Optakt vum neie Moto-Tour, zu drëtt!

Den Ren on Tour ass nees ënnerwee. Déi Kéier awer net a Südamerika, ma nees an Indien an am Nepal, dat hien ewell kennt. A mir dierfen nees matfueren!
An Indien deet sech nawell eppes. Als éischt mierkt een dat, wann een um Fluchhafen ukënnt, kee Verglach méi zu fréier, alles ganz modern, den Terminal 3, wou mir landen, ass eréischt säit dem 3. Juli 2010 a Betrieb. Esou guer e Formel 1 ass do ausgestallt wéinst dem éischten indesche Formel 1 Grand-Prix. E bëssche komesch ass et schonn, an Indien esou en deiert Hightech-Gefier ze gesinn, et passt esou guer net an e Land, wou dat Meescht nach an Handaarbecht gemeet gëtt, an de ländleche Géigenden de Stroum regelméisseg ausfält a vill Leit vun der Hand an de Mond liewen. Datt an Indien elo e Grand-Prix stattfënnt, soll wuel de Fortschrëtt am Land demonstréieren.
Dës Kéier sinn ech net eleng ënnerwee, mä mat zwee Frënn, dem Marcel an dem Gilles, mir wëlle mat indesche Motorrieder 6 Wochen duerch Indien an den Nepal fueren. Och bei den indesche Motorrieder huet sech eppes gedoen, ware soss d'Bremsen an d'Schaltung am Verglach zu de Motorrieder, déi mir doheem gewinnt sinn ze fueren, säiteverkéiert, sou ass dat elo net méi de Fall. 2005 sinn ech nach mat der aler Versioun vun der Enfield duerch de Kaschmir gefuer, an elo brauch een sech net méi ëmzegewinnen, eng fäin Affair, an awer erëm e bësschen Indien manner.

Dofir huet sech awer anscheinend näischt beim Glawen a bei der Vitesse vun den Inder geännert, well nodeems d'Formalitéiten, fir d'Motorrieder ze kréien, gemeet sinn, d'Testfahrt hannert eis läit, mëttlerweil dräi Deeg vergaange sinn, dierfe mir net fort, ier mir zesumme fir eng glécklech Rees gebiet hunn.
Spiritualitéit gëtt grouss geschriwwen! A brauch Zäit ...
Neen, neen, dat ass net an enger Minutt gedoen, dat brauch seng Zäit. Als éischt ginn d'Motorrieder mat Blummekräntz gerëscht, da mat Räucherstäbercher equipéiert a während déi virun sech hin dämpen, stellen sech sämtlech Mataarbechter vum Betrib virun de Motorrieder op an da schwätzt de Chef e Gebiet a rifft verschidde Gottheeten un, Ganescha a Co sollen op eis oppassen, dass näischt geschitt. Op all Moto pechen och verschidden Abzebiller vun deene Gottheeten, an da gëtt all Gott frëndlech gestëmmt, andeems e bëssche vun de séisse Kichelcher op di Abzebiller dropgedréckt gëtt, déi duerno och u jiddweree verdeelt ginn.
D'Spiritualitéit an Indien ass beandrockend, hei gëtt et esou vill verschidde Reliounen a wei verschidden si sinn, gesäit ee schonn un hiren Tempelen. Während déi eng e groussen Af als Tempel hunn, hunn anerer ewéi d'Bahai z.B. e ganz modernen Tempel a Form vun enger Lotusbléi gebaut. Wann deen Af fir eis och e wéineg komesch erschéngt, kann een sech nëmme wonneren, ewéi serieux dat hei geholl gëtt. Ech hunn engem Motorradfuerer nogekuckt, dee stall gehalen huet, gebiet huet an du weider gefuer ass. Esou guer wann e Bus laanscht fiert, fale verschidde Leit am Bus d'Hänn a vernéigen sech.

Wann een duerch Delhi wandert, muss een oppassen, wou een hintrëppelt, well et ass net ongewéinlech, dat op den Trottoiren oder esou guer tëschent den Autoe Leit léien a schlofen. Vill hunn hei guer keng Wunneng a liewen op der Strooss, a well d'Plaz knapp ass, gëtt all Zentimeter benotzt. Esou ass et net einfach, géint der Owend iwwert den Trottoir ze goen, well deen als Ausstellungsfläch fir Verkafsgéigestänn déngt, vun de Motorradsfuerer als extra Bunn mëssbraucht gëtt, wa Stau ass, oder virun engem Tempel dozou déngt, Käerzen opzestellen.

