Keng Plaz fir Leit, deenen hir Moral am Keller ass ...
En däischteren Tunnel, verbuede Fotoen, e Bus aus der Schwäiz, komesch Zeppelinen an en trauregt Monument - de Ren on Tour um Salang-Pass an nees zu Kabul.
Wann een de Pansjhir-Dallverléisst an no riets ofbéit, féiert d'Strooss Richtung Salang-Pass.
Wéi ech am Gaange sinn, e puer hëlze Bude virun där wonnerbarer Bierglandschaft ze fotograféieren, schéisst eng Toyota-Jeep queesch iwwer d'Strooss, stoppt, dräi Männer sprangen eraus, de Gul geet direkt op si duer - "wat mécht hie mat där Kamera hei?" Si mengen, ech géif filmen an dofir bräicht ech eng Genehmegung. "Hie filmt net, hie fotograféiert." De Chef vun deenen dräi Geheimpolizisten an Zivil wëll awer dovunner näischt wëssen a besteet drop, datt ech direkt ophalen, ech fotograféieren iwwerdeem dezent weider, wat gemaach ass, ass gemaach.

Eng laang Diskussioun, de Gul erkläert, datt hien de Generol kennt, dee fir d'Sécherheet vun dësem Gebitt zoustänneg ass, an datt mir um Wee fir bei dee wieren. Hie gëtt dem Polizist dem Generol seng Telefonsnummer, en Uruff, mir dierfe weiderfueren. Gutt Kontakter sinn hei alles, de Generol kréie mir ni ze gesinn.
Nodeems d'Vegetatioun méi rar an d'Loft méi dënn gëtt, kënnegt eng Kilometer laang Galerie un, datt een dem Tunnel méi no kënnt. Ewéi en donkele Fuedem zitt si sech säitlech duerch déi spektakulär Bierger, beandrockend.
De Salang-Pass, zanter Jore well ech dee Pass gesinn, Haaptverkéiersoder vu Kabul an den Norden, 1965 vun de Russe gebaut, op 3.360 Meter, war e bis 1973 den héchstgeleeëne Pass vun der Welt. Hie straalt genee esou vill Liewensfeindlechkeet aus ewéi seng Ëmgéigend, an där net emol en diere Strauch wiisst. Bannendran donkel, nëmmen e ganz klengen Deel goudronnéiert, vill Stëbs, ausgefuere Spurrillen am Leembuedem, deelweis wéineg beliicht, heiansdo e Lach am Fiels, duerch dat e gespenstegt Liicht fält. Dat hei ass keng Plaz fir Leit, deenen hir Moral am Keller ass.
"Fotograféiere verbueden", awer net fir de Ren ...
Virun der Entrée vum 2,6 Kilometer laangen Tunnel ass riets e Militärstëtzpunkt mat deenen traditionelle Sandsäck, op engem ass vun Hand eppes op Dari gepinselt: "Fotograféiere verbueden", seet de Gul. E Bléck hanner d'Sandsäck, grad keen do, schnell e puer Fotoen an dann an den Tunnel. "Kënne mir w.e.g. kuerz hei stallhalen, ech géif gären e puer Fotoen am Tunnel maachen." Dem Gul säi Gesiichtsausdrock schwätzt Bänn, "da fläiss dech awer, well wa se eis hei erwëschen, da kréie mer Misär."

Fléissen ass relativ, fir eng gutt Foto am Donkele muss ee mat Stativ schaffen. Et war Feierdag an net vill Verkéier, dat war e klenge Virdeel, an awer, 13 Sekonne Beliichtungszäit fir eng Foto kënne laang sinn.
Während mir derduerch fueren, stellen ech mer vir, wéi dat muss gewiescht sinn, ewéi hei ganz Panzerkolonnen derduerch gerullt sinn an dat Geräisch vun de Ketten duerch deen décke Rouer geschaalt huet. A wéi et am Wanter si muss, wann den Tunnel deelweis veräist ass an d'Camione Ketten opleeë mussen, fir virun ze kommen. Verschiddener rutschen da widder anerer, komme queesch un d'Stoen a blockéieren dann den Tunnel, et gi Berichter, déi di Zeene beschreiwen.

