21. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.

17. FebruarMäi last minute Ticket war e Volltreffer, et gëtt nämlech verschidden Zorten vun Antartikreesen, vun der Croisière bis zu dem Typ wou ech erwëscht hunn, Antarctic adventure, e klengt Schëff mat wéineg Leit wou pro Dag 2 mol probéiert gëtt u Land ze goen. Et ass wichteg e klengt Schëff zu wielen, well pro Landung dierfe wéinst dem Naturschutz maximal 100 Leit u Land, wann een dann e grousst Schëff huet mat ville Leit dann ass dat vläicht méi bëlleg, mä wann ee Pech huet kënnt een nëmmen 1 Mol u Land.

D' Akademik Shokalskiy mat deem ech gereest sinn war an der Zäit e Forschungsschëff fir Polar a Mieresforschung ier et ëmgebaut ginn ass fir Leit ze transportéieren.

Nodeems mir äis am Hafen getraff hunn huet e Bus äis béi d'Schëff bruecht wou mir eis Kabinne gesicht hunn, ech sollt meng Kabinn mat enger Damm deelen wat mech gewonnert huet, well am Kontrakt steet datt wann een eng Kabinn mat engem Friemen deele muss da wier dat eng Persoun vum selwechte Geschlecht. Dat hat d'Madame och gelies an si wollt dunn net an där Kabinn wunnen. Si krut dunn eng kleng Kabinn mat enger anerer Dame an ech konnt eng riseg Kabinn vun 3,5 x 2,9 Meter plus e privat Buedzëmmer ganz eleng bewunnen, an dat um 4. Stack, et gouf just nach een doriwwer.

RTL

Praktesch war och datt direkt nierwendrunn d'Clinique war, an hannendrun d'Bar, wat well ee méi. E beemol stoung d'Alicia viru menger Dier, dat ass déi Dame déi fir mech wollt a Cananda uruffen, si kënnt Jiddereen hei, si ass begeeschtert dat ech eng Platz kritt hunn a stellt mech direkt enger Frëndin vun hir, der Doktesch fir, dem Fiona aus England, "voilà, dat ass de René, pass gutt op hien op". Dat war och néideg well ech verdroe Schëffer net besonnesch, gi schnell Séi krank, an fir an d'Antarkis muss een duerch d'Drake Passage, 2 Nuechten an 2 Deeg kräftegst Geschaukels. Ech kréien emol direkt 2 Pëllen, "huel eng elo an eng iers de schlofe gees".

Da kënnt schonn deen éischte Briefing, wat een op esou engem Schëff maachen dierf a wat net, alles ass stramm geregelt, no a no versteet ee virwaat. Sou kréie mir bäi bruecht wat fir e Rettungsboot fir wien geduecht ass a wéi een eng Schwammweste undeet. Mir kréien erklärt datt et sech hei ëm eng Expeditioun géing handelen wou een net alles kéint plangen an zimlech flexibel misst sinn.

Dann ginn déi eenzel Memberen vum Expeditiounsteam virgestallt, beandrockend, lauter Leit mat super Referenzen, 2 Berufsphotographen déi ënnert anerem fir National Geograpic schaffen, 1 Historiker, 1 Biologist, 1 Ornithologist, 1 Dokter, den Expeditiounsleeder huet schonn iwwert 100 Antarkisreesen hannert sech. D'Bootscrew do géint besteet aus Russen, d'Scheff ass och zu Wladiwostok ugemellt.