Obwuel et scho méi laang Bancomaten hei gëtt, sëtz oft nach e Wuechtmann mat engem Gewier virdrun a passt op, mam Vertrauen an d'Matbierger schéngt et net wäit hier ze sinn. Et gesäit een awer och soss a kengem Land esou komesch Figuren ewéi hei, mat faarwege Gesichter a lëschtege Kostümer, déi ob der Strooss danzen an vun de Leit gären e puer Rupien hätten.
Bei engem klengen Atelier niewent der Strooss muss ech erëm un d'Formel 1 denken, e Mann vulkaniséiert opgelafe Pneue mat Geschir, wat ural si muss. En zweet Liewe fir e Pneu, deen dann erëm ofgefuer gëtt, bis e platzt, wat e Géigesaz zu deem super deiere Coursepneu, deen e puer Ronnen hält an dann an d'Dreckskëscht flitt.

An Al Delhi dat selwecht: E Mann, deen d'Kartongskëschte vun Hand baut, eenzel Sträife mat Läim bepinselt an doraus kleng Këschte mécht. Al Delhi ass immens, lauter ganz kleng Gaasse voller Leit, wou et alles gëtt, vu Geméis bis Kleeder, awer virun allem Faarwen a Geréch. Iwwerall fënnt ee kleng Kichen, déi eppes frittéieren, Téi maachen oder Chapati baken. Vill Geschäfter stellen no Feierowend e puer Käerze virun d'Dier, fir datt den Dag drop nach alles soll do sinn. Et ass Diwali, dat gréisste Fest an Indien, wéi bei eis Chrëschtdag an Neijooschdag zesummen, alles gëtt mat Blumme gerëscht, d'Leit kafe Séissegkeeten a jiddweree wëscht deem aneren „Happy Divali“.
"E ganz klengt Land, hunn ech emol fréier an der Schoul geléiert"
Op enger Bensinsstatioun, wou mir mat engem Tuk Tuk hu misse stoe bleiwen, fir Loft an e Pneu ze maachen, haten se virun der Entréesdier 2 Mandalaen aus faarwegem Sand ausgeluecht. Si waren eng lëschteg Trupp do, haten och frëndlech Doudekäpp op déi geféierlech Platze gepinselt. Si hunn direkt e puer Glieser Waasser bruecht, „dir kënnt et drénken, et ass gefiltert“. Hire Chef wousst esouguer, wou Lëtzebuerg läit, „e ganz klengt Land, hunn ech emol fréier an der Schoul geléiert“. Wow, do kann ee jo nëmme Staunen.
Bei villen Tempelen gëtt et Sécherheetskontrollen, allerdéngs hëlt d'Personal dat zimlech labber. Bei engem Tempel maachen se sech nach d'Méi, mam Apparillo ze moossen, ob Metall dran ass, an obwuel et piipst, gëtt ee monter weider gewénkt. Bei engem anere ginn d'Leit duerch e Metalldetektor, e piipst riets a lénks, awer di 2 Beamte sëtze gemittlech do an telefonéiere mam Handy.

Owes gëtt dann Diwali geféiert, nodeems d'Leit giess hunn, fänken si Knupperten un a schéisse Rakéiten an den Himmel. Wann och d'Rakéiten net grad esou schéi Blummen an den Himmel molen ewéi bei eis, d'Knupperten iwwertreffen alles. Et mengt een all Kéier, et géif eppes ewech gesprengt ginn.
Mir fueren den Dag no Diwali fort, an dat huet eng positiv Niewewierkung, dann ass nix méi Häppy Diwali, dann ass Häppy Diwi, da leien di meescht mat engem décke Kapp am Bett an dofir ass op de Stroosse bal kee Verkéier.
Eng Mauer wéi déi Chinesesch ...
Mir huelen d'Autobunn fir op Jaipur am Radjastan, an dat ass nach ëmmer net besser ginn. Hei soen se sech wuel, mir hunn se all bezuelt, da benotze mir se och all, an zwar an déi Richtung, wou mir wëllen. Esou kommen engem do monter Gefierer entgéint gefuer, et iwwerhëlt een Trakteren a kleng Motorrieder, déi grouss Camionspneuen transportéieren oder ganz Kaméilkaravannen ...

