu mer aner Reesender déi rengsten Horrorgeschichten erzielt, een Tourist sollt einfach esou 20 Dollar un d’Police bezuelen oder hie misst an de Prisong. No enger Nuecht am Prisong huet hien dann awer 20 Dollar bezuelt. Eng Koppel huet hirt ganzt Borgeld, 890 Dollar, vun der Police ofgeholl kritt; no vill Stréiderei hunn si 400 Dollar erëm kritt - dat muss ee net hunn!
Dofir hunn ech mir haut e Flugticket fir an den Amazonas kaaft, op Letitia. Vun do aus geet et da mam Boot nach 20 Kilometer flossobwärts an e klengt Dierfchen. Do bleiwen ech da 5 Deeg a kommen den 22. Oktober nees erëm. Vun héi geet et am einfachsten fir dohinner ze kommen, ausserdeem hunn ech hei e super Basecamp, ech kann all meng Saachen, déi ech net brauch, hei loossen, de Moto steet sécher, wat wëll ee méi? Gëscht si souwisou all d'Stroossen an de Süde gespaart ginn. Zu Cali hu 6.000 Indianer de Polizisten häfteg Schluechte geliwwert, d’Zeitunge ware voll. Och hei zu Bogota hunn ech haut eng Demonstratioun begéint a geknippst. Et waren nach e puer Reporter do, déi mech frëndlech gegréisst hunn, d’Police huet manner frëndlech gekuckt.
Wann ech dann erëm sinn aus dem Urwald, wäert sech d’Situatioun jo berouegt hunn. Bis dann,
Ren