Mir waren nëmme kuerz an eiser Kabinn wei Schëffszireene 7 mol kuerz an 1 mol laang getut huet, dat heescht mir mussen an d'Rettungsbooter. Et war ugekënnegt ginn dat deen Test géif gemaach ginn, awer net wéini. Dofir war ech e bësschen verwonnert datt dat schonn esou fréi gemaach ginn ass, méi spéit hunn ech awer verstan firwat. Also schnell meng Schwammwest u gedoen an eraus wou dann di eenzel Nimm ofgehakt gi sinn vun deenen déi an eent vun dënn 2 orange Booter geklomme sinn. Di Booter kënnen jiddereent 40 Persounen op huelen, hunn Iessen fir 3 Deeg gelueden an e Motor, awer net fir weider ze fueren, mä fir op der Platz ze bleiwen an net ofgedriwwen ze ginn bis en anert Schëff kënnt. Et ass net vill Platz an esou engem Schëffelchen, an et ass däischter wann alles zou ass, dat muss net lëschteg sinn do e puer Deeg dran ze verbréngen.

Déi Uebung ass wichteg, well dëst Joer si schonn 2 Schëffer an der Antarktis op Grond gelaf, eent genau deen Dag wéi mir fort gefuer sinn, den 17. Februar, e Stuerm huet et während deem et geankert huet op e Fiels gedriwwen. D'Leit hu missten evaquéiert ginn, Kengem ass eppes geschitt, d'lescht Joer ass esou guer e Schëff ënner gaangen.

Nodeems mir duerch de Beaglekanal gefuer waren si mir an di gefaarten Drake Passage komm, si leit tëschent der Südspëtzt Südamerikas (Kap Hoorn) an der Nordspëtzt vun der antarktescher Hallefinsel. Dat war de Grond firwat d'Uebung mat de Rettungsbooter esou frei war, vun elo un waren di Meescht vun eis net méi an Héichform, déi eenzeg Method fir datt et engem e bëssche besser geet ass leien, an esou leien ech bal 2 Deeg an 2 Nuechten am Bett, dank deenen wonnerbaren klenge rosae Pëllen brauch ech emol net ze kübelen, e Wonner. Den 2 Dag packen ech et esou guer fir eng Véierel Stonn baussen op d'Schëff ze kloteren an e puer Biller ze maachen. Riseg Albatros fléien ëm d'Schëff, dat musse kräfteg Déiercher sinn fir an deem Stuerm do ze segelen. Et ass beandrocken d mat wat vir enger Präzisioun si regelméisseg ganz no iwwert d'Waasser fléien. Et gëtt e wonnerschéint Lidd iwwer den Albatros vun der Ex-DDR Rockgrupp Karat, dat Lidd ass nach zu DDR Zäiten geschriwwe ginn an et geet ëm d'Fräiheet wou de Kinnik vun de Mierer huet an si deemools net haten.

Well ech e esou gutt un Deck aus gehal hat duecht ech drun Owes di éischt fest Nahrung zou mir ze huelen, wéi ech dunn aus dem Buedzëmmer komm sinn ass d'Schëff mat engem Koup no lenks gekippt, ech hu keen Halt fonnt a sinn queesch duerch Zëmmer ongebremst mam Kapp no vir an de Kleederschaaf geknallt. Dat war et dann emol wat d'Iessen betraff huet, ech hunn d'Stären gesinn, eng deck Bells op menger Stir ass d'Resultat an e beschiedegt Genéck. Di Madame wou sech ëm meng Kabinn bekëmmert kënnt eran, "geet et, soll ech dir e bësschen Uebst an Crackers bréngen"? "Jo, w.e.g".

19. Februar

Den Dag drop héieren ech datt nach 2 Leit mat där Well geflattert sinn, ass awer weider näischt geschitt.

De Lautsprecher mellt "um Horizont kenne mir déi südlech Shetland Insele gesinn". Jiddereen stiermt no baussen, et war schonn e spezielle Moment, mir haten d'Antarktis areecht an wei di éischte schnei bedeckte Bierger méi no komm sinn huet schonn esou Munchen eng Tréin verdreckt.

Et gouf e schéinen Sonnenënnergang mat wonnerbare Faarwen.

