24. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.

Wéi ech zu Montevideo an Uruguay am Hotel meng E-Mailen Owes gekuckt hunn, war een drënner deen d'Iwwerschrëft - important - Moto - hat, e war aus Brasilien vun där Firma, déi sech ëm d'Pabéieren fir d'Douane sollt këmmeren. Mir ware säit engem Mount a Kontakt, alles huet kloer geschéngt, 2 Deeg fir ze Exportéieren waren am Zäitplang agerechent mat enger Reserve.

Mä elo beemol hate si festgestallt, datt ech op der Grenz misst e Broker huelen an dann de Moto importéieren, esou wéi wann ech géif a Brasilien wunnen. Op de Grenziwwergäng gëtt et keng Broker, déi sinn an de Stied, um Flughafen oder am Hafen. Dozou koum, datt ech samschdes op der brasilianescher Grenz ukomm wier, da wier de Broker - falls een ze fanne gewiescht wier - mat Sécherheet bis méindes zou gewiescht, déi Aktioun hätt also mindestens 4 Deeg, wahrscheinlech awer vill méi laang gedauert.

Changement de plans

Bis virun net all ze laanger Zäit war et e Gesetz, datt wann een e Gefier a Brasilien importéiert huet, dann huet dat 5 Wochen gedauert. Dat Gesetz ass ufanks dës Joeres op 2 Deeg geännert ginn, mä da mussen och all d'Instanzen dat emol gewuer ginn. Och wann ech en Ziedel kritt hätt, wier et dee richtegen gewiescht? Normalerweis kritt een op enger Grenz e Formular "Zäitweilegen Import", dauert 10 Minutten, domat kann een eigentlech iwwerall e Gefier exportéieren, ausser a Brasilien.

Wann ech de falschen Ziedel erwëscht hätt, dann hätt ech do gestanen an hätt keng Zäit méi gehat, fir zeréck ze fueren an ech hätt d'Land net verloossen kënnen, well de Moto d'Land net verlooss gehat hätt ...

Also hunn ech vu Montevideo aus dem Norman ugeruff a hie gefrot, ob hie kéint d'Lufthansa zu Buenos Aires kontaktéieren. Bannent 1 Stonn hat ech en E-Mail mat sämtlechen Detailer, och nach e puer Froe waren direkt gekläert, d'Entscheedung war gefall, 1 Dag vun der brasilianescher Grenz ewech maachen ech d'Kéier a fueren zeréck an Argentinien an exportéieren de Moto vu Buenos Aires, duerno kann ech jo dann a Brasilien fléie well ech hu jo schonn e Fluch gebucht vun Sao Paulo heem. An esou guer wann e Problem optriede géif, wat méi ewéi onwahrscheinlech ass, an Argentinien kéint de Moto 8 Méint bleiwen.

Also zréck op Buenos, mee virdru Montevideo

Vu Montevideo aus gëtt et eng direkt Verbindung mam Schëff zeréck op Buenos Aires, 3 Stonnen, ech hunn dunn en Ticket fir 19.00 Auer kaaft, esou konnt ech mir nach de ganzen Dag d'Haaptstad vun Uruguay ukucken.

Am Zentrum vun der Stad ass ënnert dem Buedem de Mausoleum vum Generol José Gervasio Artigas, deen an Uruguay als Nationalheld veréiert gëtt, wéinst senge Verdéngschter während der Revolutioun beim Rio de la Plata géint d'Kolonialherrschaft an géint d'Grënnung vu Bundesstaaten. Haut nach, de Mann ass ëmmerhin schonn 1850 gestuerwen, stinn Zaldoten virum an am Mausoleum an hale Wuecht.

Montevideo ass eng gemittlech Stad mat ville Géigesätz. Et gëtt schick Restauranten a Caféen, wou ee sech z. B. e Béier mam Numm "Zillertal" leeschte kann. Och deen bei eis bekannte Stella Artois gëtt a ville Länner a Südamerika verkaaft, d'Globalisatioun léisst gréissen.