Den Tunnel war schonn oft Ursaach fir traureg Noriichten.
Wéinst senger strategescher Bedeitung war en am sowjetesch-afghanesche Krich ferm ëmkämpft, 1983 gouf et e schlëmmt Accident, wéi en Tankcamion an e Militärkonvoi gerannt an explodéiert ass, bis haut gëtt et keng offiziell Zuelen, wéi vill Leit hiert Liewe gelooss hunn. Inoffiziell gëtt vun 176 geschwat. Den 8. Februar 2010 sinn duerch eng Lawin 3,5 Kilometer Strooss verschott ginn, 166 Leit koumen ëm d'Liewen.
Taliban, Schwäizer Postbus an e grujelege Mord
Wann een déi aner Säit aus dem Tunnel erauskënnt, gëtt et e puer Buden, déi Gedrénks a Liewensmëttel verkafen, hei musse mer d'Kéier maachen an zeréckfueren. Säit e puer Méint maachen d'Taliban op dëser Säit vum Pass onregelméisseg Stroossespären a kontrolléieren d'Gefierer. Eigentlech hate mir geplangt, iwwert d'Strooss duerch de Salang-Tunnel op Mazar-e Sharif ze fueren, awer duerch déi rezent Talibanaktivitéiten hu mir eis fir de Fliger entscheet.
De Schwäizer Postbus kënnt laanscht, si hunn hire Reseau anscheinend enorm ausgebaut.

Zeréck zu Kabul, et ass nach ëmmer Feierdag, d'Eid-Fest dauert véier Deeg, vill Leit si gutt gekleet. Net wäit vun der Shah-Do Shamshira Moschee, e schéint Gebai um Bord vum Floss Kabul, steet e Monument fir un eng schrecklech Dot ze erënneren, déi nach guer net laang hier ass.

Den 19. Mäerz 2015 ass hei déi 27 Joer al Studentin Shaheed Farkunda vun engem Grupp fanatesche Moslemen op oppener Strooss op bestialesch Aart a Weis ëmbruecht ginn, nodeems si beschëllegt gi war, e Koran verbrannt ze hunn. Als éischt gouf si gestengegt, d'Police huet probéiert, si op engem Hausdaach a Sécherheet ze bréngen, déi wahnsinneg Koranunhänger hu si erëm erof op d'Strooss geheit, du mat engem Auto iwwerfuer, uschléissend an dat ausgedréchent Flossbett geheit a verbrannt! Vill Leit hunn nogekuckt, och Polizisten, an hunn näischt ënnerholl, anerer hunn dat Ganzt mam Handy festgehal an d'Filmer an den Internet gestallt.
Spéiderhin huet sech d'Uschëllegung als onwouer erausgestallt. Tatsaach war, an der Moschee hu selwer ernannte reliéis Geléierter Handziedele mat Koranspréch verkaaft. Déi gleeweg jonk Fra ass reegelméisseg dohinner gaangen, fir dogéint ze protestéieren. Den Hausmeeschter huet ëm dat gutt Geschäft gefaart an du bewosst déi falsch Beschëllegung an d'Welt gesat, duerno huet de Misär säi Laf geholl. No nëmmen 2 Deeg Geriichtsprozess goufen e puer Prisongsstrofe geschwat, den Hausmeeschter allerdéngs gouf fräi geschwat!
Zeppeline mat groussen Oueren a groussen Aen
Net all Fra dréit eng Burka, verschidde Frae si ganz westlech a faarweg gekleet. Op ville Plaze leien d'Iwwerreschter, d'Käpp an de Pelz vun de Schof, déi fir d'Eid-Fest geschluecht gi sinn. Droge schénge präiswäert hei ze sinn, eise Chauffer keeft sech 2 grouss Stécker Haschisch fir 3 €.

