De Ren on Tour. Indien Part 2. Pushkar ass eng helleg Staat, wou et villes ze Entdecken gëtt. De Ren fënnt awer hei och déi eng oder aner Kuriositéit.

Pushkar, eng al helleg Stad mat modernen Zich

Pushkar ass eng vun den 5 hellege Pilgerstied fir d'Hinduen an eng vun dënn eelste Stied an Indien, der Legend no soll de Gott Brahma dës Stad geschafen hunn. Dofir gëtt et och e wichtege Brahma Tempel zu Pushkar dee gutt besicht ass. Vis-à-vis vum Tempel ass dann och de „Büro“ vum Brahma sengem Vertrieder op Äerden, eng Plattform wou sech verschidde faarweg gekleeten Hären ofwiesselnd am Lotussëtz presentéieren an veréiere loossen. Heiansdo dierf dann och eng Persoun sech bei si setzen a kritt dann Trouscht gespent. Ee vun deenen Hären, ganz a rout gekleet, ass besonnesch beschäftegt, hien huet esou guer 2 Handyen a Betrib, wuel een fir Kontakt no Uewe mat sengem Chef ze halen, an deen anere fir sech vu sengem Bankier iwwert de Kontostand informéieren ze loossen.

Virun dem Tempel setze verschidde Behënnerter déi ëm Sue biedelen. Ee vun hinnen huet keng Been a setzt op engem Briet mat Rieder. En gutt gekleetenten Här bleift bei him stoen, de Behënnerte gräift ënnert seng Decken a gëtt dem Här e Pack Suen. De gëtt also Moies dohinner gesat an owes erëm ewech geholl an dierf vir säin Zouhälter Sue sammelen, super.

Zu Pushkar gëtt et ob all Eck en Tempel, bis spéit an d'Nuecht héiert een d'Leit bieden, sangen an trommelen, a wann e Moies erwescht, sinn si schon erëm amgaangen. Et gëtt vill helleg Männer an dëser Stad, bei esou vill Spiritualitéit kënnt een sech als normal Stierfleche richteg komesch vir, an dofir beschléisse mir eis och en spirituellen Titel ze ginn, Lama, Rama an Homa.

RTL

En Tempel gëtt renovéiert an e Mann skulptéiert mat enger Trennschéif wonnerschéin Elefanten an aner Formen an de Marber. Wann hien da fäerdeg ass, ginn di Placke mat Beton unenee gepecht, mat décke Klompe baussen op d'Skulpturen a Plaz bannen ...

Et ass Kaméilmaart zu Pushkar, an duerno Kiermes, sou ze soen déi indesch Schueberfouer. An dofir gi nach schell e puer Meter Strooss nei gemaach. 2 Frae kiere mat klengen Handbiischten de Stepps vun der Strooss, ier de Makadamm deen an engem alen Uelechfaass gekacht gëtt op Strooss gewalzt gëtt. Vill Frae schaffen um Bau. Op engem Chantier souz e wäiss gekleete Mann op engem Stull an huet enger Fra, déi do Beton geschleeft huet, Kommandoe ginn.

De Kaméilmaart ass schonn eppes eenzegaarteges, awer e gëtt all Joer e wéineg méi kleng. Och hei kafen d'Baueren sech lues a lues Trakteren, déi awer genau esou schéin dekoréiert gi wéi hir Kaméiler. Zousätzlech ginn se mat grousse Lautsprecher equipéiert , sou dat een si vu wäitem kommen héiert.

De Kaméilsmaart kann Touristen och mol iwwerfuerderenFréier sollen hei bis zu 35.000 Kaméiler gehandelt gi sinn, haut sinn et ëmmerhin nach e puer dausend. All Moies fréi kommen d'Bauren mat hiren Häerden op de Maart an da gëtt gehandelt an diskutéiert. Dat geet net ëmmer lues erof. En gutt genierten a fäi gekleete Mann schéngt eng Offer gemaach ze hunn déi wuel net ganz korrekt war. Nodeems e méi jonken Typ hien net ëmgestëmmt kritt huet, ass op eemol en alen, ganz dënne Mann, seng Been waren net méi deck ewéi 2 naass Spaghetti, opgestan an hien huet dem räiche Keefer et lafe gelooss, a wéi. Du war deen och berouegt, huet sech bei si gesat an dunn ass weider diskutéiert ginn.

RTL

Ech stoung tëschent de Kaméiler wéi eng Touristin am gehuewenen Alter bei mech kënnt, „entschëllegt Monsieur, dierf ech mech e bëssche bei iech stellen, normalerweis hunn ech keng Problemer mat Mënschemassen, awer déi vill Déiere maache mir awer Angscht“. „Si doen iech näischt Madame, dir sollt si just net hannert den Ouere këddelen, dat hunn si net esou gär“, si laacht a no puer Minutten trëppelt si virun.

Verschidde Kaméiler ginn nawell schéi gemeet, kréie mat der Schéier Muster an de Pelz geschnidden oder gi bemoolt an da gëtt nach e bëssche faarwege Klimpi dru gehaangen, fäerdeg.

Et gëtt och e Päerdsmaart, do gesäit et e wéineg méi schick aus. Déi sti bal all ënner Zelter a ginn heiansdo virgefouert oder prouf geridden.

