22. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.

Et huet geschneit, wéi ech zu Ushuaia fort gefuer sinn, an et war kal. Um Grimaldi Pass läit de Schnei esou guer op der Strooss, trotz 3 Jackette fréieren ech. Bis Rio Gallegos muss ech di selwecht Streck erëm zeréck fueren, ewéi ech komm sinn, an et ass schonn e komescht Gefill, iwwer Land ze fueren a Guanakoen a Plaz Pinguinen ze gesinn. Ech hunn 2 Mol Gléck, et ass net vill Wand a wéi ech béi d'Fähr kommen, fir d'Magallanstrooss ze duerchfueren, steet si do, just nach 2 Camionen sinn nach net drop, si rulle schonn, dee leschte Camion wénkt mech laanscht, wéi ech um Schëff vum Moto klammen a mech emdréinen, ass d'Dier schonn zou a mir fueren schonn, grandios.

Zu Rio Gallegos spanen ech meng Ketten, si gesäit schlecht aus, de Pignon gesäit nach méi schlecht aus.

Vu Rio Gallegos bis Commodore Rivadavia gëtt et näischt, awer och guer näischt ze gesinn, ausser engem Pull Waasser, wou sech d'Wolleken dran spigelen an e wonnerschéine Sonnenënnergang.

Stroossepiraten?

Et ass schonn däischter ewéi ech e puer Kilometer virun C. Rivadavia bei eng Stroossespäer kommen, e Pneu brennt, Männer mat Kagullen an Holzeknëppelen halen all Auto un an diskutéieren, keng Ahnung wat lass ass. Op der Säit stinn e puer Autoe geparkt, dat léisst hoffen, datt et keng Stroossepirate sinn, soss géifen si hir Gefierer net esou ëffentlech do hi stellen. Ech war trotzdem frou, wéi ech laanscht war. An der Entrée vun der Uertschaft ass nach esou eng Spär, awer an di aner Richtung, et schéngt e Streik ze sinn. An Argentinien, dem Land vum Fernet Branca, gëtt op mannst esou gär gestreikt ewéi a Frankräich.

Zu Commodore Rivadavia fannen ech e frëndlechen Honda-Händler, deen ëmmerhin eng Ketten huet, awer kee Pignon, also kafen ech emol d'Ketten. De Pignon gesäit ganz schlecht aus, et ass eng Fro vun net all ze vill Kilometer bis hien iwwersprengt, also gëtt de Moto ganz douce behandelt, et kann ee jo emol hoffen.

Monotonie an der Pampa a Problemer mam Moto

RTL

D'Landschaft ass genausou esou monoton ewéi di Deeg virdrun, nëmme Pampa, ech verléieren all Zäitgefill, hunn den Androck, net virun ze kommen. Et ass, wéi wann een um Lafband joggt an duerno kucke muss, wie wäit ee gelaf ass, just d'Opliichten vun der klenger oranger Luucht um Tableau veréit, datt 200 Kilometer ëm sinn. Wéi ech zu Cerro Grande op d'Tankstell era fueren, mécht et 2 Mol "Klack Klack", dat war et, d'Ketten huet iwwersprong, elo ass et net méi fir laang, bis de Pignon ronn ass, elo muss eppes geschéien.

Et gëtt nëmmen eng Méiglechkeet, d'Zännrad ëmdréinen, dat ass zwar och net evident, well d'Zänn duerch dat vill Gebéits méi laang gi sinn, ech muss emol kucken, weiwéit si iwwerhaapt nach passen.

Op der Tankstell sichen ech mer eng Plaz an huelen d'Këschten erof, dann d'Rad eraus. En ale Boopchen trëppelt laanscht a kuckt sech d'Saach un, hien trëppelt weider. Eng Vespa fiert bäi, de Mann freet, wou de Problem wier, ech weisen him de Pignon, hien versteet. Allerdéngs kréien ech d'Schrauwen net lass, de gudde Mann klëmmt op seng Vespa an düst dovunner, 5 Minutte méi spéit ass hien erëm do mat engem Rengschlëssel, dat ass awer nach net di leschte Léisung, mir kréien de Pignon zu zwee net ugehalen. Ech hunn awer am "Atelier" vun der Statioun, wou se Platte flécken, e primitiven Apparillo gesinn, fir Schläich ze flécken, do kéint ech de Pignon fest klemmen.

Not macht erfinderisch :-)

Also sinn ech emol do hi getrëppelt. E Mann ass do, "kann ech emol dee Pignon do fest klemmen, ech kréien d'Schrauwen net lass", "jo, jo, kee Problem". De Mann ass selwer ganz interesséiert an hëlleft mat, den Apparat eleng kann net fest genuch halen, mä zu zwee kréie mir d'Schrauwe lass an och erëm ugezunn. "Dee gesäit schlecht aus", mengt de Mann, "jo, mä et gëtt nëmmen déi do Méiglechkeet, et geet oder et geet net".

Ech probéieren, emol ouni ze montéieren, wéi dat Ganzt elo zesumme passt, nujee, et huet scho besser gepasst, ech muss et hallt passend maachen. Nodeems ech d'Rad erëm agebaut hat, hunn ech e bësschen dru gedréint, et war dat, wat ech mer virgestallt hat, d'Zänn waren ze laang ginn. Elo koum deen haarden Deel, d'Zänn hu misste gebrach ginn, fir dat se erëm an d'Kette passen, an dofir gëtt et just eng Méiglechkeet, fueren, bis se of gebrach sinn.

Ech fueren op der Statioun am Krees, et kraacht a kréckelt, meng Hëllef steet do a virzitt d'Gesicht, "tréischt dech, mir deet et och wéi, mä et muss sinn, loosse mer just hoffen, datt d'Ketten net duerch fiert". No e puer Kreeser eng Kontroll, si si scho méi kuerz, de Mann ass averstan, dat schéngt ze fonctionnéieren, "fuer emol méi wäit". Ech fueren op an of, no e puer Minutten hält et op mat Kraachen, d'Zänn si méi kuerz, dat misst elo esou klappen.

Sachte, sachte duerch Pampa, Pampa, Pampa

De Mann  ass zefridden, "Äddi" a fort ass hien. Nodeems ech alles montéiert hunn, hält en alen Auto nierwent mir: "An, geet et?" Et war de Mann aus dem Atelier, hien hat Feierowend, "jo, ech hunn d'Zänn gekierzt, elo geet et". "Gekierzt, wéi dann?", "ech si gefuer, bis se gebrach sinn, fäerdeg". Hie laacht, "super, vill Gléck" a fiert weider.

Et ass mëttlerweil halwer Aacht, ech sichen en Hotel, d'Wiehl ass schnell gemaach, et sinn der net vill do, Modell very basic, de Besëtzer ass dofir awer super sympatesch.

Ech fuere moies di éischt Kilometer net méi ewéi 80 km/h bis sech alles arodéiert huet, vun der Landschaft gëtt et näischt neits, Pampa, Pampa, Pampa. Hei wunnt kee Mënsch, et ass nawell schéin, datt si heiernsdo eng Tankstell an d'Landschaft geplanzt hunn. Ech wäerfe vun Zäit zu Zäit iwwerem Fueren e Bléck op d'Ketten, si sprengt net méi, berouegend. De Pignon muss op mannst bis Bahia Blanca halen, dat si 500 km, am schlëmmste Fall bis Buenos Aires, dat sinn der 1.200 ...

"Buenos Aires, ech kommen!"

Zu Bahia Blanca gëtt et nach di leschte Méiglechkeet viru Buenos Aires e Pignon ze fannen. Béi enger rouder Luucht fannen ech e frëndlechen Hondafuerer, dem ech mäi Problem erklären, hie féiert mech bei en Honda-Händler, "Nee, mir hu keen, awer ech kann dir eng Adress ginn, déi bestëmmt een hunn". Mir fueren dohinner, nawell vill Leit am Geschäft, e jonke Mann hëlt sech eiser un, hie fënnt näischt Originales a probéiert, op soss näischt passe kéint. Dofir vermoosst hien de Pignon um Moto gären, wéi hien sech béckt an d'Iwwerreschter gesäit, kuckt hie mech an huet 2 Fragezeechen an den Aen. Währenddeem de Verkeefer sicht, erzielt de frëndlechen Hondafuerer, dee Jorge heescht, dat hien e gudde Frënd zu Lëtzebuerg huet, dee géif bei der selweschter Firma wei hie schaffen a wier elo an hirer Fabrik an Thailand beschäftegt. Ech kréien och de Numm vum Mann, "hien wunnt zu Lëtzebuerg iergendwou bei enger Gare".

Si haten zwar Ersatzmotorbléck fir Jawa Speedway Motorrieder am Geschäft, mä kee Pignon. Si hunn eng aner Adress, wou ech hi soll, de Jorge muss bei den Dokter, hien entschëllegt sech a wënscht vill Gléck. Bei Euro Moto hu si e viischte Pignon, mä keen hënneschten, no 3 Stonne Gesichs geet et duer, ech kafen de viischte Pignon, spaanen d'Kette virum Geschäft souwäit de Spanner et erlaabt, Buenos Aires, ech kommen.

Zu Rio Colorado, deem Duerf, wat sech e Wëllschwäin als Symbol ginn huet, ännert sech d'Landschaft sympatescher Weis a gring Wisen a Felder mat Sonneblummen, di verblitt sinn, awer ëmmer nach méi schéi sinn ewéi Pampa. Ech hu gutt Zäit ze kucken, well ech fueren net méi all ze séier, fir d'Material ze schounen, e beemol ass masseg Géigewand, ech fannen e flénke Camionschauffer, ech klemme mech hannendrun a fueren a sengem Wandschied, da brauch ech manner Gas ze ginn a kann de Pignon entlaaschten. Um halwer 8 sinn ech zu Tres Arroyos, de Pignon huet bis elo 730 km gehal, bleiwen der nach 500 bis Buenos Aires. Zu Tres Arroyos fléien engem keng gebroden Dauwen an de Mond, dofir wuessen awer Orangen um Trottoire an e sti Palmen an der Mëtt vun der Strooss.

Chemikalien aus der Loft, Camionen op der Strooss

Vun hei bis Buenos Aires gëtt Landwirtschaft am grousse Stil bedriwwen, an et gëtt näischt ausser Wisen a Felder hei, riseg Wisen a Felder, esou grouss, datt hei net mam Trakter gesprëtzt gëtt, mä mam Fliger. Ech kucken engem Pilot no, deen e Sojafeld mat Chemikalien behandelt, hien ass en Artist un der Renkel a flitt ganz enk Kéieren.

RTL

Di Bauerenhäff si riseg, mat gigantesche Siloen fir d'Kären, an ausser Camionen, di Kären oder Déieren transportéieren, ass näischt op der Strooss. Viru mir fiert den Don Eduardo mat engem Camion voll Ranner, do ass et net, fir ze no hannen drun ze fueren, well esou en Déier muss op senger Rees och emol heiernsdo an da verloosse jett Litere Flëssegkeet de Camion a verdeele sech virun engem op der Strooss, wann een ze no fiert, kritt een do eng schéin Dusch mat ...