20. Februar

Haut steet di éischt Landung befier, an do gëtt et erëm Vill u wat een Denke muss. Nodeems ech 3 puer Strëmp ugedoen hunn a fäerdeg si fir an e Zodiac Schlauchboot, muss een als éischt eng Kärtchen op engem Tableau ëm dréinen, da steet a platz eng Nummer "off" do, dat heescht dat een d'Schëff verlooss huet, Jiddereen huet seng Kärtchen, wann een erëm kënnt dierf een net vergiessen se erëm ëmzedréinen, esou gëtt kontrolléiert dat Keen u Land vergiess gëtt. Da muss een seng Stiwwelen desinfizéieren, all Kéier ier een d'Schëff verléist a wann een erëm kennt. Dat soll verhënneren datt d'Pinguinnen eng Krankheet opraafen déi vun engem Schëff kéint ageschleeft ginn.

Wann e sou e Landgang usteet gëtt vill Material mat geholl, esou guer en Defibrillator, wann d'Wieder emschléit dauert et héiernsdo méi laang wéi ee geduecht hat. De längste Landgang zielt de Shayne, den Expeditiounsleeder eis war 18 Stonnen, a Plaz 2.

Op Hannah Point gëtt et verschidden Zorten Pinguinne ze gesinn, Chinstrap, Gentoo an héiernsdo de Macaroni Pinguin.

RTL

Hien ass dee lëschtegsten, hien heescht esou well hien iwwert den Aen e puer laang orange Hoer huet. Et gëtt iwwregens weder e Spaghetti nach en Tortellini Pinguin. Si sinn immens di Pinguinne, wann een Gedold huet an einfach do sëtzt da kommen si bis béi een. Dat Bescht awer ass wann een hinne no kuckt wéi si duerch d'Géigend pilgeren. Si falen zimlech oft op d'Nues, mécht näischt, op gestanen a weider. Ee Pinguin wëll aus dem Waasser, hoppst op e Steen, rutsch aus, knätsch op de Schniewel, rutscht erëm an d'Waasser a probéiert et e puer Meter weider erëm.

E puer Elefanterobben leien um Strand, riseg Déieren, si beweegen sech net vill, si sinn trotzdem beandrocken d.

Mëttes sollte mer eigentlech op Telefon Bay landen, mä de Shayne gesäit eppes wat hien a Begeeschterung versetzt. Hien mengt et wier méiglech op Baileys Head ze landen, eppes wat him an 100 Kéieren eréischt 3 mol gegléckt ass. Hien schéckt en Schlauchboot lass fir d'Situatioun ze klären, et geet, de Programm gëtt geännert.

D'Landung ass spektakulär, mat Vollgas op de stäile Strand wou schonn 5 Mann stinn an d'Boot weider erop ze zeien. Baileys Head ass den Hummer, iwwert 500.000 Pinguinne liewen do, vill Robben, am Hannergrond Äis wat mat schwaarzem Vulkan Stepps iwwerzunn ass.

Zeréck um Schëff gëtt et als éischt e Briefing, dann Iessen, dann dee nächste Briefing, Nuecht dann.

21. Februar

De Moien sinn ech extra um 5.30 opgestan fir de Sonnenopgang ze bewonneren, awer alles wat ech entdeckt hunn war e Schëff wat mat Schnei iwwer zu war, vun der Sonn näischt ze gesinn.

RTL

Mir hunn dunn eng Zodiaccruise gemaach déi et an sech hat. Als éischt hu mir e Séileopard op enger Äisscholl gesinn, hien hat sech grad e Pinguin genehmegt wéi aus dënn d'Bluttspueren um Äis schléisse konnt. Stattlech Déieren 3-4 Meter laang, gefleckt wéi e Leopard an e Gebëss wat kee Spaass verdréit.

Dann op eemol e Wal, dann nach e Wal, et si Minke Walen, ganz no beim Boot, esou no datt ech een net knipsen konnt well en ze grouss war. D'Wale schengen mat dem Boot ze spillen, et ass schonn onbeschreiflech wann am glaskloere Waasser e Wal ënnert dem Boot erduerch schwëmmt, sech dréint an een di wäiss gesträiften ënnescht Säit vum Déier gesäit. Et kënnt nach en Zodiacboot, si hate nach méi Chance, de Wal huet virun hirem Boot ganz gemittlech de Kapp aus dem Waasser gestreckt. An der Bucht wou mir sinn héiert een am Hannergrond nach e puer Walfësch déi beim Ausootmen all Kéier e Sprangbuer vun Waasserdrëppsen an d'Loft blosen.

Mir entdecken nach en Séileopard, eise Bootschauffer ass den Jonathan Chester, e bekannten Naturfotograf, an hien weess natierlech wat mir wëllen, schéi Photoen. Wéi mir den Leopard knipsen rutscht deen vun der Äisscholl erof a kënnt Richtung Boot geschwommen, elo gëtt et interessant, well di Déiercher si kapabel esou en Zodiac duerch ze bäissen. Dat ass awer keen Drama, dat Boot huet 7 Loft kummeren, 5 ginn der Duer vir dat et net ënner geet.

RTL

De Leopard schwemmt laang ëm d'Schëff hannendrëm, si hunn esou e Grinsen am Gesicht wat näischt Guddes bedeit, an dann probéiert hien tatsächlech an eist Boot ze bäissen. Den Dag, e Schwed deen ech schonn e puer Mol getraff hunn, mir kënnen eis mëttlerweil, hien mécht och Photoen, sëtzt genee op där Platz wou de Leopard probéiert ze bäissen, d'Fotoe vun där Szene si vun him. Et ass dunn awer näischt geschitt, mir hu missten zeréck béi dat grousst Schëff, di 1,5 Stonne waren ëm.

Wéi mir dem Expeditiounsleeder eis Geschicht vum Leopard gezielt hunn war deen net frou, "hu dir se nach all, mir brauchen dat Boot nach".

Während deem mir mat deem grousse Schëff weider gefuer sinn hu mir nees Waler gesinn, dës Kéier Bockelwaler. Dat gett dann ëmmer iwwer Lautsprecher aus geruff, Wal op 14.00. Dann ass et net fir op d'Auer ze kucken an ze soen, "dann hunn ech jo nach e bësschen Zäit", dat ass d'Richtung.

Lëschteg war e Pinguin deen op enger klenger Äisscholl laanscht gedriwwen komm ass a mam Gläichgewiicht Problemer hat, hien ass dunn just niewend dem Schëff an d'Waasser gefall, mir hunn eis gerullt.

No mëttes op Danco Island waren tonne kleng an e puer frësch gebuere Pinguinne ze gesinn. Déi Frëschgebueren sëtzen ënnert der Mamm fir dat si net kal ginn, si hunn nach keng Plommen. E jonke Pinguin rennt der Mamm bierg of no, hien well nach méi z'Iessen, et geet ëmmer méi schnell, knätsch, op d'Suckel, domat ass säin Honger emol gestëllt, "tréischt dech Kolleg, ech sinn virun e Puer Deeg och mam Kapp an de Schaf geknuppt, an ech si schonn e bëssi méi al weis du".

Wéi mir zeréck op d'Schëff komm si ass do gegrillt ginn, wonnerbar, alles do baussen, et gouf Glühwäin an Thüringer (aus Däitschland!), während deem mir knabberen gesinn ech e kleng Wal, ech mellen dat, mäin Noper, "an dat schonn no engem Glühwäin". All Mënsch gröhlt, de Wal ass dunn erëm op getaucht, "entschëllegt, ech hu näischt gesot".

22. Februar

Moies si mir op Paradise Bay gelant a konnten fir d'éischte Kéier Fouss op den Antarktesche Kontinent sëtzen, et war 8. 52 wéi ech de Kontinent Antarktis betrueden hunn, e klenge Schrëtt fir Mënschheet, awer e Grousse fir mech. Do konnt een duerch de Schnei op en héige Bierg kloteren an hat eng wonnerschéin Aussiicht iwwert déi Bucht. Besonnesch flott war wéi eng 20-30 Kormoran duerch e kleng Wal gestéiert gi sinn an dunn mat e neen fortgeflu sinn an sech ëmmer méi verdeelt hunn, ech hunn eng Serie vun 15 Fotoe dovu gemaach, super.

