19. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.

Meng Erkältung huet sech gutt entwéckelt am negative Sënn, si ass ëmmer schlëmmer ginn, wat dozou gefouert huet datt mir e puer Deeg um Camping verbruecht hunn, et war kee gestresst an et war flott zesummen, den Thierry huet sech gutt mam Omer am Gil verstan.

Argentinesch Campinger si super equippéiert an et ass flott do ze wunnen, ausser wann am Duerf e Rodeo vu Nationalem Ausmooss ass, wat am Fernseh iwwerdroe gett a.s.w. Da reese Millioune Leit mat Sack a Pack un, wann dann d'Autoradioe volle Rouer musizéieren a Kanner bis 2 Auer nuets Futtbal spillen ass dat net méi esou immens.

RTL

Wéi mer esou diskutéiere, komme mer op eng Strooss ze schwätzen, di vu La Paz a Bolivien biergof an den Amazonas féiert an den Titel vun der geféierleschter Strooss vun der Welt kritt huet, allerdéngs vun enger Firma, di Mountainbike Touren organiséiert an esou och nach en T-Shirt un hir Cliente verkafe ka mat dem Sproch "ech hunn di geféierlechst Strooss vun der Welt iwwerlieft". Di Strooss gëtt awer säit Mäerz 2007 net méi vum normale Verkéier benotzt, et gëtt mëttlerweil eng néi mat Leitplanken. Souwisou war d'Strooss selwer ni de Probleem, mä si war net breet a well do vill Camione gefuer sinn, sinn der vill erofgefall wa si sech gekräitzt hunn. Ech hatt mer Biller zu La Paz ugekuckt a mer gesot datt ech scho schlëmmer Weeër gefuer sinn.

RTL

Den Thierry péckt en Zeitungsartikel aus iwwert eng Strooss a Kolumbien, den Artikel dréit den Titel "El Trampolin de la Muerte", en handelt iwwert eng Strooss vu Mocoa op San Fransisco, et ass déi Stross, di d'Arméi eis net wollt fuere loossen, an ech si se gefuer ... mat engem gebrachene Stoussdämpfer. Eleng den 21. Juli 2008 si bei engem Busaccident 23 Leit ëm d'Liewe komm an der 22 schwéier blesséiert ginn.

Fir op El Chalten bléist eng Loft dat ee bal vum Moto flitt. Ech wier net deen éischten, fir dëst Joer si schonn 3 Motorradsfuerer hei an der Géigend vum Moto geblose ginn, een hu se nierwent der Strooss fonnt, bewosstlos. Hien ass mam Helikopter an d'Spidol geflu ginn a war 3 Deeg am Coma. Wéi hien erwescht ass hat hien näischt, e Wonner. Ech ka mir scho virstellen wéi hie bis doheem war: "Wéi war Patagonien?" - "Super, alles esou proper am Hotel, jiddfereen war wäiss ugedoen."

Et ass esou vill Loft dat de Moto net méi ewéi 85 Km/h ereecht, de Benzinverbrauch klëmmt ëm 30%.

Eppes, wat mech a Patagonien beandrockt, ass den Himmel, hien ass anescht wéi soss anzwousch, hei ass den Himmel dräidimensional, faarweg an dramatesch.

Ech wees och elo, wéi di rise Vullen heeschen, déi an de Wiese spazéieren, et sinn Nandu, si können net fléien awer rennen, dat können se, bis zu 60 Km/h.

An dann di vill Flamingoen déi an de Séier stinn, ëmmerem schéin, oder di Zort Inte mat risege Schniewel an di Faarwe vun der Landschaft.

El Chalten ass Zëmmerméisseg gesi fir ze verzweifelen, immens deier, no laangem Siche fanne mir eng präiswäert Hütt, de jonke Mann an der "Rezeptioun", "dir hutt Chance, normalerweis si mir ausgebucht". Dat deierst wat mir fonnt hate war 560 Pesos (125€), mir waren dem Häerzinfakt no, bis mir dunn 70 Pesos fir 2 bezuelt hunn (15,5€), dat war scho méi eise Budget.

De Fitz Roy a säin Noper den Cerro Torre

Zu El Chalten probéiert een de Fitz Roy ze gesinn, an säi Noper den Cerro Torre.

RTL

Mir hunn vum Duerf aus d'Spëtze gesinn, mä éigentlech wollte mir jo di ganz Bierger gesinn, also si mir no engem Besuch an enger klenger léiwer Bäckerei an där et gutt waarm war lass getrëppelt fir den Aussichtspunkt vum Fitz Roy ze gesinn. Platzeweis ass eng Loft dat ee bal fortflitt, dann 2 Dammen di de Wee blockéieren, si hunn Condoren erbléckt a sinn ausser sech, eng reecht mer hir Specktiv, "kuck kuck, mir hate gehofft een ze gesinn, elo sinn der 5 do". Et sinn och di éischt Condoren déi ech gesinn, beandrockend grouss di Déieren. Hir Flillecke sollen bis zou 3,20 Meter breet sinn (konnt leider nach kee vermoossen) a bis zu 70 Joer al ginn, ob si ab 65 eng Pensioun kréie konnnt ech och net klären.

Di eng Damm ass vu Buenos Aires a schwätzt englesch, di aner aus der Schwäiz, den Thierry ass begeeschtert. Hien erkläert der Madam vu Buenos Aires datt Lëtzebuerg eent vun de klengste Länner vun Europa wier, a wéi mir eis Äddi gesot hunn sot si "goodbye little europe", mir hunn eis kromm gelaacht.

Net gelaacht hu mir um Aussichtspunkt vum Fitz Roy, nix Montagnas, Niwwel, a soss näischt, awer kal an tonne Loft. Also hu mir eis en Eck mat manner Loft gesicht, eist Bréidche geknabbert a sinn erëm zréck getrëppelt. Mir waren am Ganzen nëmmen 3 Stonne gewandert, méi spéid hu mir eng Joffer begéint di 4 Deeg an de Bierger campéiert huet an all Moies opgestann ass fir den Cerro Torre ze gesinn, ouni Erfolleg.

Zu El Chalten gëtt et eng winzeg Hausbrauerei déi zum Plaze voll ass, d'Leit stinn esouguer virun der Dier, si huet bis 3 Moies fréi op, Prost.

Ciao Thierry!

No El Chalten trennen dem Thierry a mäi Wee sech, hie fiert Richtung Norden, ech no Süden. Wann hien erëm an der Schwäiz ass wëll hien op Lëtzebuerg kommen, seng nächst Rees an Asien féiert hien iwwert dee selweschte Wee deen ech geholl hu fir vu Lëtzebuerg bis Kambodscha ze fueren.

RTL

Si hu leschteg Stroossëlder hei a Patagonien, z. B. datt ee kee Revolver am Auto dierf hunn a scho guer net benotzen dierf!

RTL

Op der Sich no engem Zëmmer zu Rio Gallegos fannen ech e Kiirfecht fir al Damplokomotiven, datt een am Restaurant wann een eng Lasagne bestellt fir d'Bolognaise Zooss muss extra bezuele fannen ech e bessche komesch, si war trozdem gutt.

Si hunn och eng Rennpist zu Rio Gallegos, an der Entrée sti 4 al Renault, herrlech.

Kuerz no Rio Gallegos verléisst een Argentinien fir 216 Km op Chileneschem Buedem zréck ze leeën, fir op d'Feierland muss een eng Fähr huelen, eng 45 Minutte waarden, dann 15 Minutte ferm duerch Magalanstrooss schaukelen, ech treppelen emol léiwer bis bei de Moto an halen deen un, et ass gutt datt et esou kuerz ass, esou hunn ech keng Zäit fir Séikrank ze ginn.

Welcome to Tierra del Fuego

Wéi ech dunn d'Feierland betrieden an d'Schëld "welcome to Tierra del Fuego" knipse stellen ech fest datt hannert dem Schëld nach e Schëld steet, "Minenfeld", si schengen héi nach mat onerwënschtenem Besuch ze rechnen.

RTL

Am Ufank ass d'Feierland zimlech platt, mat risege Wisen a ville Schof déi nawell gutt Plaz hu fir ze grasen, zum Schluss allerdéngs sti richteg Bierger do, mat Schnéi drop, einfach schéin. Feierland ass schonn e komesche Numm fir dës Insel, well héi net dauernd gefeiert gëtt oder esou, et ass kal hei an de Wand bléist ferm. Si huet hire Numm vum Ferdinant Magellans, deen am Oktober 1520 als éischten Europäer mat 3 Schëffer ënnerwee war op d'Molluken an dobäi déi no him benannte Magellanstrooss entdeckt huet. Hien huet d'Lagerfeier vun den Urawunner gesinn an esou ass de Numm Feierland entstan.

Um 20.30 reesen ech erëm an Argentinien an iwwernuechten zu Rio Grande, déi internationaler Haapstad vun der Forell!

Den Dag drop sinn et nach 230 Km bis Ushuaia, der südlechster Stad vun der Welt, relax op Macadam, net zevill Wand, awer vill Bierger a Séien. Ech mierken datt ech der Stad mat engem gewëssenem Respekt entgéint fueren, schliesslech stinn ech virun Ushuaia, eng Foto vum Begréissungschëld, an da fueren ech weider op der Routa 3 bis an de National Park Tierra del Fuego, bis dohinner wou d'Stroos Nummer 3 ophällt, do wou just nach e Schëld steet, hei hällt d'Strooss Nummer 3 op, vun héi sinn et 3079 KM op Buenos Aires an 17848 Km bis Alaska, wann ee vun héi weider well da muss een d'Schëff huelen...Héi ass d'Enn vun der Welt.

RTL

20 Joer hunn ech vun dësem Moment gedreemt, an ausgerechent op engem Freideg den 13. geet en Dram an Erfëllung.

Salut,
Ren