Datt di Baueren net di Äermst sinn, gesinn ech bei engem Kierfecht, wou ech laanscht kommen, verschiddener hu sech riseg Griewer gebaut, scho bal kleng Kathedralen. Bei där Dimensioun kommen d'Pläng wuel direkt aus dem Vatikan. Bei verschiddenen sinn d'Fënsteren an der Entréesdier futti an et kann een era kucken, hei ginn d'Särg iwwerenee gesat, verschiddener si schonn zesumme gefall. Wéi ech mer dat Ganzt ukucken, steet op eemol e Fuss do, matten um Kierfecht.

RTL

Et gëtt méi waarm, méi haart, méi laang, méi deier ...

An engem Waasserpull stinn dräi rosa Inten, awer knallrosa, mat grousse Schniewelen, schéin Déieren, awer Cameraschéi. Dat Positiivt ass, et gëtt lues a lues méi waarm, dat Negativt, 200 km viru Buenos Aires mécht et iwwerem Fueren "klack, klack", de Pignon fänkt u mat Iwwersprangen.

Et gi laang 200 Kilometer, ech fueren ëmmer méi lues, ganz douce Gas ginn, fir op d'Autobunn erop hunn ech leider e Camion viru mir, dee bal net viru kënnt, ech muss lues maachen, et geet biergop, et klackt, ech komme bal net erop. Wéi ech bis op der Autobunn sinn, geet et, bis den éischte Péage kënnt, Misär ech muss an der Rei stoen a lues a lues bis bei d'Keess weider réckelen. Ech drécken de Moto, well wann ech ufueren, kraacht et fierchterlech. En 2. Péage, e Polizist steet do, ech froen, wat fir eng Sortie ech huele muss fir op d'Avendia Corrientes, déi bei den Obelisk, den Zentrum vu Buenos Aires, féiert. "No deem nächste Péage di 6. Sortie". Also nach e Péage.

Aus, finito, de Pignon dréint duerch!

Wat ech dem Zentrum méi no kommen, wat de Verkéier méi dicht gëtt, dat Mannst, wat ech elo gebrauche kann, wier e Stau. Ech huelen di 6. Sortie, eng rout Luucht, an nach eng ... et kraacht a kréckelt. D'Camionschauffere wonnere sech, firwat ech net fortkommen, wann et Gréng gëtt. Dann hunn ech endlech d'Avenida Corrientes fonnt a muss feststellen, et ass eng Einbahnstrooss an ech stinn an der falscher Richtung fir do eran. Also wëll ech d'Parallelstrooss huelen, ëm den Eck gebéit, an ... et geet stäil de Bierg op, ech kommen nach e puer Meter, Krrrrrrr, dat war et, méi wäit kommen ech net méi, de Pignon dréint duerch, d'Leit um Trottoire kucken, well et mécht fierchterlech Kaméidi. Also an der Einbahnstrooss d'Kéier gemaach an nees biergof, et gëtt soss keng Méiglechkeet. Ech siche mer e Parking a ginn zu Fouss weider, fir e Wee ze fannen, deen net biergop féiert.

RTL

Etappenzil erreecht: Den Zentrum vu Buenos Aires, der argentinescher Haaptstadt um Atlantik. Nodeems et d'Westküst vum südamerikanesche Kontinent erofgaang ass, geet et elo d'Ostküst erop fir de René Hilbert. An no Argentina dierf Brasil net feelen ... / © René Hilbert

Zu Buenos Aires ass et net nëmme waarm, et sinn 23,5 Grad wéi eng Liichtreklam op enger Fassade beim Obelisk verréit, di richteg Temperatur fir eng Glace, mä d'Stroosse si laang, d'Hausnummere gi bis iwwert 3000!!! Dementspriechent laang dauert och meng Expeditioun op der Sich no enger Strooss, di mech bei mäin Zil féiere soll, d'Wunneng vu mengem Frënd Norman, e Lëtzebuerger, deen hei mat senger argentinescher Frëndin lieft.

No 2 Stonnen hunn ech si fonnt, erëm zeréck de Moto sichen, elo feelt just nach en hënneschte Pignon.

Salut,
Ren