Nuets gëtt et dreckeg

Den Dreck, deen op de Mäert oder an deene villen deelweis schicke Geschäfter entsteet, gëtt d'selwëscht ewéi zu Buenos Aires nuets op der Strooss sortéiert, déi eng huelen d'Plastiksfläsche mat, déi aner këmmere sech ëm de Kartong. Mat Päerd gëtt dann alles oftransportéiert, ass dach wierklech ëmweltfrëndlech. Gutt gefall huet mer e Päerdsgespann, wat al Computer gelueden hat, wat Géigesäz. Hei probéiert jiddereen e bësse Mënz ze verdéngen, een huet mer gutt gefall. Hien offréiert eng Partie Schach an der Foussgängerzon, fir e puer Peso kann een eng Partie Schach géint hie spillen, d'Vollek féiwert mat wie gewënnt, Kandidaten gëtt et genuch.

RTL

Montevideo huet och e groussen Hafen, wou tonne Container verschëfft ginn, awer och grouss Croissièreschëffer lafen deen Hafen un. Eent war grad ukomm, ech staunen ëmmer nach iwwert déi Dimensioune vun deene Booter, gigantomanesch, genausou wei wann een op enger Terrass e Béierche bestellt, da kritt een eng Fläsch vun 1 Liter! Ech froe mech just, ewéi een béi der Hëtzt no 1 Liter Béier nach soll eppes zoustane bréngen, schéngt awer keen ze stéieren.

Iwwerhaapt ass Uruguay e relaxt Land wou ee sech sécher fillt. Ech hunn esou guer ëmmer meng Saachen um Moto gelooss an et ass ni eppes verschwonnen. Déi Schëffer déi iwwert de Rio de la Plata gondele si bequem a gi vill genotzt.

Computerpann am Hafen? E Kuss hëlleft!

Wéi ech am Hafe vun Buenos Aires de Moto wollt reimportéieren, ass de Computer net gaang, hei an Argentinien geet andauernd grad eppes net. Also sinn ech mat der Madame an de nächste Büro gepilgert, do huet dunn eng Fra hir assistéiert, eng Drëtt koum derbäi, déi ass schlussendlech lass gewandert, fir e Formular sichen ze goen an dann alles manuell aus ze fëllen. Wéi si zeréck komm ass, huet de Computer grad éischt Liewenszeeche vu sech ginn, der Madame hir Minn huet sech op gehellt, si huet de Bildschierm gekësst, fir datt et soll fonctionnéieren! An et ass gaangen, de Printer huet e Formular gedréckt mat 8 Méint Openthaltsgenehmegung fir mäi Moto. Et waren nach 2 Autoen aus Uruguay ze importéieren, an all Kéier huet d'Madame de Schierm gekësst, ier si geprint huet, Computer schéngen och heiansdo e bësse Léift ze brauchen.

Zu Buenos Aires hunn ech du mam Norman de Stadvéierel La Boca besicht. Et ass dee bekannteste vun de 47 Stadvéierel, an deen touristeschsten. D'Haiser do sinn aus Wellblech gebaut deen vun Schëffer koum déi verschrott goufen, d'Faarwen koume vun de Schëffer déi grad ugestrach gi sinn, a well si net ëmmer vill Faarw Rescht haten oder mopse konnten hunn d'Haiser allerlee Fuewen kritt.

RTL

La Boca ass och bekannt fir säi Futtballstadion La Bonbonera. Seng Fuewen Blo a Giel soll et engem schwedesche Schëff verdanken wat déi selwescht Zäit ugestrach ginn ass wéi de Stadion gebaut ginn ass.

Haut kann een do Tangodänzer bewonneren oder Kreemsche kafen, et ass scho bal zevill dës Gudden.

Biere fir Unicef

Zu Buenos Aires ass momentan eng Wanderaustellung déi wuel och iergendwann zu Lëtzebuerg wäert landen, do sinn ech mer bal sécher. Et sinn 170 Bieren déi all Kéier ee Land representéieren. Jiddereen individuell ugemoolt vun engem Künstler, si ginn heiansdo versteet an dën Erléis ass fir d'Unicef. Bis Januar 2009 sinn esou 1.560.000 € zesumme komm.

De Lëtzebuergeschen ass net ëmwerfend schéin an huet e puer kuriéis Detailer, d'Faarwen vum Fändel sinn op der Kopp an den Text um Bier ass bal ganz op däitsch? Huet Lëtzebuerg vläicht während där Zäit, wou ech elo ënnerwee sinn, duerch e klenge Referendum ereescht, datt de Fändel ëmgedréint gouf? Verschiddener sinn awer richteg schéin oder esou lëschteg bemoolt.

