En Hindufeierdag zu Varanasi

De Ren on Tour. Indien Deel 4. Erëm e indesche Feierdag. Wär et net schlëmm genuch, dat een keen Hotel fënnt, sou gëtt och nach eng Enfield de Geescht op.
Zu Varanasi war et bal net méiglech en Hotelszëmmer ze fannen, nom drëtten Hotel dee komplett war, hunn ech emol gefrot wat da lass wier, datt alles esou ausgebucht wier. „Haut ass e wichtegen Hindu Feierdag, bei de Ghats um Ganges sinn den Owend grouss Feierlechkeeten“. Schon erëm e Feierdag, an Indien schéngt jo bal all Dag Feierdag ze sinn.
Nodeems mir dunn en Zëmmer opgedriwwen haten, si mir och bei d'Ghats gefuer fir eis di Zeremonie un ze kucken. Varanasi ass e wichtege Pilgerzentrum fir d'Hindu an um Manikarnika Ghat beim Ganges zu Varanasi verbrannt ze ginn, bedeit fir si d'Erléisung. Dat heescht dat si aus dem Kreeslaf vum Erëmgebuer ginn ausscheede kënnen. Si gleewe jo drun erëm Gebuer ze ginn, a wat fir enger Form hänkt ëmmer dovun of, wéi een sech beholl huet am Liewen, gudde Karma, schlechte Karma.
Den éischten Besuch bei der Zeremonie
Dësen Owend ass Vollmound an do brennen op den Trape vun de Ghats dausende kleng Käerzen an d'Leit bieden. Vun engem Boot huet een eng besonnesch schéi Siicht. Wann ee sech dat Spektakel haut den Owend wëll vun engem Boot ukucke kascht dat datt Zéngfacht vum Präis, deen ee Moies bezilt.
Kleng Schësselcher, aus engem gedréchente Blat geformt a mat Blummen an enger Käerz gefëllt, ginn ob d'Waasser gesat, an esou schwëmmt de Ganges voll klenger Liichtercher.
Ech muss awer onbedéngt nach e Besuch maache bei engem vun de Crématoire wou e nokucke ka wann eng Läich ob engem Holzféier verbrannt gëtt, iergendwéi faszinéierend. D'Männer kréie während d'Läich verbrennt d'Hoer geschuer. Wann de Mënsch doud ass huet de Kierper fir d'Hindu keng grouss Bedeitung méi. Deem entspriechend gëtt deen dann och behandelt wann e bis brennt. Do gëtt monter mat engem grousser Bambusstaang drop geklappt, dat e soll zesummefalen. Wann no zwou Stonnen dat meescht verbrannt ass, gëtt de Rescht an de Ganges gehäit.
Déi Leit, déi genuch Suen hunn, kënne sech Holz leeschte fir verbrannt ze ginn. Déi méi Aarm ginn an engem elektresche Crématoire verbrannt.

Mir widderhuelen de Besuch deen aneren Dag Moies nach emol, dat ass déi normal Besuchszäit, wann d'Sonn opgeet an d'Pilger am Ganges stinn ze bieden, ass dat scho speziell. Allerdéngs si mëttlerweil esou vill Touristebooter do, déi virun deene Leit op an of rudderen, dat et nawell zimlech penibel ass. D'Leit huelen och d'Gangeswaasser an de Mond an späizen et duerno erëm eraus. E Genoss wann e bedenkt wéi vill Läichen do dra schwammen.
Fëschen op Indesch
Um Bord steet e Bouf a fëscht, allerdéngs ouni Aangel, just mat enger Schnouer déi nawell ferm gespaant ass. Wei hie se aus dem Waasser zitt hänke véier ronn Magnéiten drun. Hie fëscht net no Fësch mä no Suen oder Schmock wou d'Leit dra geheien oder verléieren. En anert Boot, an deem 5 dubios Gestalte setzen, fiert esou guer eng ausgeluechte Léngt of, fir op dee Wee zum selwechte Resultat ze kommen. Kollegen, dat do gëtt awer kee gudde Karma, di nächste Kéier gi dir als Kakerlak erëm gebuer.
Eng Enfield um Wee an den Nirvana
Bei esou vill Spiritualitéit mëscht sech och e Motor vun enger Enfield op de Wee an den éiwegen Nirvana. Wei mir zu Varanasi ukomm sinn, koumen onsympathesch Téin aus engem Motorblock. Meng Diagnose: Biellelager gefëmmt, et deet mir schon wéi an den Oueren, wann ech dat Lager klapperen héieren. Also heescht et e Mécanicien fannen, deen dat eventuell flécke kann. Dat dierft net einfach ginn, well dat gëtt eng Operatioun um oppenen Häerz. En Tuk Tuk Chauffer bréngt eis bei e Mécanicien, dee lauschter a kënnt zur selwechter Diagnose, Biellelager futti, ech kann et net flécken. Eisen „hëllefsbereeten“ Tuk Tuk Chauffer (géint Rupien, versteet sech) weess awer Rot, „ech kennen nach e ganz gudde Mécanicien, véier Kilometer vun hei, fuert mir no“. Mir gondelen a gondelen duerch den dichte Verkéier zu Varanasi, un de Geschäfter déi Batterien an Ersatzdeeler verkafe kann een ob mannst erkennen dat mir emol nach am richtege Véirel ze si schéngen. Véier indesch Kilometer kënne laang sinn an deem hektesche Verkéier an an deenen Ofgasen.

Do sinn e puer Geschäfter beieneen, nodeems dräi verschidde Leit d'Ouer bei de Motor gehalen hunn, kommen si all zur selwechter Diagnose, Biellelager gefëmmt, dat war et. Während mir do diskutéiere, kënnt op der Strooss eng kleng Prozessioun am Lafschrëtt laanscht. Si hunn eng Läich ob enger Drobier aus Bambusstaangen a lafen domat bei e Ghat beim Ganges fir se ze verbrennen.
Ufanks hu mir nach gehofft, awer lues a lues gëtt et ëmmer méi kloer dat hei näischt wäert kënne reparéiert ginn. Tëschent siwen Deeg an dräi Woche sinn d'Pronostiken, „mir hu keng Stécker fir fënnefhonnert Kubik, mir hunn nëmmen dräihonnertfofzeg Kubik hei an der Stad“. Während deem leeft di nächst Läicheprozessioun laanscht. Hei schéngt monter gestuerwen ze ginn.

Den néie Motto kënnt mam Zuch. Oder och net!
Ech ruffen emol zu Dehli un béi deem Händler wou mir d'Motorieder gelount hunn, dem Lalli, an erklären him de Fall. „Mir kucken iech e Motorad ze schécken, mam Zuch, sot mir Bescheed a wat fir engem Hotel dir wunnt, ech melle mech“. Also erëm op d'Sich no engem Hotelszëmmer a Bescheed gesot, „de Plang ass de Moto mam Zuch ze schécken, wann haut nach Plaz am Zuch ass kënnt de Moto mar bei iech un, ech schécken och e Mécanicien mat“. Wow, super Service, kann een nëmme staunen.
Owes ass näischt méi geschitt awer den Dag drop um zéng Auer Moies stoung op emol de Mécanicien vun Dehli do, „de Moto kënnt mat engem aneren Zuch, deen ass géint Mëtteg hei. Ech fueren elo op d'Gare a waarden drop“. Um dräi war hien erëm, awer ouni Moto. „Den Zuch hat Verspéidung an ass net laang stoe bliwwen, et ass net duer gaange fir de Moto aus ze lueden, vill Leit hunn et och net gepackt fir eraus klammen“. „Ah....a wou reest de Moto dann elo hin“? „Op Bihar, dat si 600 Km vun hei“. „A wéini kënnt den Zuch erëm zeréck“? „Mar géint Mëtternuecht“.
De Lalli rifft erëm un, „am beschte fuer dir mat him op d'Gare, frot nom Chef de Gare an da kuckt dir ewéi serieux se do sinn. Net dass si de Moto zu Bihar auslueden an dee kënnt dann net mat zeréck.“
Also en Tuk Tuk geholl an ob d'Gare, no iwwert enger Stonn Diskussiounen an Telefonater vum Chef de Gare mat der halwer Welt ware mir net vill méi schlau. De Mécanicien freet op haut nach en Zuch ob Bihar fiert, „dann huelen ech deen a fuere selwer dohin“. Awer haut fiert leider kee méi dohin.

Also erëm zeréck an den Hotel a bis Muer waarden. Géint halwer Eelef ass de Vacar, de Mécanicien erëm do, „ech komme grad vun der Gare, de Moto soll géint Mëtternuecht ukommen, ech kréien en awer eréischt iwwermar um néng Auer moies, ech kucken elo no de Motorieder an da fueren ech zeréck op d'Gare“.
Mëttlerweil ass de Präis fir en Téi gefall, vun 10 Rupien zu Pushkar um Kaméilmaart ob 4 Rupien zu Varanasi op der Strooss, inklusiv eng Téitaass aus Toun déi een einfach op de Buedem gehäit wann se eidel ass. Si zerbrécht a fäerdeg. E sympathesche Mann mat engem laange wäisse Baart a laange wäissen Hoer kacht den Téi ob engem klengen Uewen, dee mat Holzkuel befeiert gëtt.
De Vacar ass zeréck vun der Gare. Mä...
Den Dag drop sëtz mir beim Kaffi wei, op eemol de Vacar era kënnt, fir mech kee gutt Zeechen, ech hunn kee Motorad héieren. „De Moto ass net komm, si hu vergiess zu Bihar de Wagon mam Moto un den Zuch ze krämpen, de steet nach do am Schapp. Ech war d'ganz Nuecht op der Gare, ech hunn zwou Stonne geschlof.“ Bring Bring, säin Handy schellt, et ass de Lalli, säi Patron. „De nei Plang ass dat et e Moto zu Lucknow gëtt, de Vacar fiert elo dohin dee Moto sichen a bréngt iech deen dann an den Hotel, fuer dir nach emol op d'Gare an da schwätz dir mam Chef de Gare wéini de Moto mam Zuch kënnt“. Lucknow sinn 200 Km, aller-retour 400 Km, dat ass an engem Dag net ze schaffen, also Muer de Moie fréi gëtt dat erëm näischt mam Weiderfueren.

En Abléck an déi indesch Bürokratie
De Vacar hellt de beschiedegte Moto, „loosse mer hoffen dat e bis Lucknow hält“ a mir fueren erëm op d'Gare. De Besuch beim Chef de Gare erlaabt ons déif Ablécker an d'indesch Bürokratie, mir setzen tëschent Bierger vu Pabeieren. