Vun Udaipur op Agra bei den Taj Mahal

De Ren on Tour. Indien Part 3. Zu Udaipur kann een dem Maharaja seng Sammlungen bestaunen an den Taj Mahal zu Agra ass ëmmer eng Rees wäert.
Dem Maharaja sain Musée: Autoen vun der Queen bis bei den James Bond
Zu Udaipur gëtt et e klenge Musée mat 22 Autoen déi dem Maharaja gehéieren. Dee Musée kann e kucke goen a beim Entréesticket gëtt et eng Bécks Orangejus dobäi! Ze gesi gëtt et e puer Gefierer déi eemoleg sinn, fir de Maharadja gebaut. Verschidde Rolls Royce zum Beispill, een fir ob d'Juegd ze fueren oder een fir d'Hockey Equippe ze transportéieren, een mat deem d'Queen vun England an de Bill Clinton gefouert ginn ass. Oder de Rolls Royce Phantom vu 1934, deen am James Bond Film Octopussy ze gesinn ass.
Dee Maharadja muss nawell déi néideg Mënz hunn an en Technik Freak sinn, well am Schapp niewen dru sti lauter Eegekonstruktiounen, déi net fir de Public geduecht sinn. E frëndlechen Aarbechter léist eis do eran an der Hoffnung ob e puer Rupien duerno. Am beschte gefale mir seng Solarmobiler, de Modell Udaipur Solar 1 gesäit nach relativ spartanesch aus, dofir awer Familjentauglech, de Modell 11 ass scho ganz aerodynamesch, baséiert op engem Vëlo, an ass just fir eng Persoun geduecht.

Déi indesch Zeenen vun Octopussy sinn all zu Udaipur gedréint ginn, an der Stad, am Lake Palace Hotel an an der Wüst ausserhalb vun der Stad. Dee vill geluefte Lake City Palace ass awer net esou immens, et ass en deieren Hotel. De Stader Palais ass do scho méi schéin. Do gëtt et e puer Muséeën dran, mat den übleche Kleeder a Waffe vu fréier, an e Kristallmusée an deem et allerdéngs verbueden ass ze fotographéieren.
De wierklech Charme vun Udaipur wéist sech eréischt Owes, wann déi Palaisen beliicht sinn an sech hir Silhouetten am Waasser spigelen. Dann huet Udaipur de Fläir vun 1001 Nuecht. Wann dann och nach e grousst Feierwierk vum Palais am Séi ofgeschoss gëtt, dann huet dat schon eppes.

Rondrëm déi Stad sinn riesech Steen- a Marberbrëch, grouss Marberbléck léie laanscht Strooss an abenteuerlech beluede Camion transportéieren déi Bléck duerch d'Géigend. Di Marberbléck si natierlech net geséchert, versteet sech vum selwen, si léien einfach op de Camionen a schaukele bei all Knubbel monter virun sech hin.
Faszinéiert vun der Indescher Bevëlkerung an hirer Kultur
Wann sech och villes an Indien rapid ännert, eppes ass nach ëmmer d'selwecht bliwwen. Wann een an net touristesche Géigende ënnerwee ass a stoe bleift, dauert et net laang bis een eng grouss Mënschendrauf ëmréngt. Esou geschitt, wéi eng Enfield net méi richteg wollt a mir bei engem Téi um Bord vun der Strooss beroden hunn, wat maachen. Tonne Kanner déi virwëtzeg sinn a Froe stellen, alles wëllen upaken an déi een aus fonkelenden donkelen Aen ukucken. Aen déi faszinéierend sinn, déi ech esou seelen anzwousch anescht gesinn hunn. Iwwerhaapt hunn déi Leit hei eng Ausstrahlung déi bemierkenswäert ass, esou guer wann di Äermst vun hinnen niewent der Strooss am Dreck sëtze gesinn si ëmmer nach stolz aus.

Nodeems bei der Enfield de Vergaser operéiert gi war, goung et du weider iwwert eng kleng Strooss déi a miserabelem Zoustand war. Nëmme Lächer a Stëpps, dofir konnt een awer wonnerschéi lokal Situatiounen an den Dierfer bewonneren. An engem Duerf huet eng Prozessioun de Wee verspaart a mir hu missen eng Déviatioun duerch d'Duerf fueren. Déi Prozessioun war spektakulär, et schéngt sech ëm e Fruchtbarkeetsritual gehandelt ze hunn. D'Fraen haten en Dëppen aus Toun um Kapp, gefëllt mat enger Planz, enger Kokosnoss a mat Suen. E puer vun de Fraen hate kleng Kanner um Aarm, eent hat eng Kagull un an huet ausgesinn ewéi en Télétubbi. D'Männer hunn dat Dëppen um Kapp vun der Fra ugehalen, bei enger Fra hunn zwee Männer dat Dëppen ugehalen, do schéngen se zu dräi drun ze schaffen. Wa si dat Dëppen da bei engem Geeschtlechen ofginn hunn, hu verschiddener sech op de Buedem geheit a gejaut an hir Männer hunn si probéiert opzehiewe wat net ëmmer esou einfach war. Do schéngt et scho méi laang net geklappt ze hunn.
Dat Duerf war super propper an d'Mauere vun de Lehmhütten ware schéi bemoolt. Op enger Fënster déi mat engem Holzbriet zougemaach war hat een mat wäisser Kräid geschriwwen „I love my India“. Déi Leit schénge mat hirem Liewe, wat sécherlech net ëmmer einfach ass, net onzefridden ze sinn.
Dat sinn déi Fester an déi Plazen déi a kengem Reesguide stinn, dofir muss een sech Zäit huelen an di kleng schlecht Stroosse fueren, ofsäits vun de klasseschen Touristepied. Wann e bereet ass vill gerëselt ze ginn a vill Stepps ze schlécke, gëtt een oft mat esou schéinen Erliefnesser belount.