Virun Jaipur kënnt een op Amber, do gëtt et e Fort, vun deem et der esou guer an Indien net vill gëtt. Et muss e räichen Herrscher do gelieft hunn, deen sech esou e Palast konnt leeschten. D'ganz Duerf ass ëmgi vun enger Mauer, déi staark un déi Chinesesch erënnert. Virum Fort ass e Séi an ech war am Gaangen, e Fëscher ze fotograféieren, wei ech gesot kritt hunn, ech soll déi Jugendlech am Waasser knipsen. Ech hunn déi am Ufank guer net interessant fonnt, bis ech gesinn hunn, firwat ech si knipse soll. Si hunn an hirer Mëtt eng Figur vun engem Gott gehalen, aus Pabeier, schéi faarweg gemoolt. Ech duecht, déi Figur géif elo op d'Waasser gesat ginn an da géif déi schwammen, Quetschen och, déi ass am grousse Bou an d'Waasser geflunn a bloub, fort war se. Um Bord vum Séi louche schonn Iwwerreschter vun ähnleche Figuren. Awer mat enger war et net gedoen, si haten an der Jeep nach eng zweet, an där ass et d'selwecht gaangen, mat de Knéie bis an d'Waasser an da plätsch, ofgesoff.
Duerno sinn erëm Séissegkeete verdeelt ginn, mir kruten der och, an „Happy Diwali“. E Bouf hat e lëschtegen T-Shirt u mat engem Bild vun enger Koppel an Hochzäitskleedung an der Ënnerschrëft „Game over“. Ech sot him, hie soll deen T-Shirt gutt versuergen a wann hien eng Kéier op déi Iddi komme sollt, soll hien sech den T-Shirt gutt ukucken, all Mënsch huet sech vreckt gelaacht.

Zu Jaipur ass et ewéineg schwéier, d'Géigend mat de präiswäerte Guest Haiser ze fannen, en Auto hält stall, „wat sicht dir“? Nodeems mir dem Mann d'Strooss gesot hunn, huet hien eis dohi gefouert an sech duerno als den nationalen indesche Motocrossmeeschter vun 2010 an 2011 virgestallt - mir haten en Hotel an ech e Facebookfrënd méi.
Kucken, ouni gesinn ze ginn ... am Palast vum Wand
Zu Jaipur gëtt et déi bekanntest Fassade aus dem Radjastan, Hawa Mahal, och de Palast vum Wand genannt, vu baussen net esou spektakulär fannen ech. Dat Besonnescht soll an der Konstruktioun vun der Facade verstoppt sinn. Hannert där souzen d'Fraen aus dem Palast, déi sech net hunn dierfen ënnert dat normallt Vollek mëschen. Si konnte vu bannen alles bausse gesinn a richen, awer vu bausse konnt kee si gesinn. Ausserdeem ass di Konstruktioun esou gebaut, dat ëmmer e kille Wand duerch d'Reim gezunn ass. De Maharaja City Palace ass scho méi schéin, deen Deel mat der gieler Facade ass nach vum Maharaja bewunnt a kann net besicht ginn, deen aneren Deel dierf ee kucke goen. Do stinn déi zwee gréisste Sëlwergéigestänn vun der Welt, zwou Vase fir déi 14.000 Sëlwermënzen hu missen ageschmolt ginn. No enger Konstruktiounszäit vun zwee Joer waren si 1896 fäerdeg a weien di Klengegkeet vun 345 Kg. Si faassen 4.091 Liter pro Stéck an 1902 huet de Maharja Mahdo Sing 2 d'Vase mat Gangeswaasser gefëllt a mat op d'Rees an England geholl, fir op d'Kréinung vum Edward dem 7. ze fueren. Dat weist, wéi wichteg fir d'Inder d'Waasser vun hirem hellege Floss Ganges ass.

Dat war et fir dës Kéier.
Bis dann,
Ren