Nomeetes si mir dunn op Port Lockroy gelant, engem Naturhafen deen 1903 vun enger franséischer Expeditioun entdeckt gouf, duerno als Walfangstatioun gedingt huet an schliisslech fir britesch Militäroperatiounen, z. B. d'Operatioun Tabarin.

1996 gouf di Statioun renovéiert an ass haut et e kleng Musee, hei steet di eenzeg Bréifkëscht an der Antarktis, mir pechen britesch!! Timberen op d'Postkaarten, virun der Dir flattert den briteschen Unioun Jack am Wand, si beuspoochen dat Gebitt hei fir sech!! Et kann iwwregens bis zu engem Joer daueren bis d'Kaarten ukommen......

23. Februar

RTL

De Moien si mir schonn um 6.30 duerch de Lautsprecher erwächt ginn, well um 07.00 fuere mir duerch den Lemaire Kanal, en 11 Km laange Kanal deen nëmmen 1,6 Km. breet ass, op der schmuelster Platz esou guer nëmmen 800 M. Also aus dem gemittlech waarme Bett direkt eraus op d'Spëtzt vum Schëff, brrrh, 0 Grad, direkt erëm eran an eng waarm Tass Kaffi geschluppt. Dënn Lemaire Kanal ass schéin mat villen Äisbierger. Nodeems et um 08.00 Kaffi ginn ass hu mir um 8.30 Pleneau Bay mat den Schlauchbooter besicht. Do schwammen eng Onmass schéi geformten Äisbierger, zur Ofwiesselung kënnt d'Sonn emol eng Kéier kucken, dat ass sympatesch, dat Blot vum Äis liicht doduerch nach vill méi intensiv. Leider schléit d'Wieder schnell ëm an héich Wellen maachen eis et schwéier, alles ass Zoppnass inklusiv meng 2 Fotoapparater.

Eigentlech sollte mer um 14.00 Auer op Petermann island landen, do raus sollt awer näischt ginn, well de Wand ëmmer méi staark geblosen huet, mir hunn e bësschen gewaart, mä et ass ëmmer schlëmmer ginn, wéi hien d-Stäerkt vun 50 Kniet (92,6 Km/h) errecht huet ass d'Decisioun vum Expeditiounsleader gefall, "mir kënnen net landen, well wann d'Zodiacbooter just nach mam Chauffer besat sinn können si schonn bei 30 Kniet an d'Luucht geschléidert ginn an op der Kopp landen.
Mir probéieren en Eck ze fannen wou bessert Wieder ass".

Mir mussen erëm zeréck duerch den schmuelen Lemaire Kanal, a vu wäitem gesäit et scho spektakulär aus, Enn ass komplett mat Äis zou, wann e bedenkt, mir sinn virun 7 Stonnen hei duerch gefuer du war keng Spuer vun zou, do war oppent Waasser. Wéi mir no a no méi No kommen trauen di Meescht hiren Aen net, et ass net e puer Zentimeter deck Äis, mä Plazeweis meterdeckt Äis, 1,6 Kilometer laang, net ze gleewen.

Mir fueren riicht drop lass, et fänkt u mat kraachen a kréckelen, d'Äis brécht a gëtt vum schwéiere Schëff auserneen gedréckt. Um Äis leien esou guer Leopardrobben wéi wann dat Äis schonn éiweg do gewiescht wier, si louchen op den Äisschollen wéi de Knuet entstan ass. Et gëtt ëmmer méi deck, bis e risegen Äisbierg virun eis schwëmmt, d'Schëff knallt dran, mir ginn méi lues, nach méi lues, bis mir stinn, den Äisblock huet dat schwéiert Schëff zum stoe bruecht, d'Leit halen den Otem un, déi wéinegst schwätzen, jiddereen freet sech op dat et elo war, mengem Noper, e Schwäizer, ass et net méi egal, "an elo, huet de Kapitän elo opginn"???, ech erënneren hien un den Ernest Shackleton, hien huet jo ëmmerhin duerch dee selwechte Grond iwwert e Joer hei an der Géigend verbruecht an huet et dunn duerch seng onwahrscheinlech Beméiungen fäerdeg bruecht all seng Leit vun deem Boot ze retten.

RTL

Dat geet esou schnell wann d'Äis zou geet, dat kann een sech net virstellen, dat muss e gesinn fir ze gleewen. Nach besser ass wann e gesäit wéi wéineg vun den Äisbierger aus dem Waasser kuckt, nëmmen e ganz klengen Deel.

Mir stinn bestëmmt 10 Minutten, lues a lues räisst d'Äis a brécht auserneen, riseg Stecker schruppen mat tonne Kaméidi laanscht d'Säiten vum Schëff, de Kapitän man oeuvréiert hannert sech, an da komme mir erëm lues a lues virun, dem Schwäizer ass d'Erliichterung am Gesicht ofzegesinn. Mä et sinn nach vill déck Bléck déi de Wee verspären, no enger gudder halwer Stonn hu mir et du geschafft an sinn erëm a fräiem Waasser, dat do war en Erliefnis wat een net esou schnell vergësst, kënnt pro Joer nëmmen 1 bis 2 Mol vir.

A well momentan keng Outdoor Aktivitéit méiglech ass, mir awer grad eppes onerwaartenes erliewt hunn, mellt de Lautsprecher sech, "an 15 Minutten hält den Dan Olsen (Diplom Seattle Pacific University) e Virtrag iwwert Gletscher Äis am Autditorium ". Si hunn op dem Schëff vir all Situatioun eng parat, ech hu mir de Cours ugekuckt, flott, mat ville Biller op der Leinwand, huet 1,5 Stonnen gedauert.

Nom Owend iessen geet et erëm u Land, eng Bucht mat risege Gletscher, wéi mir do gekuckt hunn ass e beemol e grousst Stéck Äis of gebrach, jiddereen ass weider getrëppelt, ech si stoe bliwwen, well et huet regelméisseg ferm gekréckelt, also hunn ech emol de Fotoapparat do drop gericht, an e beemol ass e Stéck of gebrach, esou grouss wéi en Appartementshaus, spektakulär, et si meterhéich Wellen entstan, wéi de Minitsunami bis d'Land ereecht huet sinn Pinguinne an all Richtungen dovunner gerannt. Ech hunn eng Serie vun 25 Fotoen gemaach wou d'Äis of brécht, immens, et huet geschneit wéi mir um 22.00 Auer am Däischteren mat de Schlauchbooter zeréck béi d'Scheff gefuer sinn.

24. Februar

Dëse Moien hu mir eis lescht Landung op Useless Island, d'Wieder ass net super, et schnéit, d'Fielsen sinn extrem gletscheg, et muss een oppassen.

Mëttes maache mir dann eisen leschten Ausfluch an d'Rou vun der Antarktis, eng Zodiac cruise ëm d'Melchior Inselen, héich Wellen, alles ass Zoppnass, awer schéin Äisbierger.

Wéi mir op d'Scheff zeréck kommen kréie mir mat gedeelt, "dir hutt 1,5 Stonne Zäit fir äert Zëmmer ze raumen, alles an de Schaf, wat hei bausse läit flitt iech ëm d'Ouren".

Also emol schnell alles a gepackt, mir kommen esou lues an d'Drake Passage, d'Doktesch pilgert mat de Pëllen duerch d'Géigend, ech kréien der direkt 4, "gëtt et schlemmer wéi op der Hirees"? "Vill schlemmer".

25. Februar

Sou ass et dunn och komm, et war eng rau Nuecht, et huet bal Keen geschlof, héiernsdo stoung een den héige Wee am Bett, obwuel een louch. Eng Fra huet den Aarm gebrach wei si duerch d'Kabinn geschleidert ginn ass. Dofir fuere mir elo méi schnell, fir dat si kann an e Spidol zu Ushuaia bruecht ginn. Den Dag iwwer ginn 3 Virträg gehal an 2 Filmer gi gewisen, et langweilt een sech net, falls ee kann drun Deel huelen, wann een net am Bett läit. Meng Kabinn ass um 4 Stack, an d'Wellen schloen bis u meng Fënster. Wann ech am Bett leien kann ech héiernsdo d'Mier gesinn, esou schief hänkt d'Schëff, dat wackelt jo net nëmmen no fir an no hannen, mä och nach säitlech. Ech verstinn elo firwat ëm Kap Hoorn esou vill Schëffer ënner gaang sinn.

26. Februar

Haut sinn nach 2 Virträg, da gett et um 19.00 eng Cocktail Party a nom Iessen ginn Photoe gewisen déi Leit während der Rees gemaach hunn, si sinn op enger DVD di Jiddereen mat kritt. Am freien Owend hu mir de Beagle Kanal erëm areecht, an säitdeem ass et erëm gemittlech um Schëff. Mir sinn iwwer 8 Stonnen méi fréi ewéi virgesinn, mir kréien erklärt dat dee Spill raum muss sinn fir wann eppes passéiert ewéi elo mat deem gebrachenen Arem. Mir gesi schonn d'Luuchten vun Ushuaia, waarden awer bis 2 Minutte no Mëtternuecht bis mir an den Hafen alafen, soss mussen si deen ugebrachenen Dag och bezuelen fir am Hafen ze leien.

D'Madame gëtt vun der Doktesch an d'Spidol begleet, mir dierfen um Schëff bleiwen bis den aneren Dag nom Kaffi.

27. Februar

Et heescht Aeddi soen vun der Scheffscrew a vun dënn neie Frënn déi een um Boot gewonnen huet, z. B. dem Leo, e lëschtegen Hollänner vu 66 Joer dee mir de Spëtznumm "the walking camera" ginn huet, wéi d'Schëff am Äis stiech bliwwen ass awer getrëppelt koum a gefrot huet, "hues du gutt Biller dovun gemaach, ech hu meng Kamera vergiess an der Kabinn, kann ech der e Puer kréien"?

Et ass eng eemoleg Erfahrung d'Antarktis ze bereesen, net einfach, awer onvergiesslech. Et ass e Kontinent vun der Superlativ, am Summer ass d'Antarktis duebel esou grouss ewéi Australien, déi duerchschnëttlech Äisdéckt bedréit 1,6 Km op verschiddene Plazen ass d'Äis méi ewéi 4,8 Km deck.

90 % vum Welt Äis sin an der Antarkis, si bedecken ongeféier 30 Millioune Quadratkilometer. 70 % vum Frëschwasser vun eiser Welt sin an deem Äis gespäichert. Wann all d'Äis géif schmelzen géif de Mieresspigel ëm 60-65 Meter klammen.

Et ass di kaalste Platz op der Welt, den 21 July 1983 goufen -89,6 Grad gemoos. Et ass deen drechenste Kontinent, mat manner ewéi 5 cm reen pro Joer ass si dowéinst all Wüst klasifizéiert. Et ass och di lëftegst Platz, am Juli 1972 goufen 320 Km/h gemoos. Geschätzten 75 Millioune Pinguinne liewen do, et ass deen am mannste bewunnte Kontinent, offiziell ass Keen do ugemellt, am Antarktesche Wanter schéngt während 182 Deeg keng Sonn.

Et ass vläicht di schéinste Platz wou ech bis elo war.
Salut,
Ren