Agra: Den Taj Mahal, vill Hochzäiten an ee moslemesche Feierdag.
Zu Agra, wou den Taj Mahal steet, waren tonne Leit op de Stroossen. Wei mir bis dat Guest House erëm fonnt hate, wou ech schon 2002 war, dat eenzegt mat engem gudde Parking fir d'Motorieder, hunn ech emol gefrot wat da lass wier. „Haut si vill Hochzäiten a Mar ass e moslemesche Feierdag.“ Di Hochzäiten si spektakulär, do ginn et ganz Truppen déi e loune kann, déi reesen da mat engem ganze Blimborium un an da geet et lass. Eng Dosen Lüsteren, jo Lüsteren, ginn opgestallt, e Weenchen mat 4 groussen Troteren, déi en infernalesche Kaméidi maache, bezitt déi eng Säit Positioun, eng Vëlorikscha op där e grousse Panneau mat faarwege Biere steet stellt sech op di aner Säit. Well fir de Panneau a fir d'Lüstere Stroum gebraucht gëtt, steet hannert der Rikscha en Tuk Tuk mat engem Stroumaggregat. Da fehlt just nach eng Blosmusek an en Animateur mat Mikro a fäerdeg ass d'Hochzäitstrupp. De Bräitchemann gëtt op e Päerd gesat, d'Kanner a kleng gewuesse Männer huelen d'Lüsteren op de Kapp an dann zéien si lass bei d'Haus vun der Braut. Wann ech dem Bräitchemann säi Gesicht richteg beuerteelt hunn, war hie vun dem Ganzen net esou begeeschtert.

Dat gutt um moslemesche Feierdag fir eis war, dat et fir dräi Stonnen, vun halwer Aacht bis halwer Eelef keen Entrée an den Taj Mahal kascht huet, sou hu mir dräi Mol 700 Rupien (3 x 10,50 €) gespuert. D'Inder bezuelen souwisou nëmmen 20 Rupien ob de Kapp. Den Taj Mahal gëllt als Meeschterwierk vun der islamescher Baukonscht an ass ëmmer erëm beandrockend unzekucken. Deementspriechend laang sinn och d'Waardeschlaange fir eran, well et gëtt alles kontrolléiert, duerch Metalldetektore muss een derduerch, d'Rucksäck mussen opgemaach ginn, grouss Rucksäck dierfen emol guer net méi eran.
Leider hat eng Batterie vun enger Enfield dat Zäitlecht geseent a mir hunn eng Nei gebraucht. Mir froen de Besëtzer vum Guest House wou mir eng fanne kéinten. „Haut néierens, et ass moslemesche Feierdag an et ass alles zou“. „A Mar“? „Weess ech net, hänkt dovunner of op de Besëtzer vum Geschäft e Moslem ass, well fir déi ass och Mar Feierdag “. Hie war, an domat war alles zou. Schliisslech huet de gudde Mann dann awer nach e kannt deen hie konnt uruffen an dee frëndleche Mënsch huet eng Batterie opgedriwwen an se eis bruecht.
Agra huet nieft dem Taj Mahal nach vill aneres ze bidden
Déi meescht Leit komme just ob Agra fir den Taj Mahal ze gesinn a sinn dën Dag drop erëm fort. Dobäi gëtt esou vill ze kucke wann een e bësschen an der Landschaft erëm trëppelt, Leit wou doheem Teppecher wiewen oder hiert d'Haus an d'Ëmgéigend zackeg blo ugestrach hunn. Oder wei Koumëscht mat de bloussen Hänn geformt an an d'Sonn fir ze dréchnen geluecht gëtt, fir duerno als Brennes ze déngen. Oder e Besuch bei de Sareewäscher um Bord vum Ganges, déi di faarweg Sareen, déi d'Fraen sech ëm de Kierper wéckelen, a grousse Fässer wäschen an duerno an d'Sonn leeë fir ze dréchnen. Dat gesäit dann ewéi e risege Patchwork an der Natur aus an dréckt op e Bléck aus, ewéi faarweg Indien ass.

Et war Kiermes zu Agra an alles war erausgebotzt, awer besonnesch lëschteg war et nozekucken ewéi zwee Bouwen eng Gees gewäsch hunn. Een huet se bei den Haren ugehalen, an deen aneren huet se geschruppt. D'Gees war net esou begeeschtert, awer wei si du fäerdeg mat hir ware krut si eng Kette mat orange Blummen ëmgehaangen, dunn huet si ganz zefridden ausgesinn. Et schéngt dënn Dag vun der helleger Gees gewiescht ze sinn, eng aner haut gréng Schlaufen ëm d'Féiss a war rosa bemoolt, hei an Indien ass einfach all Déier helleg.
Dat war et fir dës Kéier, bis d'nächst Woch.
Ren