Bekanntschaften zu Bogota: Nei Aventuren an der Héicht

Am "Guest House" zu Bogota: Wat een do net alles erlieft ... Wien een do net ass trëfft ... / © René Hilbert
3. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.
Aus deem Dag méi zu Bogota bléiwen, sinn der e puer méi ginn ... Als éischt sinn ech mam Hermann, dem Besëtzer vum "Guest House" zu Fouss op den Cerro Monserrate gepilgert, vun 2.640 op 3.152 Meter, ech sinn nawell e bësschen an d'Schweesse komm.
Den Hermann geet dee Wee all Samsden, an där Leit ginn et nach méi. Ech war erstaunt, wéivill Sportler do erop an erof düsen. D'Kolumbianer sinn e sportlecht Vollek. Verschiddener maachen nach uewe Fitnessübungen. Awer och vill Leit maachen de Wee aus reliéise Grënn. Wéi ech uewen ukomm sinn, ass eng ganz angenehm Musek aus de Lautspriecher, déi baussen un der Kierch montéiert sinn, gedrongen, an ech sinn emol an d’Kierch getrëppelt, well ech mech e bëssche gewonnert hunn. An dobannen hunn ech nach méi gestaunt, do war eng Mass am gaang an e jonke Mann um Piano huet do live gesongen, huet nawell zimlech pop-méisseg geklongen. Héi schengen d’Massen net esou traureg ze sinn. ... an et ass ee schwaarz am Gesiicht
Deen Dag war schéint Wieder, d’Sonn huet geschéngt an do huet een de Smog iwwert der Stadt gutt gesinn, esou guer op der Foto ass e net ze iwwersinn. D’Loft ass net déi Bescht zou Bogota, eng Stonn mam Moto am Stau ... an et ass ee schwaarz am Gesiicht. Sonndes gi verschidde Stroossen gespaart an der Stad an da kënnen d’Leit do Rollerblades oder Vëlo fueren, an et sinn der vill, déi dovunner profitéieren. Déi aner besichen déi Onmass vu Museeën zu Bogota, dann heescht et Gedollt hunn, da sti laang Schlangen virun den Entreeën.
Wann een e bëssche méi laang an engem "Guest House" bleift, da léiert ee verschidde Leit kennen, a wann de Besëtzer vum Haus och nach een ass, deen esou laang ënnerwee war ewéi den Hermann, 15 Joer, da kommen do déi lëschtegst Figure laanscht, ewéi z.B. de Rainer, een Däitschen, säin Alter ass schwéier ze schätzen, dem Ausgesinn no misst hien op mannst 125 Joer al sinn. Hie lieft normalerweis an Indien, huet laang bei Manali (um Fouss vum Himalaya, wann ee vun Delhi Richtung Leh fiert) an enger Höhl (!) gelieft, huet sech du beim Mier niddergelooss, e Restaurant opgemaach an erëm missen zoumaachen, well hie matt de Nopere Kaméidi kritt huet, säi Restaurant war voll an deene lokalen Awunner hier waren eidel ... Dunn huet hie sech e Boot vu 14 Meter gebaut, a wéi et fäerdeg war, krut hien et geklaut. De Problem ass, et war de lokale Polizeichef, deen et geklaut huet. Elo huet hie Plainte um Geriicht géint dee gemaach a sech emol léiwer verzunn ...
Oder den Ernest, hie koum em Mëtternuecht un. Ech war mam Laptop beschäftegt, de Mann aus Däitschland huet mech direkt ugeschwat, seng Virstellung war net glécklech, meng Reaktioun dementspriechend, de Mann ass no enger kuerzer Diskussioun schlofe gaangen. Den Dag drop koum hien an den Openthaltsraum, erëm direkt bei mech, huet mir eng Fläsch Béier dohi gestallt a soot "ech sinn haut iwwerfall ginn, mäi Fotoapparat a mäi Portemonni si fort". Hien ass vun zwee jonke Männer mat Messeren ugegraff ginn, ëmmerhinn huet hie sech nach gewiert, si hunn hien an den Aarm gebass, deen ass nawell ferm geschwollen. A wéi wann dat nach net genuch wier, ass hie kuerz drop nach eng Kéier mat engem Messer bedréit ginn, mee béi him war jo schonn naischt méi ze huelen.
