Déi grouss Nationalparke ganz am Süde vum Kontinent

Ee vun deene ganz groussen Highlighte vun all Südamerika-Rees: De Perito-Moreno-Gleschter am Nationalpark Los Glaciares am südlechen Deel vu Patagonien. / © René Hilbert
18. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.
Puerto Natales ass e gemittlecht klengt Dierfche bliwwen, obwuel do d'Schëffer landen, déi Touriste bréngen fir an de Nationalpark Torres del Paine. Keng Héichhaiser, mä léif kleng Wunnengen, déi zum Deel mat knallege Faarwen ugestrach sinn.
Ech hat nawell Gléck, wéi ech an den Torres del Paine gefuer sinn, et war säit enger Woch deen éischten Dag, wou et net gereent huet, keng Wolleken hunn d'Siicht op d'Bierger verspaart, am Géigendeel, bloen Himmel, wat eng Chance. Ech hu bewosst beschloss als éischt erëm e Stéck erop ze fueren a Platz direkt erof op Ushuaia, falls ech mam Wieder Pech hätt, da kéint ech um Réckwee nach eng Kéier probéieren, déi 3 Tierm am Park del Paine, de Perito Moreno Gletscher an de Bierg Fitz Roy zu El Chalten ze gesinn.
Déi 3 "Tierm" vum Torres del Paine
De Wee fir an den Park ass 140 km laang, wonnerschéin a féiert laanscht e Séi mat am Hannergrond verschneite Bierger, kleng Haisercher, wou d'Gauchoen dra wunnen, virun der Dier stinn hir Päerd, oder laanscht kleng Gruppen vu Guanacos. Dat sinn Déieren, déi ausgesinn ewéi schlank Lamaen, si gehéieren zu der Famill vun de Kaméiler, hirt Fleesch kann een iessen, awer hirt Fäll kann net als Woll verschafft ginn. Déi jonk Männercher streide sech regelméisseg a wien do gewënnt, dierf méi spéit seng eege Famill grënnen, déi an der Moyenne aus 15 Déieren besteet, 1 Männchen, e puer weiblech Déieren an di Kleng.
Vu wäitem gesäit ee schon di 3 Tierm aus dem Park, e spektakulären Ubléck. E Waasserfall ass och net iwwel, verbrannte Beem an der Ëmgéigend erënneren drun, datt en Tourist virun e puer Joer 10 Prozent vun de Beem ofgefakelt huet, well hien onvirsiichteg war. Fir béi di dräi Tierm ze kommen, muss een iwwert eng hëlze Bréck fueren, virun der Bréck steet e Schëld, datt di Bréck an engem schlechten Zoustand ass an dat een all Passagéier aus dem Auto klamme loosse soll, ier een driwwer fiert. Si schéngen e speziellen Humor hei ze hunn, getrei dem Motto, "e bëssche Verloscht ass ëmmer".
Einfach nëmme schéin!

Di Bierger am Park sinn esou beandrockend, Faarwen a Formen vun enger seelener Schéinheet. Fir déi, déi wanderen, féiere verschidde Weeër duerch de Park, fir dee längste brauch een 11 Deeg. Ech fuere just mam Moto derduerch, kéint een an engem Dag maachen, awer ech campéieren owes um Pehoe Séi, vun do gesäit een direkt op d'Haaptgrupp vun de Bierger, ech kann si Stonne laang bekucken.
De Camping ass flott, d'Bedreiwer méi ewéi hëllefsbereet, si huelen aus engem Iwwerdach den Dësch mat de Bänken eraus, "voilà, stell däin Zelt do dran, da bass de roueg". An esou war et, keng Loft, schéi waarm, moies reent et e bësschen an ech leie gemittlech dréchen am Zelt ënnert dem Iwwerdach. Am Restaurant schafft e lëschtege Garçon, deem de Moto et wuel ugedoen huet. "Ass dee Saumon hei aus dem Séi?" - "Nee, industriell, ech géif dovunner opfroden, mir schmaacht en op alle Fall net, a vill ze deier." Den Typ ass méi ewéi lëschteg, "iwwerhaapt ass hei alles ze deier, ech géif der roden, den Dagesmenu ze huelen, do kris de eng Zopp, eng Lasagne, en Dessert an eng Limonade fir 8.500 Pesos (10€)", all di aner Saachen op der Kaart kaschte bal dat Duebelt, ouni Entrée, Dessert a Limonade.

