Am Panjshir-Dall, dat d'Russen ni eruewere konnten, ginn d'Touriste mol frëndlech, mol skeptesch begréisst. Béides sinn onvergiesslech Erliefnesser!

De Panjshir-Dall läit 150 Kilometer nërdlech vu Kabul, tëschent de raue Bierger vum Hindukusch fléisst de Floss Panjshir. Bekannt ass den Dall, well de Massoud, de legendären a charismateschen Uféierer vun de Mudschaheddin a säit sengem Doud 2001 den offiziellen National-Held vun der afghanescher Natioun, do gebuer ass a begruewe läit.

Nodeems mir vun der Haaptstrooss Richtung Panjshir ofgebéit sinn, gëtt nach eng grouss Waassermeloun als Proviant kaaft, de Gul erzielt e wéineg iwwer d'Géigend - iewescht Gebot: "An dësem Dall nëmme keng Fra fotograféieren, d'Männer gi geckeg, wann s de dat méchs an da kréie mer serieux Problemer."

Fir Touristen eng Sakgaass

D'Entrée vum Dall ass schmuel, déi optimal Plaz fir eng Arméispär, wou ee sech registréiere loosse muss. Wa mir de Panshjir verloossen, musse mir eis erëm hei presentéieren, de Schluss vum Dall ass leider fir eis net zougänglech an dowéinst ass den Dall eng Sakgaass fir eis.

RTL

© René Hilbert

Et ass eng wëll Landschaft, wonnerschéin, vill Grénges laanscht de glaskloren, türkisbloe Floss. Leemhaiser, déi méi héich op onfruchtbarem an héichwaassersécherem Terrain gebaut sinn, verschmëlzen an hire Brongtéin optesch mat de Bierger. Ofgeleeën, am Hannerland op 4000 Meter, gëtt et Smaragdminnen, déi zweet deierst Edelsteng ginn do ofgebaut. Mäi Wonsch, esou eng Minn ze besichen, geet leider net an Erfëllung: "Dat misst een am Virfeld klären an dofir bräichte mir och méi Zäit."

Den éischten Dag komme mir kuerz viru Sonnenënnergang beim Massoud säi Graf. E beandrockend Monument trount op engem Hiwwel iwwerem Dall, vu wäit ze gesinn. Wann een nëmmen d'Gréisst an de Bau vun dësem Graf vergläicht mat deem vum afghanesche President Rabbani um Bibi-Mahru-Hiwwel zu Kabul, da kann ee sech virstellen, wéi wichteg de Massoud fir dat Land war a wéi vill hien haut nach veréiert gëtt.

Futtis Panzer an de Felder

Hien hat eng Visioun vun engem demokrateschen Afghanistan, huet d'Fraerechter gestäerkt, war déif reliéis, awer e Géigner vum extremisteschen Islam. Verschidde Quellen zielen hien zu de bedeitendste Féierer vun der Widderstandsbewegung, zesumme mat dem Che Guevara an dem Ho Chi Minh. Eleng 9 Groussoffensive vun de Russe mat zéngdausende vun Zaldoten hu sech um Massoud a senge Leit am Pansjhirdall d'Zänn ausgebass. Si hunn et ni geschafft, deen Dall ze knacken. Am viischten Deel vum Dall gesäit een nach vill Spure vun de russeschen Attacken, eng Schrottplaz mat futtissen Arméisgefierer, op ville Plaze léie futtis Panzeren an de Felder.

RTL

© René Hilbert

Während 26 Joer huet de Massoud sämtlech Attacken op säi Liewen iwwerlieft, an 21 Natiounen ass u sengem Doud gebastelt ginn. Geschafft hunn et 2 Selbstmordattentäter vun den Taliban, déi, als belsch Journaliste getarnt, eng Bomm an enger Kamera verstoppt haten a se während dem Interview zur Explosioun bruecht hunn.

Hotelle gëtt et weider keng hei, déi meescht Afghane maache just en Dagesausfluch bei d'Graf. Fir de Gul ass et déi éischte Kéier mat Iwwernuechtung am Dall, hien huet eng Schlofméiglechkeet an engem Restaurant organiséiert, deen awer ongenotzt schéngt. En ass zou, de Gul rifft de Besëtzer zu Kabul un, e Bouf, deen op Baumaschinnen oppasst, huet de Schlëssel. Well deen net opzedreiwen ass, sëtze mir eis an eng Wiss a kucken de Bouwe beim Footballspill no. Tëschent den Iwwerreschter vun engem am Krich do erofgefallene Fliger a gemittlech weedende Kéi ginn d'Jongen, deelweis buerféiss, ferm motivéiert zur Saach.

RTL

© René Hilbert

Geschlof gëtt am Restaurant um Buedem, d'Loft am Raum ass stéckeg. Z'iesse gëtt et net vill, ausser eis ass keen am Gebai. Owes ass op eemol e Mann an Zivil do a well eis Päss gesinn, ewéi sech erausstellt, ass hie vun der Geheimpolice: "Maacht Iech keng Suergen, et ass zu Ärer Sécherheet."

Op der Strooss zerluecht ...