E beléiftent Ausfluchszil vun den Afghanen ass de Platto um Bierg Gora Marandzhan. Do steet de Mausoleum vum Kinnek Mohammaed Nadir Shah an et huet een eng wonnerbar Aussicht op Kabul, op d'Iwwerreschter vun der Festung Bela Hissar an op d'Graf vum Sultan Mohammed Telai. Niewent deem gëtt grad en US-Zeppelin, dee fir d'Iwwerwaachung an anscheinend och der Rakéitenofwier déngt, op de Buedem geholl. Iwwerall schwiewe grouss wäiss Zeppelin an der Loft, déi alles héieren a gesi sollen.

Geféierlech an archaesch
Vill Kanner rennen do mat Scooteren, oder esouguer richtege Motorrieder, si léieren do fueren, déi eng méi einfach, déi aner iwwer den haarde Wee. E Knirps flitt op enger Vespa poulriicht op en Auto duer, deen do steet. Dat Mannst, wat ee ka soen, ass dat d'Vitess an de Bremspunkt bei deem Ënnergrond optimistesch gewielt sinn. A leschter Sekonn mat aller Kraaft d'viischt Brems gezunn a voll op d'Suckel. De Bouf hält sech de bluddege Kënn an hippt op engem Been dovun, d'Vespa läit am Stepps, d'Liewen ass kee Biscuit.
Fir e puer Afghani kann e mat engem Päerd iwwer de Platto reiden. E Mann, deen sech e puer Minutten op esou engem wonnerschéine wäisse Päerd geleescht huet, straalt iwwer d'ganz Gesicht, genee esou wéi déi kleng Kanner, déi sech op e puer archaesche Spiller, vu Muskelkraaft ugedriwwen, ameséieren. Hei sinn se nach mat wéineg zefridden.

De Versuch, den Darul-Aman-Palast nach emol ze fotograféieren, féiert zu enger gréisserer Diskussioun. En Zaldot freet mäi Pass, hie well de Visa gesinn. Ech weisen him de Visa, awer hie kann anscheinend net liesen a bliedert duerch de Pass, sicht den afghanesche Visa. Da verschwënnt hie mam Pass, de Gul hannen drun, hie muss Erklärunge liwweren. Den Zaldot mengt, ech dierft dat net, de Gul argumentéiert, datt den afghaneschen Ausseministère schliisslech de Visa accordéiert an duerno wuel kee méi eppes a Fro ze stellen hätt. Hie muss sech och ausweisen, seng Identitéitskaart als Guide gëtt agezunn, "déi dierfs de mar bei de Kommandant siche kommen". Do wäerte wuel erëm e puer Schäiner fälleg sinn, fir se zeréck ze kréien.
Déi selwecht Marken a Produite wéi bei eis
Zu Kabul gëtt et bal alles ze kafen, wat een och bei eis kritt, wann een et emol geschafft huet, do eran ze kommen. Och hei streng Sécherheetskontrollen, kee Fotoapparat dierf mat eran an d'Geschäft, eréischt nodeems deen am Auto ass, een ofgetaascht ginn an duerch 2 Scanner gaangen ass, geet eng stolen Dier op an et dierf een eran. Et ass net ze gleewen, awer et gëtt déi selwecht Marken a Produkter, déi et och bei eis doheem gëtt.

Op d'mannst dëse Buttek schéngt net vill vun Afghane genotzt ze ginn, virun der Dier sti gepanzert Toyota-Jeepe mat UNHCR-Beschrëftung drop a Chauffer hannert der Renkel. Wann ee schonn am Déngscht vun der Mënschheet ënnerwee ass, da soll et engem wéinstens selwer materiell un näischt feelen ...
Ren