Deem Déier hätt ech net wëlle begéinen ...
Et gëtt nach en zweete Wee fir zeréck op Puerto Natales, do kommen ech laanscht d'Cueva del Milodón, déi no deem prähistoreschen Déier benannt ginn ass, wat fréier do gelieft huet, de Milodón, e Risefauldéier. An der Entrée vun der Höhl steet eng Skulptur, déi dat Déier a senger Gréisst duerstellt, deem hätt ech net wëlle begéinen, wann et schlecht gelaunt war.
Wéi ech zeréck op Puerto Natales kommen, begéinen ech engem englesche Motorradsfuerer, dem Adam. Hien sicht en Zëmmer, hien zielt mir, datt hie grad en australesche Motoradfuerer begéint hat. Ech huelen hie mat an den Hostal, wou ech di Deeg gewunnt hunn. Si hu just en Zëmmer mat 2 Better, mir beschléissen, dat zesummen ze huelen. Sou soll dat sinn, virun 10 Minutten nach net kannt, elo en Zëmmer zesummen a mar trennen sech eis Weeër erëm.
"De kuerze Wee ëm d'Welt"
Den Adam ass e lëschtege Kärel, wéi d'Zentimeter ausgedeelt goufen, stoung hien net an der éischter Rei, Hoer waren och net méi vill fir hien iwwreg, hien hëllt dat mat Humor, seng Devise op sengem Internet-Site, "kuerz Been, kuerz Hoer, knapp bei Keess, de kuerze Wee ëm d'Welt". De kuerze Wee dauert elo schon 2 Joer a 4 Méint a soll nach bis Oktober weider goen. Wéi mir am Hostal sëtzen an Informatiounen austauschen, kënnt den Australier laanscht gepilgert, hien kënnt eran, 5 Minutte méi spéit, mir laachen ons kromm, trëppelt en Typ mat engem Motorradspneu op der Schëller laanscht, gesäit eis a kënnt eran. Et ass den Thierry aus der Schwäiz. Esou hu sech bannent enger Stonn 4 Motoradfuerer fonnt déi sech net kennen a beschléissen, dat ze änneren an zesummen Iessen ze goen.
D'Theme bei esou Iessen sinn e bësschen anescht, wéi wann een mat der Famill iesse geet, den Thierry, "ech well onbedéngt Japan gesinn", den Adam, "et gëtt eng Fär vu Wladiwostok op Fushiki/Japan". Nierwent eis sëtzen en eeleren Här aus Amerika a seng Madame, si lauschtere ganz begeeschtert no a stellen heiernsdo eng Fro, hei gëtt et schliisslech Informatiounen aus éischter Hand.
Mam Thierry iwwert Grenzen
Et stellt sech eraus datt den Thierry an ech den Dag drop wëlles hunn, déi selwecht Streck ze fueren an hie freet, op mir net zesumme fuere kéinten. Firwat net, hien ass sympatesch, also gi mir eis Rendezvous géint Mëtteg, hie wëll nach säi Pneu wiesselen an den Adam kritt nach moies e Crash-Cours an digitaler Fotobeaarbechtung.
Et geet erëm iwwert d'Grenz no Argentinien, mir kommen op Rio Turbio, en Dierfchen, wou haaptsächlech Minenaarbechter liewen, an Haiser stinn, déi hallefronn sinn an aus Wellblech gebaut sinn. Radio Cristiana op UKW 104,5 suergt fir gutt Stëmmung am Duerf, méi wäit dierft déi Antenn wuel net reechen ...
Onendlech Landschaften, onendlech Stroossen

Duerno geet et duerch déi onendlech Landschaften vun Patagonien, Stroossen esou wäit e kucken kann, an en Himmel, datt engem de Mond opstoe bléift. Deen hänkt esou déif, datt ee mengt, et misst een iergendwou dru kommen, fir en unzepaken. Héiernsdo steet eng kleng Farm ganz eleng an ofgeleeën an der Landschaft, Schoofszichter. Si gesi scho méindes wie freides op Besuch kënnt, dat ass och néideg, well hei brauch ee bis mëttwochs fir bis an d'Epicerie an zeréck. Wa mir iwwert d'Routa 40 fueren, spuere mir 130 km, si ass awer net goudronnéiert an déi leschten 20 Kilometer solle bei Reen net ze befueren sinn. No 14 Kilometer fänkt et mat Reenen un, mir beschléissen ëmzedréinen an iwwert de Macadam ze fueren, wat sech als richteg erausstelle sollt. An de risege Wise laanscht d'Strooss lafen Emuen, Vullen aus der Straussefamill, vill rosa Flamingoen stinn an de Séier, Schof rennen iwwert de Wee.
Zu El Calafate gëtt et e gudde Camping, op deem mir eis nidderloossen, all Zeltplatz huet e Grill, eng Bänk an en Dësch, Luucht a Stroum, an de Camping huet Wi-Fi, dat ass et natierlech, Wi-Fi am Zelt, et gëtt ëmmer besser. Mir gëtt et allerdéngs ëmmer méi schlecht, ech hu mech fir op Calafate gutt erkaalt, ech war naass ginn an et war kal, keng Chance.
14 Kilometer Äis, dat wisst!

