2. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.

Den Dag, ier ech an den Amazonas geflu sinn, sinn ech moies nach eng Kéier op den Cerro Monserrate gefuer, du war d’Wieder besser an et huet een iwwer d’ganz Stad gesinn, esou guer bis an d’Bierger. Op der Kopp géigeniwwer der Kirech uewen um Bierg steet eng grouss Jesus-Statue. Ech stung do, déi Statue ze knipsen, ewéi e bemol am Dall nierft der Statue eng Schéisserei lass gang ass, déi et a sech hat.

Nierft mir stoung eng Fra, si huet mech ugekuckt, mir hu keng Wierder misse wiesseln, et war kloer, do gouf net op Huese geschoss. Fir ons huet keng Gefor bestaan, dofir war et ze wäit ewech. Mais an de Bieger do halt dat ganz schéin. Mat Intervalle vun e puer Minutten huet dat Ganzt eng hallef Stonn gedauert, du war et roueg, kuerz drop ass aus dem Dall décke schwaarzen Damp opgestiegen, du war de Problem wuel gereegelt ... Iwwert d’Grenz spazéieren, ouni de Pass ze weisen

Den Hermann, Bësetzer vum "Guest House" huet mir eng Adress ginn fir am Amazonas ze wunnen, e Frënd vun him, de Frey, ass do Schoulmeeschter an bedreift niewelaanscht 2 Hütten fir Touristen. "Et ass einfach ze fannen, du hëlls e Boot vun Letitia op Puerto Narinio (80 Km) an da leefs de 20 Minutten zu Fouss aus dem Duerf a scho bass de do. Du brauchs nëmmen no him ze froen, all Mensch kennt hien do." Owes ier ech sollt fléien, koum den Hermann froen, op ech him kéint ee Gefaale maachen. "Kanns du dee Bréif héi an en USB Stick mat huelen an dee mengem Frënd Frey ginn, a breng w.e.g. kee Geschenk vun him mat fir mech, déi leschte Kéier krut ech en Delphin aus Holz, 10 kg schwéier. Dofir hunn ech hie gefrot, op hie näischt bräicht, an hie sot, en USB-Stick wier fain. Hien huet Chance mam Bréif, ech hunn deen eréischt eng Woch, héiernsdo muss hien iwwert 1 Mount drop waarden."

Um Flughafen ass dat nawell gemittlech, datt de Fliger 20 Minutte Verspéidung huet, schengt ganz normal ze sinn. Wann de Fliger dann zur Landung op Letitia usetzt, gesait ee schonn iwwert den Amazonas, beandrockend, iwwerall schlängele sech Nierwenärm vum Amazonas duerch denn Urwald. D’Beem stinn esou dicht béieneen, datt ee menge kéint, et wier e bewuessene Bueden, mee kee Bësch. Wann een dann zu Letita aus dem Fliger klëmmt, dann erschléit een d’Hëtzt an d’Fiichtegkeet. Ech hu Fotoe gemaach, mee mäin Objektiv ass direkt ugelaaf an d’Biller gesinn ewéi am Niwwel aus. Am Flughafen gëtt een da per Handschlag vun engem Polizist begréisst an et kritt een e Plang vum Duerf. Mam Gepäck kënnt een net esou liicht eraus. Et muss een den Ticket mam Bar Code weisen, an dat muss dee selweschten ewéi op der Valise sinn, soss gëtt et Misär ...

Ech sinn du mam Taxi an d’Duerf gefuer, direkt dohinn, ewou d’Schëff fortfiirt, dat war awer fir haut scho fort an ech hunn en Ticket kaaft, fir den Dag drop - et passen nëmmen 15 Leit an d’Boot, dat ass schnell voll. Letita ass e gemittlech Duerf mat 28.000 Awunner, wou et awer am Géigesaz zu de meeschten Amazonasdierfer Autoe gëtt, et ass awer net iwwer Land ze erreechen, just um Waasser- oder Loftwee. An och sooss gëtt et esou zimlech alles, wat ee brauch. Wann een an deem Duerf net oppasst, dann ass een op eemol a Brasilien ukomm. Dat brasilianescht Duerf Tabatinga ass mat Letitia mëttlerweil zesummegewues, an esou laang een an denn Dierfer bleift, kann een iwwert d’Grenz spazéieren ouni de Pass ofstemmpelen ze loossen.

Den Dag drop hat ech dunn nach Zait, ier d’Schëff komm ass, fir dat lokalt Liewen ze bewonneren, déi ganz Booter, déi do beluede ginn a sech dann um Amazonas verdeelen. Am beschte gefall huet mer e klenge Naachen, dee matt groussen Äisbléck beluede ginn ass. Männer hunn all Kéier ee schwéieren Äisblock missten iwwert glëtscheg Holztrappen an duerno duerch de Bulli bis bei de Naachen droen an da sinn déi Bléck um Buedem vum Naache verstaut a mat Plastik zougedeckt ginn. Mat engem klenge Kanu op engem grousse Floss ...

Eist Boot ass kleng an enk, d’Gepäck muss op den Daach, mee mir si schnell ënnerwee, halen héiernsdo stall, e puer Leit klammen eran oder eraus. Da passéiere mir de Policebüro um Waasser, de Kapitän gett d’Lëscht of mat de Leit u Bord, an no bal 2 Stonne komme mir zu Puerto Narinio un, e klengt léift Duerf, wou et net vill gëtt, keng Autoen, dofir vill Rou a Propretéit. Dreck fënnt een héi keen, all Moies trëppelen d’Awunner a Gruppen duerch d’Duerf a sammelen den Dreck an. Ech maache mech op d’Sich no dem Alto de Aguilar, dem Frey sengem Uwiesen. Et ass immense wearm, de Schweess leeft nëmmen esou erof. Nodeem ech e puer mol nom Wee gefrot hunn, fannen ech hien. E leschtege Kärel, streng gleeweg, a sengem Openthaltsraum hänke Biller vum Poopst a verschiddene Perséinlechkeeten an donkele Gewänner, déi mir onbekannt sinn, mee dat wëll jo och näischt heeschen ...

Ewéi ech him den USB-Stick an de Bréif iwwerreechen, strahle seng Aen, "den Hermann ass e gudde Mann", dee Saz kréien ech nach oft ze héieren. Mir halen dat ganzt direkt an enger Foto fest, kuerz drop kréien ech de José virgestallt. Hien ass een Indianer vun engem Niewenduerf, huet e Kanu aus engem Baamstamm an ech starten direkt mat him, fir Delphine kucken ze goen. Et huet mech nawell e bëssi Iwwerwannung kascht, fir nach eng Kéier mat menger Fotosausrüstung an e Kanu ze klammen - nodeem ech viru Joeren a Kanada eng ganz Ausrüstung an engem Séi versenkt hunn, ewéi de Kanu getippt ass.

Am Amazonas gëtt et zwou Zorten Delphinen: déi gro, si si méi kleng a gesinn esou aus ewéi een Delphine kennt, an dann dei rosa, vill méi grouss, bis 2,7 Meter an 160 Kilo schwéier. Mir fueren eng hallef Stonn, bis mir op eng Plaz kommen, wou der oft solle sinn. No e bëssche Waarden, gesi mir der och, mee déi rosa si schwéier ze gesinn an nach méi schwéier ze knippsen: Si kommen net esou wäit aus dem Waasser eraus. Et ass nawell spektakulär an esou engem Kanu, zumools wann et ëm een erëm donnert a blëtzt, awer bei eis ass et nach drëschen an de José stéiert sech kee Meter dodrunn. Mir begéinen e Fëscher a sengem Naachen, maachen emol bei him Halt a kucken, wat hien esou gefaangen huet - 2 grouss wonnerschéi faarweg Piegen, an dann e super Piranja, muss ech direkt knipsen.

Moien Tarantel, hues de gutt geschlof?Um 17.30 Auer ass et däischter am Amazonas, 17.35 Auer si se do, d’Moskitoen, eng ganz Arméi iwwerfällt een an da gëllt et, sech an d’Hütt ze verzéien, wou alles mat Moskitonetz zougemaach ass. Wat awer net verhënnert, dass sech a menger Hütt eng Onmass aner Déiercher getraff a beschloss hunn, do ze iwwernuechten. E Fräsch, e risen Heesprenger, vill kleng Gedéiesch, dat bescht awer ass eng Spann, eng Tarantel, vielläicht 10 cm Duerchmiesser, Dir kënnt iech se op der Foto ukucken. Si war dei 3 Deeg do an huet sech net all ze vill bewegt.

Den Dag drop si mir mam Boot op San Martin gefuer, en Indianerdierfchen matten am Urwald, nëmme mam Boot ze ereechen. Do gëtt et vill ze kucken an ze bestaunen, z.B. gesinn ech do déi éischt Kakaopflanz a mengem Liewen, do wuesse verschidden Zorte Paprika, mir besichen e puer Familljen, kaafen 2 Ananas an ech maache vill Fotoen. Schildkröten schengen oft um Menü ze stoen, et léie vill Schildkrötepanzer an der Landschaft erëm, an net déi klengst. Zeréck beim Frey ameséiere mir eis e bësschen mat sengen 2 Papageien, riseg Déieren, schéi faarweg, blo a giel, si kommen an huelen d’Brout, wat een an der Hand hält.

Owes, nom Iessen, trëppelt de Frey mat sengem Rousekranz duerch d’Nuecht a biet, hien hëllt déi Saach nawell serieux. Den anere Moien sinn ech mam José a sengem Bouf mam Boot als éischt emol bei hien heem getuckert.

Mir sinn du Richtung seng Hütt gewandert an hu missten iwwert e Briet balancéieren, wat als Brëck gedingt huet, "héi an der Baach gëtt et Kaimane", dat mussen awer klenger sinn, well d’Baach huet net vill Wasser. Nodeem ech dann d’Famill virgestallt kritt hunn, ass hien dozou iwwer gang, Vidange u sengem Motor fir säi Baamstamm ze maachen, den Ueleg ass esou guer opgefaange ginn an et ass opgepasst ginn, dass näischt laanscht leeft. Ech si verwonnert. Den Ubléck huet mech net vun der Bänk gerappt ...

Déi Konstruktioune vun engem Kanu, wat aus engem Baamstamm geschlo ginn ass mat engem Honda-Motor, dee mat 2 Fligelschrauwe festgemaach gëtt, ass eigentlech genial: einfach, mee efficace. Owens gëtt de Motor lassgeschrauft a mat an d’Hütt geholl. Ewéi ech déi Konstruktioun déi éischte Kéier héi gesinn hunn, huet si mech un Thailand a Kambodscha erënnert, do hu si déi selwescht Systemer vun Undriff: Vum Motor aus geet ee gutt 2,5 Meter laange Kardan bis bei de Probeller, eng Konstruktioun, fir och a flaachem Waasser ze fueren, a well ech jo elo genuch Zäit hunn, während dem Vidange dat ganzt ze inspizéieren, fannen ech och dann e Schëldchen um Kardan, wou grouss Thailand drop steet. Nodeem d’Maschinn elo mat néiem Ueleg befëllt erëm asazbereet ass, kréie mir nach e Kachdëppen mat Iessen vun der Madame mat op de Wee.

Mir fueren annerhallef Stonn den Floss erop, schliesslech gëtt dat Dëppen opgemaach an et gëtt z’Iessen. Et gëtt dee schwaarze Fësch mat der haarder Schuel, Cucha genannt, mat gedämptene Bananen an enger Zopp. Den Ubléck huet mech net vun der Bänk gerappt, mee wann een et net schmaacht, kann een et jo och net beurteelen. Nodeem ech e Läffel vun der Zopp, an där dat ganzt schwëmmt, geschmaacht hunn, fannen ech et emol guer net esou schlecht: De Fësch ass ok, d’Banane sinn ewéi ëmmer drëschen a mieleg, mee et gëtt ee sat dovunner.

Eng Landepist fir d'Mafia a Kaimanen, déi äntwerenDa komme mer op eng Plaz, ewou de Floss relativ laang richt ass an och e bëssche méi breet, a währenddeem mir no lénks ofbéien a Richtung Lago Negro seet de José, "héi ass eng Start- a Landebunn fir d’Waasserfligeren", "war fir eng Fligeren?", "déi vun der Mafia, déi ewou d’Drogen vun hei aus dem Dschungel eraus fléien".

Ennerwee fir bei de Séi maache mir Halt, do soll et e klenge Séi am Urwald ginn. Mir schloen eis e Wee duerch de Bësch a komme bei e Séi, deen awer ganz zougewues ass, wou mir op eng Indianerfamill stoussen, déi do fëscht, um Féier laie schonn e puer prächteg Fësch. Op meng Fro, op et an deem Séi och Krokodiler gëtt, kréien ech als Äntwert: "Crocodiles gigantissimo", aha. De José imitéiert dann 3 Mol e Geräisch, wat ech net kennen, vun där aner Säit vum Séi (ca. 30 Meter) kommen déi selwëscht Geräischer zeréck. "Fëscher?", "nee, Kaiman".

Mir fuere weider Richtung Séi, de Floss gëtt ëmmer méi kleng, plazeweis nëmmen nach 2-3 Meter, vill Gesträich läit am Waasser, de Probeller muss méi ewéi eng Kéier aus dem Wasser geholl ginn, fir net beschiedegt ze ginn. Da si mir ukomm, dat Waasser vum Séi ass wierklech schwaarz, awer wuel wéinst dem Torfgehalt am Buedem, an Irland si vill Séier zëlwescht.

Mir ginn u Land a schloen eis mat der Macheete e Wee duerch den Urwald, beandrockend ass, wivill Planzen a Beem mäi Betraier kennt; alles, wat hei wiesst, schengt fir eppes gutt ze sinn. Mir fannen e Gummibam, e puer Schléi mat der Macheete an d’Schuel, a kuerz drop drëpst de wäisse Latex aus dem Bam. Oder Basaltholz, liicht ewéi eng Plomm. Oder Meranti, haart a richt wonnerbar.

Am beschten huet mer awer en ongeféier 6 Zentimeter décke Stronck gefall, zack, zack, mat der Macheete 1 Meter erofgeschloen, e puer Sekonne gewaart, a scho leeft glaskloert Drénkwaasser aus dem Holz, schmaacht super! Et sti riseg Beem am Urwald mat Duerchmiessere vun 2-3 Meter, awer och wonnerschéi Formen, wann een e bësschen oppasst, fënnt een do Blieder esou schéin, ewéi wann ee se extra entworf hätt. Awer och vill pickeg Dénger sinn am Bësch, sierf et Beem oder Sträich oder Millioune Moskitoen, déi mat Begeeschterung Touristen aussuckelen. Dat deet richteg wéi, wann déi picken, héiernsdo blutt et esou guer an et gi wonnerbar Schwellungen, déi deeglaang unhalen.

Piranjaen a Fësch, déi grommelenMir komme bei eng kleng Baach, de José sicht e bësschen a fënnt 2 kleng Schlangen am Waasser; hie mengt, déi wieren net esou lëschteg. Nodeem mer dunn déi Bach iwwersprongen hunn, fängt et u mat Reenen, a wann et am Amazonas reent, da reent et richteg. No enger hallwer Stonn berouegt d’Saach sech, a mir sinn zoppnaass a beschléissen elo, e bësschen vum Boot aus ze fëschen.

Mäin éischte Fësch, deen ech am Amazonas fänken, ass esou ee klenge schwaarzen mat där harder a schaarfer Schuel vum Typ Cucha, gesäit schéin aus a gëtt fir e Fësch nawell komesch Téin vu sech, grunzt esou donkel. Schliesslech fänken ech nach 2 Piranjaen an e puer aner mir onbekannten Zorten. Allerdéngs kéint een d’Fëschtertechnik héi nach e bësschen verfeineren, well héi gëtt einfach am Bësch e Bengel geschnidden, en décken Nylon drunn an e Monsterkrop, e Stöck Fësch, a lass. Awer dat schéinst ass déi Rou am Amazonas, et héiert ee just d’Villercher, dat ass schonn onvergiesslech. Iwwerhaapt ass déi Déierewelt immens schéin, vu ganz ville verschiddene Vullen bis hin zu immense Päiperlécken (Mariposa op Spuenesch) oder risege Leguanen, an alle Faarwen, si sëtzen op de Beem oder laien um Ufer an der Sonn.

De leschten Owend, wou ech du beim Frey war, huet hien nom Iessen eng kleng Holzschildkröt an de Grapp geholl, mech bekuckt a gesot “Hermann”. Ech konnt net nee soen, hien hätt dat net verstaan. Also hun ech dem Herman eng Schildkröt matgeholl, seng Sammlung vergréissert sech lues a lues. Patient u Bord

Fir zeréck war en immense Stuerm, et huet gereent wéi aus Eemeren, et war eng Loft, fir fort ze fléien. D’Boot hat scho lass gemaach, ewéi e puer Lait gelaaf komm sinn, d’Boot huet erëm d’Kéier gemaach an ugeluecht. Ob enger Drobier ass e Kranke bruecht gin, mat engem Baxter, hien ass hannen an d’Boot geluecht ginn a lass. A wéi ëmmer: Vollgas! Dat Boot ass gesprongen iwwert déi Wellen an et si Schléi ginn, dass ee gemengt huet, dat Polyesterboot misst briechen. De Kranken huet mer leet gedoen hannen dran, well als Gesonten war et schonn net ouni. Et ass tonnen Holz am Amazonas gedriwwen, an de Kapitän hat een nierft sech, deen sollt kucken, wou et laanscht geet. Eng Kéier hu mir esou guer missten volle Rouer bremsen an de Réckgang (!) huelen, fir laanscht e Bamstamm ze kommen.

Wéi mir zu Letitia ukomm sinn, hat ech nach emmër net bezuelt, war wuel mat menger Nummer aus dem Pass an der Lëscht agedroen, mee no Suen hat nach kee gefrot. A well ech och kee fonnt hunn, dee Sue wollt, sinn ech dunn emol erëm an deen Hotel gaang, deen ech scho kannt hunn. Géint der Owend souz ech op enger Terrasse bei engem Kaffi ewéi e beemol e Bouf ganz lues un den Dësch getrëppelt kënnt. "Pardon, erkenns du mech? Ech sinn dee vum Boot, ech hu vergiess, deng Suen ze kasséieren, mee ech muss se awer bezuelen, du stess op der Lëscht."

Kee Problem, natierlech kritt hie seng Suen, 7,5 € a bei engem Kaffi hu mir de Problem diskutéiert. Hien huet erklärt, datt hien esou beschäftegt gewiescht wier, fir dem kranke Mann eng Ambulanz ze organiséieren, datt hie soss alles vergiess hätt. Hien hätt och schonn de Frey ugeruff an him de Problem erzielt an deen hätt him gesot, hie bräicht sech keng Suergen ze maachen, hie kréisch seng Sue schonn. Mir souze schliesslech eng hallef Stonn zesummen an hie sot, et wier him net egal gewierscht, déi Fahrt do, hien hätt awer eng grouss Verantwortung fir seng Passagéier an et wier geféierlech gewierscht.

Indianerdemo zu BogotaDen Dag drop sinn ech dunn zeréck op Bogota geflunn an a mai "Guest House" gepilgert, wou d’Begeeschterung grouss war, all Mënsch d’Fotoe gesi wollt an d’Wäschmaschinn genuch ze dinn hat, fir de Bulli an de Schweess vu menge Kleeder ze kréien.

Eigentlech hat ech jo gehofft, datt et méi roueg gi wier, wann ech erëm kéim, mee de Géigendeel ass agetraff, haut, Donneschdeg ware grouss Demonstratiounen héi zu Bogota vun Indianer, déi wéinst verschiddenen Ursaachen démonstréieren, déi greissten Demonstratioun war op der Plaza Bolivar an der Alstad, e puer Minutte vu mengem "Guest House". Ech hu mech schonn zesumme mat engem amerikanesche Journalist gewonnert, mir souzen de Moien an engem Café an der Alstad, onwäit vu mengem "Guest House" ze diskutéieren, ewéi e beemol eng ganz Arméi vun Zaldoten komplett equippéiert duerch d’Strooss patroulléiert ass, op all Säit vun der Strooss, an Ofstänn vun 10 Meter si si duerch de Véierel gezunn.

D’Haaptstrooss an de Süden ass op 4 Plazen ënnerbrach. Haut ass eng Persoun erschoss ginn, am Norde vu Bogota si 5 kleng Bommen explodéiert, ech bléiwen dann emol léiwer nach en Dag hei.

Ren