Gestaunt hunn ech och iwwer eng Zeitung un engem Kiosk, "Cannabis en familia", mat enger Foto um Cover, wou de Bop gemittlech eng Tiitchen an der Famill weider reecht, si schéngen hei verschidde Méiglechkeeten ze probéieren fir en harmonescht Famillieliewen ze erreechen.

Hello Moto? Äddi Moto!

Schliisslech koum de Moment, fir de Moto op de Flughafen ze féieren. Wéi ech do ukomm sinn, hunn ech just nach gestaunt, dat ass esou einfach gewiescht, no engem Mount ge-emails mat Brasilien ass een op alles gefaasst. An de Büro vun der Fluggesellschaft, "gesäis de déi giel Kamionette, do hannendrun geet et eran, wanns de fäerdeg bass, kënns de erëm hei hinner zeréck." Virun der Hal geet dann alles vun selwen, e Mann kënnt a stellt sech fir, "als éischt weie mir de Moto, weess du wat e weit"? "320 Kg", den Tank a meng Reservekanisteren sinn eidel, dat misst ongeféier stëmmen. D'Wo weist dann 317 Kilo un, esou wäit dernieft louch ech jo dann net.

De Mann ass ganz interesséiert a freet wou ech iwerall war, ech erklären him e bësschen, Begeeschterung.

Da gi mir mat de Pabeieren duerch e puer Büroen, schliisslech nach bei den Douanier, dee verschwënnt 5 Minutten domat, "kann ech nach an deng Këschten kucken w.e.g". - "Jo jo." Wéi ech déi iewescht Këscht opgemaach hunn an him e puer Kleeder, en Zelt an e Schlofsak presentéieren, sot deen anere Mann, deen sech ëm alles këmmert zum Douanier: "Hien war an der Antarktis". Den Douanier kuckt, "an der Antarktis, ziel, wéi war et do". Ech zielen him, den Douanier lauschtert mat groussen Aen no, ech maachen d'Këscht erëm zou, "soll ech nach déi aner Këschten opmaachen?". "Nee Nee, et ass alles an der Rei, Merci". Zack, Stempel, finito Exportation. Elo muss de Moto just nach agepaakt ginn.

Och do geet et virun, eng Palette gëtt bruecht, esouguer eng kleng Ramp fir erop ze fueren hunn si, drop gefuer, Nylonband um lafende Meter fir unzestrecken, méi professionell geet et net méi. "Wëlls du een Kaffi, oder eng Cola?" - "E Kaffi w.e.g."

Ech war scho virdrun vun engem äifrege Sécherheetsbeamte gebremst gi beim Photographéieren, "Heibannen dierf een net knipsen". Dat ka jo awer net sinn.

Pictures & Plastik

E grousse Plastik gëtt op de Buedem geluecht, e Clarck sëtzt d'Palette mam Moto drop, ech froen de Mann, deen de Moto apaakt, ob ech vläicht e puer Biller dierf maachen, "jo, awer ouni Blëtz". Et huet natierlech keng Minutt gedauert bis de Sécherheetsmännchen erëm do steet, hien hat aus der Distanz alles am A, "lee deen Apparat ewech w.e.g", "hien dierf, den Douanier huet him d'Erlaabnis ginn, just kee Blëtz". "Dann Entschëllegt, ech hu näischt gesot, ech hunn iwwregens eng Transalp." - "E gudde Moto." Den Douanier hat natierlech näischt gesot, well hien war guer net gefrot ginn.

RTL

De Plastik gëtt ëm de Moto gewéckelt a mat waarmer Loft zesummegeschweesst, dann nach dënne Plastik, dee vun selwen päscht, voilà, finito, de Clark hieft d'Palette op a verschwënnt mam Moto an der grousser Hal. Mat de ganze Pabeieren zeréck an den éischte Büro, "weess du wéis du zeréck an d'Stad kënns", "ech huelen de Bus", "Nee, dee brauch 2 Stonnen, dofir fiert all 15 Minutten eng Camionnette mat de Leit déi hei um Flughafe schaffen an d'Stad, huel déi, vill méi schnell."

Immens, an 2 Stonne war alles aus an un, firwat kann dat net an all Land esou sinn?

Salut,
Ren