Den Dag drop ass d'Eid-Fest, dat wichtegst moslemescht Fest, iwwerall gesäit ee Leit, déi sech am Duerf treffen, d'Hänn ginn an diskutéieren. Deen Dag soll jidderee mat jidderengem frëndlech sinn, falls 2 Persoune sech net verstinn, soll de Sträit fir deen Dag begruewe ginn. Op ville Plaze gi Schof geschluecht an d'Fleesch gëtt verdeelt, matten op der Strooss gëtt eng Kou zerluecht. Mir hale stall, dat musse mer eis ukucken, et ass e lëschtege Stopp, eng Lektioun a Biologie ewéi eng Kou vu bannen ausgesäit, et gëtt vill gelaacht, well ech Fotoe maachen. Den Haaptacteur zerleet dat Déier fachgerecht mat Aaxt a Messer, "hien ass e professionelle Metzler", bemierkt ee vu sengen Assistenten.

RTL

© René Hilbert

Mir béien of a fueren an en Niewendall, zousätzlech e lokale Guide sichen. Deen ass wäertvoll fir déi vill Policekontrollen ënnerwee oder falls e Problem mat anere Persoune sollt optrieden. Säi Papp war Kommandant vun dësem Dall, de jonke Mann huet 5 Joer zu Hyderabad an Indien Jura studéiert, ass elo aarbechtslos a wunnt uewen an de Bierger, 2 Stonne Foussmarsch vun der Strooss ewech. Hei eng Aarbecht als Jurist ze kréien, schéngt mir éischter illusoresch. Net jiddwereen ass iwwer eist Optauche begeeschtert, virun allem jonk Männer si net besonnesch flexibel, ee freet de Gul: "Firwat bréngs du ons friem Kulturen hei hin?" Awer déi aner si frëndlech a laachen, ech ka Fotoe maachen, vun de Bierger kommen d'Leit am Sonndesschnëppel erof, schliisslech ass Feierdag.

Um Enn vun der Strooss, déi schonn e Stéckelchen net méi godronéiert ass, sti Container, déi als Geschäftslokaler ëmfonctionnéiert sinn. Gesäit net besonnesch schéin aus, ass awer praktesch a stabil. Iwwerall sti Container, si ginn esouguer deelweis an d'Haiser mat agebaut esou dat just nach d'Dieren ze gesi sinn - "Container-Valley" esou ze soen.

Et kann nëmme vu Virdeel sinn, hei e lokale Guide ze hunn, viru 4 Joer ass en amerikaneschen Zaldot eleng an d'Duerf gefuer, wou mir de Guide ofhuelen, an huet d'Gebräicher net respektéiert, hien ass einfach an d'Haiser eragaangen. Si hu kee Jurist gebraucht, si hunn en erschoss, fäerdeg.

RTL

© René Hilbert

Am Floss stinn op ville Plaze kleng hëlze Waasserrieder mat deene Stroum produzéiert gëtt, deen eng 60-Watt-Bir an der Hütt zum Liichte bréngt. Ëmweltfrëndlech, gratis, si wësse sech ze hëllefen.

Stopp, elo kënnt d'Land vun den Drogen an der Stengmafia ...

Déif am Panshjir Dall komme mir bei e klenge Militärstëtzpunkt mat Stroossespär. Wien hei als Zaldot stationéiert ass, dierft keen all ze opreegenden Aarbechtsdag hunn. Um Terrain stinn eng Dose Container mat Steng dran. Si kommen aus de Minnen, wou d'Edelsteng ofgebaut ginn, si sollte wuel geschmuggelt ginn, ouni déi néideg Taxen ze bezuelen. Mat Iessen op der Strooss ass hei näischt, de Gul freet bei der Arméi no a scho si mir zum Iessen agelueden, de Kommandant héchstperséinlech gëtt sech d'Éier. E sympathesche Mann, nodeems mir Zaldotekascht, Fleesch mat Gromperen a Räiss, zerwéiert kritt hunn, gëtt et nach Téi am Büro, eis Personalie ginn erëm notéiert, alles ganz labber, mir hu vill gelaacht. Duerno kréie mir ganz häerzlech Äddi gesot a fuere weider bis et heescht: "Hei ass Schluss fir eis, duerno kënnt d'Gebitt vun der Drogen a Stengmafia".

RTL

© René Hilbert

D'Landschaft ass immens, mir sinn op 3.222 Meter, kleng Baache lafen duerch gréng d'Wisen, op deene glécklech Kéi weeden, méi héich stinn e puer Haiser. D'Anne trëppelt eleng bis dohinner, e puer Frae si ganz interesséiert, si knipsen hatt mam Handy, awer ëmgedréint geet leider net. En Auto hält, e puer Männer klammen eraus - "Wëllkomm an eisem Dall". Leider kréie mir keng Aluedung an d'Dierfchen Hisa-e-Awal, e Bléck an d'Hütten hätt mir scho gefall.

Schwéieren Häerzens maache mir d'Kéier, et wier spannend gewiescht, nach méi déif an den Dall zu fueren, awer de Gul ass leider net ëmzestëmmen.

Propper, awer kal ...

Zeréck an eisem "Hotel" zéie mir et vir, dobaussen op enger vun den Iessplazen ze schlofen, de Gul ass erstaunt, hie schléift léiwer dobannen. Dat eenzegt fléissend Waasser am Gebai, dat fir d'Hygiène zur Verfügung steet, ass eng Baach, déi ënnert eiser Schlofplaz erduerch leeft. D'Anne ergräift d'Initiativ, mir bueden dran, ganz praktesch a bestëmmt immens gesond fir d'Duerchbluddung.

Datt et hinnen dofir ze kal wier, loosse sech de Gul an eise Chauffer natierlech net nosoen, hiert Gejodels am Däischteren hätt een allerdéngs missen ophuelen.

Ren

RTL

© René Hilbert