De Mann huet mer leed gedoen, an esou koume mer dunn zu enger längerer Diskussioun, wou sech eraus gestallt huet, den Ernest ass 70, jo 70 Joer al a reest eleng op eege Fauscht e puer Méint durch Südamerika. Hien ass bal ëmmer ennerwee, wéi ech no a no gewuer ginn. Hien ass schonn 2 Pilgerweeër a Frankräich an a Spuenien gaangen, labber 1.000 km, a wëll d’nächst Joer en drëtte goen - beandrockend! "Dech begéint ze hunn, ass eng Beräicherung" - schluck!
Hie war fréier Séimann, wat vielläicht seng Reesloscht erklärt. Den Dag drop koum hien erëm, equippéiert mat enger klenger Spray-Dous CS Gas, hat hien sech op engem lokale Maart besuergt. Ech hat doheem och schonn dorunner geduecht, et awer du si gelooss, mëttlerweil hunn ech mer allerdéngs och eng besuergt. Mir hunn eis ëmmer besser verstan an hu vill matenneen diskutéiert, eng interessant Persoun mat engem grousse Wëssen. No dräi Deeg ass hie weider gereest an Ecuador, wéi mir eis Äddi gesoot hunn, sot hien "dech begéint ze hunn, ass eng Beräicherung fir mech", schluck, "Merci gläichfalls".
Viellaicht gesi mir eis jo an Ecuador erëm, schéi wier et ob allefall. Ech war a mengem Zëmmer, ewéi et un der Dier geklappt huet, "am Büro froe Leit no dir". Ech wonnere mech, wien dat soll sinn an trëppelen an de Büro. Do stinn e Mann an eng Fra, gesinn no Mëtt 50 aus. "Du bass mam Moto ënnerwee?" Jo. "Du solls deen ageflunn hunn." Jo, mee wou kommt Dir do drunn?"
Den Hermann huet 2 Guest Häiser, dat anert läit just ëm den Eck. Si haaten him hire Problem erklärt an hien huet se bei mech geschéckt. Si sinn aus England, hunn alles hannert sech geloos an Reese bis hinnen d’Mënz ausginn. Si hunn hire Moto vu Panama op Bogota fléie gelooss a wëssen elo net, wéi se deen importéiere sollen ... Dat ass natiirlech kee Problem, ech erklären hinnen de Wee, si kréie sämtlech Adressen an Telefonsnummeren, awar a merci. Vis-à-vis sëtzt e Fransous, deen an der Schwäiz lieft, säin E-Mail fonktionnéiert net, 10 Minutten, e fonktionnéiert, de Mann ass glécklech. "Du kenns net zoufälleg och nach e Guest House zu Cali, ech hunn der 4 probéiert ouni Resultat." Dach, Casa Blanca Hostel, 6,79 Dollar d’Nuecht, ass ganz néi, huet en Dän opgemaach, deen do un enger Kolumbianerin hänke bliwwen ass.
Een anere Gaascht lacht: "Du bass nawell eng gefrote Persoun haut." De Lonely Planet an d'New York Times ... am Guest House
Och e faine Kärel ass de Robert, dee - wéi ech - all Dag ofreese wëll an et awer net mécht. Hien ass Amerikaner a Journalist. Well mir oft owens zesumme sëtzen a schreiwen, stelle mir fest, dass mir eis allen zwee fir Musek interesséieren. Wéi ech hien dann a mäi Lieblingscafé, de Papyrus, mat huelen, ass hie begeeschtert. Si spillen nëmmen al Rockmusek do, Led Zeppelin, AC/DC a.s.w. De Raum ass kleng, viellaicht 6 x 7 Meter, mee si hu 5 Fernseher do an dodrops lafen d’Videoe vun deene Lidder. No e puer Deeg stellt sech eraus, hie schreift fir de Lonely Planet iwwert Bogota an nach un 2 Artikele fir zwou Zeitungen, ënnert annerem fir d’New York Times. Ech hu missen e puer Fotoe vun him maachen fir an d’Zeitung. Ech si gespaant, vielläicht gëtt elo eng éischt Foto vu mir an Amerika publizéiert, vielläicht an der New York Times, dat wier nawell lëschteg.
