Sprong iwwert de Rio de la Plata: Uruguay!

Buenos Aires at its best: Tango danzen owes an der Strooss! / © René Hilbert
23. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.
Ech hu mech dunn zu Buenos Aires op d'Sich no engem hënneschte Pignon gemaach an hu schliisslech ee vun enger Transalp fonnt, deen huet zwar 2 Zänn manner, dofir sinn se awer all ganz. De viischte Pignon, deen ech zu Bahia Blanca kaaft hat, war leider dee falschen, also sinn ech erëm den Dag drop an d'Geschäft gepilgert, "nee, mir hu keen". No e bësschen Sichen hunn ech dunn ee fonnt.
Fir d'Ketten ze wiesselen hunn ech e Garage gebraucht well ech net dat néidegt Geschier dobäi hat. Ech hunn e winzeg klengen Atelier fonnt mat engem extrem leschtege Mécanicien, mir hunn eis gerullt. Hie koum sech es net zou, datt e Lëtzebuerger de Wee a säin Atelier fonnt hat, a währeddeem hien d'Ketten zou geklappt huet, huet hien bei all Schlag hart "Lussemburgo" geruff, herrlech.

Phänomenal: "Mir ginn Iech en neit Objektiv"
Ech hat mer am Chile e neit Nikon Objektiv kaft, wat awer no 2 Woche schonn en technesche Problem hat. Also sinn ech mam Norman bei Nikon Argentinien gepilgert, hunn den Objektiv presentéiert a labber gemengt, "ech hätt gären e Neit". Den Techniker, wou sech ëm esou Saache këmmert, huet just gemengt, "Mir sinn hei an engem Drëtt-Welt-Land, do kënnt Dir dat vergiessen, da muss Der zeréck an de Chile". "Dir verkaaft jo awer Éischt-Welt-Produiten hei, dann hätt ech och gären deen entspriechende Service." Et kënnt esou lues Liewen an d'Geschäft, en anere Mann probéiert, de Chef vun Nikon Argentintien ze erreechen, "en hieft net op". "Wou fannen ech de Mann?" - "Ëm den Eck an dann 2 Bléck weider." Wei mir ukomm sinn, war de Mann schonn am Bild, "ah, dir sidd di 2 Belsch", "Neeeen, Lëtzebuerger". Komecherweis hat hien an Teschenzäit opgehuewen.
De Mann war super fein, do kann een näischt soen, hien huet d'Objektiv ënnersicht, "jo, dat dierft net sinn". De Norman bemierkt nach ganz niewelaanscht, "hien huet e Kolleg, dee photographéiert fir National Geographic, deen huet dee selwechte Problem". De Mann verschwënnt, kennt erëm, "mir ginn Iech en neit Objektiv".
Aggressiv: "Las Malvinas son y seran Argentinos"
Wéi mir d'Casa Rosada, d'Regierungsgebäi, besicht hunn, hate mir Gléck, si war ausnahmsweis op a mir konnten eran. Op der Plaz virun der Casa Rosada demonstréieren d'Falklandveteranen, iwerall an Argentinien gesäit ee Schëlder: "Las Malvinas son y seran Argentinos" (D'Falklandinsele sinn a bleiwen argentinesch). Si hunn eng kleng Hütt do gebaut a si mëttlerweil andauernd present.
Sonndes muss een op San Telmo, do ass Stroossemaart, dann ass eng lass do. Wéi iwerall gëtt et och do egal wat ze kafen, besonnesch interessant war awer e Kënschtler, de Malcolm Roxs. Hien huet Biller mat de Fanger gemoolt, kee Pinsel, einfach d'Fanger an d'Faarw gezappt a lass. All Bild muss an 10 Minutte fäerdeg sinn, hien huet e grousse Lautspriecher do stoen a während hie "molt", héiernsdo sprengt hien an d'Luucht a sprëtzt dann d'Faarf einfach op de Pabeier, wiesselt hie blëtzschnell d'Musek, datt d'Choreographie och passt - war nawell lëschteg.
Grandios: 1 Beefsteak = 1/2 Kou!
Zu San Telmo kann en och gutt Iesse goen, just wann een sech e Beefsteak bestellt, kritt een eng hallef Kou zerwéiert. Hei gëtt esou vill Fleesch giess, dat ass bal net ze gleewen. Owes danzen d'Leit Tango am Fräien. Tango ass jo zu Buenos Aires omnipresent, zumools am Staddeel Abasto, wou den Norman wunnt. Do ass nämlech de Carlos Gardel, de Superstar vum Tango, opgewuess. Do kann ee sech z.B. handgemaachen Tangoschung leeschten oder eng Tangoshow besichen.
Net verpassen dierf een awer och de Kierfecht La Recoleta, do ass d'Eva Peron begruewen, ëmmer nach pilgeren tonne Leit dohinner a leeë Blummen nidder.

Den Hard Rock Café zu Buneos Aires huet net immens vill Spektakuläres ze bidden, dee kann een sech spueren.
Voll haart: Musek zu Montevideo an Uruguay
Mam Buquebus, engem Schëff, schipperen ech da Richtung Uruguay, ganz praktesch, an enger Stonn ass ee bequem op där anerer Säit, de Moto ze importéieren ass eng Affär vun 10 Minutten, schéngt jo e sympatescht Land ze sinn.
Colonia huet eng wonnerschéin Alstad, Unesco-Weltkulturierfschaft, huet schick Restauranten a flott Terrassen, no der Hektik vun enger Groussstad ewéi Buenos Aires ass et e Genoss, beim Hafen op enger Terrass ze sëtzen a gemittlech e Kaffi ze drénken. Iwwerhaapt geet et nawell relax zou an Uruguay, jiddereen super fäin. No e puer Stonnen zu Colonia briechen ech op fir an d'Haaptstad Montevideo. Schéi gring Wise mat gléckleche Kéi, ewéi bei eis, mam Ënnerscheed, datt laanscht Strooss Palme stinn.

Et ass net einfach a mengem Hotel nuets zur Rou ze kommen, hei gëtt bis 3 an der Nuecht volle Rouer geféiert, eréischt nodeems ech meng Ouerstëpp, déi ech beim Motorradfueren gebrauchen, benotzen, kann ech aschlofen, soss ass et awer ganz schéin hei.
Salut,
Ren