Vu Calafate aus fiert een de Gletscher Perito Moreno kucken. Well dat spektakulär ass a vill Leit dat maachen, ass di Stad richteg schéin touristesch mat deiere Restauranten an all deem Kreemchen, deen Touriste kafen. De Gletscher selwer allerdéngs ass een vun den Highlights vu menger Rees, ech géif esou guer behaapten, vun all Rees. Hie läit am Gletscher-Nationalpark (Los Glaciares) an ass deen eenzege Gletscher ausserhallef vun der Antarktis a vu Grönland, deen nach wiisst. Hie réckelt pro Dag an der Mëtt 2 Meter (!) an op de Säite 40 cm no vir, wann ee virdru steet a riichtaus kuckt, gesäit een 14 Kilometer Äis.
Di Geräischer, wou dat Äis vu sech gëtt, sinn onvergiesslech, et knackt a kraacht permanent, a regelméisseg brieche méi oder manner grouss Stécker of a falen an d'Waasser, dat knuppt all Kéier, wéi wann eng Bomm géif explodéieren. Mir hu Gléck a gesinn e grousst Stéck eroffalen, ech kréien esou eng Foto dovunner gemaach, onvergiesslech. Di ganz Front vum Gletscher ass beandrockend 5 Km breet a 50-55 Meter héich ausserhallef vum Waasser, ënner Waasser verstoppe sech nach labber 180 Meter - dat sinn Dimensiounen, déi schwéier ze fasse sinn. Ganz vir, do wou Stécker ofbriechen, wiest d'Äis an d'Luucht ewéi Tierm vun enger Kathedral, eng leschte Kéier beemt d'Äis sech op, ier et iergendwann ofbrecht an erëm dozou gëtt, wat et war, flëssegt Waasser.
An di Faarwen! De ganze Gletscher schimmert hellblo, an do, wou d'Äis opgebascht ass, kann ee bannendra gesinn, do liicht et fluoreszent blo, en Naturwonner. Mir bleiwen vun 10.30 bis 17.00 Auer, et kann een net ophaale mat Kucken, esou schéin ass dee Spektakel.
Dat ass Dankbarkeet!
Owes beim Zelt ziele mir eis eis Reesgeschichten, den Thierry huet säin halleft Liewen op dës Rees opgebaut, huet dofir gesuergt, datt hie mat 50 net méi brauch ze schaffen, hie kritt der dëst Joer 49, hien huet et e bësschen éischter fäerdeg bruecht. Seng Rees dauert onbegrenzt, 5-6-7 Joer, tëschent all Kontinent fiert hien Heem fir e puer Méint a besicht seng philippinesch Frëndin, där hien eng Ausbildung als Infirmière finanzéiert, hie wëll no der Rees op de Philippine liewen. Seng Frëndin huet Gebuertsdag a nodeems si fäerdeg ware mat Skypen, huet hie mir eng super Geschicht gezielt.
Währenddeem si telefonéiert hunn, huet et bei der Joffer un der Dier geschellt, virun der Dier stoung eng Fra mat hiren 2 Kanner, si hunn der Frëndin eng Banannestaudt bruecht. Während der Ausbildung als Infirmière geet si an entleeën Dierfer a kläert di Leit do iwwert d'Hygiène op. Di Fra war dofir esou dankbar, datt si dat schwéiert Geschenk de ganze Wee mat hire Kanner gedroen huet. Si waren nuets buerféis (!) um 3 Auer lass gaangen an hate sech de ganze Wee duerchgefrot, bis si d'Haus fonnt hunn, wat de Thierry do gebaut huet.

"Deng Hoer sinn awer laang ginn"
Wéi ech den Dag drop duerch El Calafate lafen, gesinn ech op eemol e Moto do stoen, deen ech kennen, et war dem Omer an dem Gil säin, mat deenen ech e puer Deeg a Kolumbien an Ecuador ënnerwee war. Ech hu si am Internetcafé fonnt, d'Gil koum eraus gestiermt, ech si gedréckt ginn, bis ech keng Loft méi kritt hunn, "Mir hunn esou oft vun dir geschwat an eis gefrot, wou s du dru solls sinn, deng Hoer sinn awer laang ginn", den Omer kënnt an emaarmt mech.
Hir Sich no engem Zëmmer hat sech grad erleedegt, si si mat op de Camping komm, mir hunn eis esou vill z'erziele gehat, datt et op eemol Owend war, ech hat d'Zäit vergiess, an domatt och, deen heiten Artikel ze schreiwen.
Salut,
Ren