Op engem Sträifzuch duerch eng interessant Zone zu Bogota, “Zona Industrial”, eng “Fraihandelszone” wei ech erklärt kreien, fannen ech ausser allerhand Saachen, déi verdächteg bëlleg sinn, eng technesch Kontrollstatioun fir Gefierer, baussen steet och grouss drop "vum Transportministär unerkannt", banne fonktionnéiert se zelwëscht ewéi bei eis, eng Statioun no där anerer, op all Punkt steht esou guer e Computer, d’Equipement ass och identesch vun de Luuchten iwwert d’Foss an de Bremsapparat, wien hätt dat geduecht? Wéi allerdéngs déi gëftgring Renault 12, déi grad d’Hal verléisst, den Test bestaan huet, entzitt sech menger Kenntnis. De Besëtzer huet sech dru ginn, iwwerall Spoileren, wäiss Felgen, méi déif geluecht, bannendrann e risen Tuerenzähler an e Schaltblëtz, herrlech. Iwwerhaapt ass Renault héi a Kolumbien staark vertrueden, haaptsächlech mat dem Modell R4, awer och R6 an R12 gesäit een der vill.
Halloween? Leider net zu Bogota!Et geet op Halloween zou, dat gëtt héi grouss geféiert, alles gëtt gerëscht. Nierft dem "Guest House" ass en Englänner, deen de klengste Café/Restaurant opgemaach huet, deen ech jeemols gesinn hunn, 3 mini Dëscher, 3 x 5 Meter grouss, do ass d’Kichen awer mat dran, huet allerdéngs e geniale Kach. Den Engläner huet esou guer e Graffitikünstler engagéiert, dee seng Fassade mat dem entspriechenden Helloween-Motiv dékoréiert huet, super schéin, dier kënnt Iech jo d’Bild an der Fotogalerie ukucken ...
Ech wier gären Halloween zu Bogota, do muss eng lass sinn. Et kann een z.B. mat der Police en Ausfluch nuets op e Kierfecht maachen. Si haten dat och schonn d'lescht Joer gemaach, et soll immens gewierscht sinn. Hannert de Griewer sinn iwwerall Gespenster opgedaucht, Läiche sinn duerch d’Géigend gegeeschtert an hunn d’Leit erféiert. Mee da misst ech ze laang zou Bogota bleiwen. Denn Ofschidd am "Guest House" war häerzlech, sämtlecht Personal (weiblech) huet mech gedréckt a geknutscht, den Hermann koum extra laanscht, ech hu misste verspriechen, hinnen all Woch de Link mat de Biller op RTL.LU ze schécken.
Begeeschterung am Bulli, Zaldote bei de Brécken, Rowdien op der PistAusnammsweis huet d’Sonn geschingt, ewéi ech lass gefuer sinn, awer net all ze laang, no 2 Stonnen huet et richt era gereent, Begeeschterung.
Flott ass trotzdeem d’Begeeschterung vun de Leit op der Strooss, Motoe fueren nierft engem an tuten, Autoen froe bei der rouder Luucht "vu wou kënns du?", esou guer d’Police iwwerhëllt mech an weist mam Daum no uewen. Brécke gi streng bewaacht vun der Arméi. Béi engem Séi stinn iwwert all Sandsäck, wou Zaldoten Wuecht haale.
D’Strooss gett emmer méi miserabel, laut Kaart misst si immens sinn, mee et gëtt dru geschafft, si ass voller Bulli, rutscheg an no kuerzer Zäit gesinn ech aus, ewéi wann ech schonn eng Eiwegkeet ënnerwee wier. Si fueren ewéi déi mëll hei, mir kommen 2 Camionen entgéint, een allerdéngs op menger Säit, ech hat Gléck, dass op der Säit 2 Meter Plaz waren, wou ech mech hi gerett hunn, well de Caminonschauffeur huet net reagéiert. Nierft der Strooss stinn 2 Bauaarbechter, si kucke mech a zéien d’Mondwenkelen no ënnen. Zu allem Iwwerfloss ass déi Strooss kilometerwäit opgefrässt ginn, mat breede Rillen, ewou e ganze Pneu dra passt, deen der Rill noleeft, et ass nawell eng sportlech Übung, de Moto do driwwer ze bewegen.
Héich erop: Bei de Fossil vu Villa de LeyvaAwer d’Landschaft ass super, héich Bierger bis 3.600 Meter, dertëschent riseg Däller, ganz gring, vill Bauerenhäff, Wise mat gléckleche Kéi.
Vill Bauere brenge mat hire Pärd Geméis aus de Bierger an d’Dierfer oder bei d’Strooss, wou e Camion se ewech hëllt. De Moto zitt op dëser Héicht scho keen Hierk méi vum Teller, iwwerhuele wëll scho geplankt sinn ... Am spéiden Nomëtten kommen ech zu Villa de Leyva un, e klengt schéint Dierfchen, wat ganz am Kolonialstil gebaut ass. Ech fannen och e léift klengt "Guest House", 8 Euro mat privatem Buedzëmmer, wonnerbar. "Wou kann ech de Moto stellen?" "An de Gank." E puer Fotellen an e Blummestack gi geréckelt a schonn ass Plaz fir de Moto.
Awer och hei, an deem klengen Dierfchen, ass eng Onmass vu Polizisten an Zaldoten. D’Sonn ass nach net ënnergaang, a scho steet op all Eck en Zaldot. Denn Dag drop fueren ech duerch d’Emgéigend vu Villa de Leyva, héi kann een zum Beispill “El Fosil” kucke goen, e komplette Fossil vun engem Kronosaurus, oder den Convento del Santo Ecco Homo, en 1620 gegrëntent Dominikanerklouschter.
An engem klengen Duerf uewen an de Bierger steet eng Kierch, déi iwwerhaapt net dohinner passt, do huet wuel en Architeckt sech en Denkmal gesaat, kuckt Iech se unn ... Oder Raquira, e klengt Duerf an de Bierger, d’Awunner waren do ganz kreativ an hunn hiert Duerf ganz faarweg ugemoolt, si stellen haaptsächlech Poterie hir a verkaafen nëmme Kreemchen.
Déi bescht Parkplaatz ass ëmmer virum Policebüro. Wann et nëmme geet, stellen ech de Moto dohinner. Héi klappt dat wonnerbar, e jonke Polizist kënnt direkt eraus, freet vu wou kënns du, a schonn ass aller an der Réi. Net vun hei? Dann häerzlech wëllkomm!
Vu Raquira geet e Wee an d’Bierger, wou et e Klouschter soll ginn, waat ganz eleng läit. Ech maache mech op d’Sich, de Wee dohinner ass scho super, mee dann dat Klouschter. E beandrockenden Ubléck, esou am näischt läit e wonnerschéint grousst Klouschter. Ech maachen eng Foto, en eelere Mann sëtzt viru sengem bescheidenen Haus, "vu wou kënns du?", "Lëtzebuerg", "ah, du bass kee Kolumbianer, welcome a Kolumbien". Dee Satz kéien ech ëmmer erëm ze héieren, immens.
Dat Klouschter kann ee besichen, eng Madame féiert mech derduerch, op Spuenesch natiirlech, si gehait mat de Joreszuelen nëmmen esou em sech, schwiereg nozekommen. An deem Klouschter gëtt et e Musee, an do stinn ural Saachen dran, awer dat Bescht ass en Apple Computer, et muss wuel deen éischte gewierscht sinn, deen Apple gebaut huet. An e Steinway and Sons Piano!
An da gëtt et nach Bicher do, gigantesch grouss vum Format hir an och grouss geschriwwen. Den Auteur huet wuel e Brëll gebraucht, si sinn vun 1795. D’Madame seet merci fir d’Visite an ech fueren zeréck op Villa de Leyva, fir de Bericht ze tippen. Elo muss ech just nach en Internetcafé fannen, deen nach op huet ...
An dat gëtt et héi nach e Café, do soll den Don D’Bill owes trommelen, hien huet 4 Joer fir den Elvis Presley getrommelt. Op ech e fonnt hunn, schréiwen ech Iech d’next Kéier. Salut,
Ren