Bei beschtem Hierschtwieder an enger eenzegaarteger Kuliss sinn Dausende vu Leit am Land Zeie gi vun enger Dramhochzäit, wéi aus dem Billerbuch.

Den 20. Oktober 2012 war et souwäit. Den éischte Bouf vun der groussherzoglecher Koppel, de Prënz Guillaume huet der Comtesse Stéphanie de Lannoy an der Kathedral Notre-Dame viru ronn 1.400 Invitéeën d'Jo-Wuert ginn.

D'Braut mat engem Rack mat 50.000 Pärelen an enger 4 Meter laanger Schläpp, wéi och de Kuss vun der Koppel um Balcon vum groussherzogleche Palais an der Stad an d'Freedefeier zu hiren Éieren iwwert dem Pafendall, sinn nëmmen e puer vun den Highlighte vun der Prënzenhochzäit. Och nach haut, 10 Joer duerno, erënnere sech déi zwee nach hoergenee dorunner. Virun allem der Ierfgroussherzogin Stéphanie ass besonnesch den Ament an Erënnerung bliwwen, wéi si den Dag virun der kierchlecher Hochzäit aus der Stater Gemeng komm sinn, wou si sech zivil bestuet hunn.

10. Hochzäitsdag Stéphanie & Guillaume

"Do waren iwwerraschend sou vill Kanner aus de Schoulen do a si hunn eis Zeechnunge gemaach, si haten och Kaddoe fir eis an hu Lidder gesongen. Mir ware bal eng Stonn do an dat war net geplangt, mä et war richteg schéin"

An och den Ierfgroussherzog Guillaume erënnert sech un den Dag, wéi wann e gëschter gewiescht wier.

Deen Ament, wou mir eis d'Jo-Wuert ginn hunn, do huet een op eemol fir d'éischt an der Kierch e groussen Applaus héieren an eréischt kuerz drop konnt ee vu baussen d'Leit héiere klappen, well tëschent der Tëlee an der Realitéit war e klengen Decalage. Dat war wierklech eng vu menge schéinsten Erënnerungen, well do huet ee wierklech gespuert: Mir sinn zwar do zu zwee virum Altor, mee mir sinn ëmgaangen, dee wichtegen Ament vun onsem Liewe mat all de Leit dobaussen ze deelen"

A bei där Geleeënheet wollte mir eis et dann net entgoe loossen, mat der ierfgroussherzoglecher Koppel och iwwert hir Roll an der Monarchie ze schwätzen.

"Mir liewe wierklech a ganz komplizéierten Zäiten an et huet een d'Gefill, et geet ee vun enger Kris an déi aner an do spiert een och, wéi vill Leiden an der Gesellschaft ass an do ass et un eis, nach méi no bei de Leit ze sinn."

Schonn zanter laangem engagéiere si sech vill fir d'Lëtzebuerger Jugend, entwéckele Projete wéi "De Mains de Maîtres", deen Handwierker an Handwierkerinnen d'Geleeënheet bitt, fir hir Aarbecht dem Public ze weisen. Ma och fir déi eeler Generatioun wëlle si do sinn. Nach wärend der Pandemie hu si ugefaangen, eng Tournée duerch d'Lëtzebuerger Altersheemer ze maachen, wou si zesumme mam Prënz Charles, e flotte Mëtteg mat den eelere Leit verbréngen.

An ob d'Fro, wéi d'Ierfgroussherzogin sech no 10 Joer hei am Land fillt, äntwert si mat engem Laachen.

"Ech fille mech hei Doheem. Ech hu mech direkt wëllkomm gefillt an dat huet mech och motivéiert, fir direkt Lëtzebuergesch ze léieren an ech hunn och direkt vill Leit kennegeléiert a Visitte gemaach. Elo mam Charel entdecken ech ëmmer nei Saachen an entdecke Spillplazen hei am Land".