Frëndlech Leit zu Herat um Bazar
Iwwert d'Oppenheet vun de Mënschen den Touriste vis- à-vis ka sech och de Guide Gul mat Amenter just wonneren ... Vun Herat geet et hannescht op Kabul.
Den zweete Versuch, d’Zitadell zu Herat ze besiichtegen, scheitert dorunner, dat si freides zou ass. Sämtlech Zaldoten, déi se bewaachen, sinn zwar do, awer de staatlechen Ticketverkeefer huet säi fräien Dag.
D’Wuechtpersonal ass mat näischt ze iwwerrieden, eis awer eranzeloossen, „kommt mar erëm, dann ass si op“. Ons bleift soss näischt iwwereg, just mar geet onse Fliger zeréck op Kabul, mir mussen um 10 um Fluchhafe sinn, dat kéint emol knapp ginn.
An der Hoffnung, mar awer nach d'Zitadell vu bannen dierfen ze bewonneren, fuere mir bei di grouss Moschee vun Herat, wou d’Aktivitéiten net méi ënnerschiddlech hätte si kënnen. Bausse maachen e puer Afghane monter hire Moiessport, während anerer an den Ecke leien ze schlofen, iwwerall gëtt gebotzt. Vereenzelt sëtze Leit an Nischen a bieden, e Mann sëtzt hannert enger Mauer a séngt, wéi hie fäerdeg ass, leet hie sech op de Buedem, deckt säi Gesiicht mat engem wäissen Duch zou an hält en Tëmpchen, Stress gesäit anescht aus. Den Atelier, wou déi schéi Plättercher fir d’Reparature vun Hand hiergestallt ginn, ass leider zou.

„Tadschikistan?“ ... „Nee, Lëtzebuerg“
Wéi ech am Gaange sinn, mat zwee Kanner ze schwätzen, probéiert e Mann, deen op enger Bänk sëtzt, anscheinend erauszefannen, wou ech hierkommen. Hie schwätzt keen Englesch, ech verstinn net, wat hie wëll, bis hien „Tadschikistan?“ freet. „Nee, Lëtzebuerg, Europa“. „Europa“ ... de Mann steet op, kënnt op mech zou, gëtt mir d'Hand a seet „I love you, thank you“. Hien dréit sech ëm an am Goe widderhëlt hien nach emol „I love you, thank you“. Et ware wuel di eenzeg Wierder, déi hien op Englesch konnt, hie wollt einfach frëndlech Moie soen, esou wéi verschidde Leit ruffen: „Welcome to Afghanistan“, wann ee laanscht geet. Et weist, wéi frëndlech déi Leit hei sinn, vill géifen der gäre méi schwätzen, awer meng afghanesch Sproochekenntnisser si gläich null an di Eeler schwätze keen Englesch, déi Jonk schwätzen es awer oft.

Antiquitéite vu gëscht, Präisser vun haut
Vis-à-vis ass e Buttek vun engem mëttlerweil pensionéierte Glasbléiser, deem seng eenzeg Aktivitéit nach dran ze bestoe schéngt, an der Entrée ze leien an d’Leit ze begréissen, wann dann emol een erakënnt. Am Buttek ass en onwahrscheinleche Kreemchen ugeheeft, alles Antiquitéite wéi hie behaapt. Wa seng Wueren och vu Gëschter solle sinn, seng Präisser sinn et net. Trotzdem, verschidde Saache sinn net iwwel, ech kafen e Schlass a Form vun engem Kriibs. Et muss een d’Zong vum Kriibs erauszéien, fir datt sech de gebéite Schwanz bewege léisst, dat ass de Bigel vum Schlass, immens gemaach.

Duerno fuere mir bei d’Malan Bréck déi 2013 fir d’lescht renovéiert gouf, vum italienesche Staat finanzéiert. Eng schéi Bréck aus rouden Zille mat 22 Béi. De Gul an de Chauffer sinn nervös, „mir bleiwe Maximum 10 Minutten“, eisen Auto fiert eis permanent no. „Hei si vill Entféierungen an et ass eng Plaz fir Drogen ze kafen, nach e puer Kilometer, dann hält der Regierung hir Kontroll iwwer d'Gebitt op“. Domat huet sech meng Fro, ob mir net nach e wéineg méi wäit an d'Botanik kéinte fueren, erleedegt.

De Besuch um Bazar zu Herat ass flott, endlech emol Kontakt mam Vollek. D'Reaktioune si vill méi positiv ewéi de Gul erwaart huet, et gëtt vill gelaacht. An engem Burka-Buttek probéiert d'Anne de leschte Modell un, de Verkeefer laacht, virum Geschäft sammelt sech schonn e Fanclub fir d'Anne. De grousse Mënschenoplaf gefält dem Gul net, sécherheetstechnesch net ze kontrolléieren, mir musse weider. Kuerz drop nach e Buttek mat anere Modeller, och hei all am dezente Blo, schéngt déi aktuell Faarf ze sinn. Wéi mir Fotoe virum Geschäft um Trottoir maache kënnt eng aner Fra an enger Burka a stellt sech derniewent, si wëllt och mat op d'Foto a rullt sech vu Laachen. De Gul versteet d'Welt net méi, mir zéie weider.
An 2 Deeg ass d'Eid-Fest, dat wichtegst moslemesch Fest, iwwerall gi Schof verkaaft déi deen Dag geschluecht ginn. Op di plastiks Dännebeemercher a Schof och dofir sinn, kann ech leider net eraus fannen.

Vum Polizist zum Fotomodell
Wann ee bis eng Persoun fotograféiert, wëlle se ob eemol alleguer ofgeliicht ginn. Dat bescht war e Polizist, hien huet och gefrot an huet dunn emol monter stramm gestane bis ech fäerdeg war. Dat huet um Maart fir vill Laache gesuergt.

D'Géigesätz sinn esou grouss hei, an der Alstad einfach Leemhaiser, am méi modernen Deel zum Beispill e moderne Buttek wou ee frësch gepresste Jusen a grousse Béierglieser zerwéiert kritt, oder grouss Glacen déi ganz gutt sinn. Dernieft sinn e puer Geschäfter déi Hochzäitskleeder fir Damme verkafen, déi Kleeder sinn den absolute Géigesaz vun enger Burka a gesinn d'selwecht aus ewéi bei eis. Op der Strooss verkeeft e Mann opbloosbar Pinguinen ...
Well mir Haut zeréck op Kabul fléien hu mir net vill Zäit, um 8 Auer si mir bei der Zitadell, um 10 Auer musse mir um Fluchhafe sinn. D'Zaldote sinn all do, awer de Mann deen d'Entréestickete verkeeft ass net present, de faarwege Container deen ausgesäit ewéi wann ee Faarfrechter verschafft hätt ass zou, „wéini kënnt hien dann“? „No 8“. Dat ass dach nach eng präzis Ausso. Ech kréien erkläert, „Staatsbeamte fänken no 8 un ... iergendwann no 8“. De Gul schafft et dem Fonctionnaire seng Handysnummer ze kréien, rifft un an erkläert mir hätten net esou vill Zäit, ob mir net schonn era goen a méi spéit bezuele kéinten, wann hien ukomm wier. Nee, dat geet leider net, hie wier gläich do.
Iergendwann kënnt hien un, fir auslännesch Visiteure kascht den Ticket stolzer 500 Afghani, dat si bal 7€, dat ass méi ewéi dat duebelt wat e soss esou am Land bezilt fir e Monument kucken ze goen.

De Präis kënnt wuel dohier datt d'Zitadell vun Herat tëschent 2006 an 2011 komplett restauréiert gouf. Et ass e beandrockende Bau, 250 Meter laang a 70 Meter breet, Unesco Weltkulturierwen (Wat dréit déi Bezeechnung eigentlech net?). Si soll aus dem 14. Oder 15. Joerhonnert stamen, ass wéi oft zerstéiert an erëm opgebaut ginn. Honnerte vun afghaneschen Handwierker hunn aus de Ruinen erëm e stolze Bau gemaach. 2,4 Milliounen Dollar soll d'US Regierung sech d’Renovéierung kaschte gelooss hunn, de Präis fir 23 Hellfire Rakéite mat deen d'Drone bestéckt sinn.

"Happy Landing"
De Bus vu Kam Air dee virum Fluchhafen zu Herat steet huet als Destinatioun „Schönberger Strand Stakendorf“ affichéiert, dat si laut Google Maps 6202 Kilometer, kéint nawell eng länger Rees ginn.
De Fluchplang ass hei genau esou flexibel wéi d'Auerzäite wou eppes opgeet. Mat eng seriöer Verspéidung start de Fliger Richtung Kabul. De Pilot huet nawell Humor, wënscht de Passagéier no enger kuerzer Usproch viru Kabul „Happy Landing“ a léist de Fliger duerno wéi e Steen op d'Piste falen.
Do ass ee wierklech happy, wann ee ganz ukomm ass.