Modernes um Maart: Kaméilmëscht fir ze baken an Autosbatterien fir den Handy opzulueden

Och indesch Bauere gi méi modern, mëttlerweil huet och hei jiddwereen en Handy. Well awer de Maart ob engem fräie Feld stattfënnt gëtt et do kee Stroum. Si brauchen och keen, well hiren Téi an hir Chapati baken si um Féier wat mat Kaméilmëscht gemaach gëtt. D'Meedercher sammelen déi an, déi gëtt dann zu platte Kichelcher verschafft an dann erëm Verkaaft, brennt wonnerbar a richt net.

D'Handy oplueden ass also en neien Handel ginn, 2 Männer hunn eng Autosbatterie ob engem Dësch stoen an do kann een da géint e puer Rupie säin Handy oplueden, gesäit genial aus.

RTL

Handelen geet ëmmer, och am HotelWann d'Kiermes ugeet da klammen d'Hotelpräisser ëm bis dat fënnef Facht, well dausende vu Läit an d'Stad kommen. Mir wëllen zwou Nuechte méi laang bleiwen. Den Hotel wou mir iwwernuechte gëtt vun zwee Bridder gefouert deene mir anscheinend ganz sympathesch sinn, well mir mat Motorieder reesen, a si eng Firma opmaache wëlle fir mat Motorieder duerch de Radjastan ze reesen. Nodeems mir hinnen erkläert hunn, dat mir eis net un enger Firma bedeelegen, hu si gefrot ob ech net kéint Fotoe vun hirem Hotel maache fir Prospekter an hir Home Page

Déi 2 Nuechte sollten dann op eemol méi kaschten, wéinst der Kiermes, versteet sech. Ech war dovunner net esou begeeschtert a sot, „ech schloen iech en Handel fir, dir kritt d'Fotoe vir näischt gemaach a mir bezuelen den normale Präis virun“. „Ähmmm“, domat haten si net gerechent. Mir hunn eis dunn ob 500 Rupie [7,38 Euro] méi gëeenegt, da bezuele mir nach ëmmer 2500 Rupie pro Zëmmer manner ewéi déi aner Gäscht.

Fir d'Kiermes ginn och d'Kéi aus der Stad geschafft, dofir gëtt et eng extra Trupp, déi dofir zoustänneg ass. Dat geléngt awer net ëmmer, eng Kou war mat vill Krämpes ob de Lift vum Camion gezu ginn, a wéi dunn d'Gatter opgemeet ginn ass a si an de Käfeg sollt, huet si sech mat engem behäerztene Sprong vum Camion gerett an ass rapid verschwonnen.

Niewent dem Päerdsmaart starten 2 Waarmloftballonen, fir labber 225 US Dollar kann een eng Stënnche matfléien. Et ass déi éischt Gesellschaft déi vum indesche Staat Genehmegung krit huet fir mat Ballonen an Indien ze fléien. Dat schéngt nach net esou geleefeg ze sinn, jiddefalls si genuch Leit do wou aus dem Staunen net méi eraus kommen. E Mann „wei nennt een dat do“? „Waarmloftballon“ „Aha, a wisou flitt dat“? „Well d'Loft bausse kal ass, an am Ballon waarm ass“, „Aha, villmools Merci“.

Vun Zigeiner iwwer Akrobaten an Cobra-Bändeger bis hin zum Michael Jackson: eng indesch Schueberfouer

Matt der Kiermes kommen allerhand droleg Figuren an d'Stad, Akrobaten an Händler oder Zigeiner déi engem d'Hand wëlle ginn an da ganz schnell Henna-Zeechnungen op d'Hand probéieren ze mole vir duerno Suen ze froen.

RTL

Op all Eck steet een mat enger Cobra an engem Kuerf a well fotographéiert ginn, géint Mënz natierlech. Handwierker fabrizéieren hir Saachen op der Plaz, e Mann fabrizéiert Reecher, Frae fäerdege faarweg Reesbengelen aus Bambus.

Esou guer e Riserad hu si opgeriicht, e grousst fir déi Grouss an e ganz klengt fir déi ganz Kleng, 2 Meter héich an handbedriwwen. Allerdéngs alles zimlech rustikal, de Kommandosëtz vum grousse Riserad besteet aus 2 Hiewelen, den Undriww fonctionnéiert iwwer e Pont an e Cardan vun engem Camion, spektakulär.

Ech staunen iwwert villes hei, awer am meeschten iwwer eng Erkenntnis ... De Michael Jackson lieft anscheinend erëm. Hie schéngt hei an engem Zelt opzetrieden, baussen hänkt e grousse Plackecover vun der CD Dangerous.

Leider kann ech dat net kontrolléiere well mir den Ufank vun der Kiermes net erliewen. Mëttlerweil sinn esou vill auslännesch Touristen ukomm dat et Zäit gëtt weider ze zéien. Wann si an hiren esoteresche Kleeder erëm lafe gesäit dat schon zimlech däämlech aus. Wann se awer bis mat engem Mondschutz aus Pabeier ewéi de Michael Jackson duerch d'Géigend lafe, muss een sech awer esou lues froen, wat déi Leit hei verluer hunn.

Villäicht sinn et jo och Fans vum Michael Jackson, déi just wéinst him komm sinn?

Bis d'nächst Woch.

Ren