20. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.

Zu Ushuaia kann een net nëmme gutt iesse goen, z. B. am Restaurant Kaupé deen 2005 zum beschte Restaurant vun Argentinien gewielt ginn ass, mä et kann een och an de Naturpark Tierra Del Fuego wanderen oder fësche goen. An deem Naturpark gëtt et verschidde Kuriositéiten, ewéi dee südlechste Postbüro vun der Welt. Do kann ee sech de Stempel vum Enn vun der Welt an de Pass drécke loossen, a wann ee Chance huet, gesäit een e Biber beim Knabberen un engem Bam.

Ech hu just duerchgeknabbert Beem fonnt.

RTL

Oder et hëlt een den Zuch, den "tren del fin del mundo", fréier en Zuch, mat deem Prisonnéier an de Bësch Holz maachen gefuer sinn, wat da gebraucht ginn ass, fir de Prisong ze hëtzen. Si hu bestëmmt mat groussen Äiffer geschafft, well wa keen Holz do war, hu si geschnaddert am Prisong. Am Wanter hu si missten als éischt emol d'Schinne fräi schëppen, fir datt dee klengen Zuch mat der Damplokomotiv iwwerhaapt emol bis an de Bësch komm ass. Deemools soutzen si am Fräien, haut sëtzen d'Touristen a léiwe klenge Wagonen hannert Glas a bewonneren déi schéi Landschaft.

Oder et bucht een en Hallefdagstrip duerch de Beagle Kanal oder eng ganz Dagesrees bis béi d'Pinguinen.

Op enger Dramrees vun enger Dramrees dreemen ...

Et huet gereent hei zu Ushuaia, a wéi d'Wolleke fort waren, du waren d'Koppe vun der Bierger wäiss, esou ewéi e Marmerkuch, wou een Zocker driwwer gerëselt huet.

Ech hunn elo schonns e puer grouss Schëffer hei am Hafe gesinn ukommen oder fort fueren, wann een si net gesäit, dann héiert een se, si Tuten all Kéier wann se fort fueren, dat schaalt dann duerch d'ganz Stad.

Gëschter ass e grousst Segelschëff ukomm, en dräi Master, wonnerschéin, segelt elo vun hei a 54 Deeg bis a Südafrika.

Ech hu mech gewonnert, wéisou andauernd e grousse, moderne Pompjeescamion tëschent dem Hafen an der Stad hin an hir fiert, bis ech erklärt kritt hunn, datt dee Camion Drénkwaasser fir d'Schëffer transportéiert.

Last-Minute an d'Antarktis

Vun hei fueren awer och nach méi kleng Schëffer fort, an op esou engem hunn ech säit e puer Deeg probéiert en Last-Minute-Ticket ze ergatteren. E leschten E-Mail-Wiessel hat ech leschte Freiden (13.2.) vu engem Tankstell aus gemaach, ganz praktesch, verschidden Tankstellen hei hu gratis Wi-Fi, wann een da säi Laptop derbäi huet, ass dat scho fein, fir bei enger Tass Kaffi seng Mailen ze kucken.

Do krut ech du matgedeelt, datt nach eng Plaz op engem klenge Schëff mat nëmmen 48 Passagéier fräi wier. De Rescht vum Dag war mäi Kapp dunn zimlech beschäftegt, schliisslech hunn ech e Mail gemaach, datt ech déi Plaz géif huelen, et ass eng eemoleg Chance. D'Büroe vun der Firma sinn an Amerika, an déi haten du scho Feierowend.

Also huet et geheescht waarde bis méindes. Ech stoung viru mengem Hostal mam Moto wéi e Mann an eng Fra laanscht komm a stoe bliwwe sinn. De Mann war och Motoradfuerer. "Wou fiers du vun hei aus hinn?" - "Ech weess et nach net, ech waarden nach op eng Äntwert fir e Last-Minute-Ticket." Et stellt sech eraus, datt d'Fra Agentin fir Last-Minute-Ticketen ass, "e Méinden ass an Amerika Feierdag, da sinn d'Büroen zou, ech ruffen a Canada un, do hunn si och nach e Büro".

An d'Keelt et geet ...

RTL

Dat war dunn awer net néideg, méindesmoies krut ech e Mail, datt ech den Ticket kritt hunn. Während e puer Stonne si vill Mailer hin an hir gaangen an den Dënschdegmoie (17.2.) krut ech mäin E-Ticket gemailt, an 3 Stonne fueren ech fir 10 Deeg an d'Antarktis.

Bis dann,
Ren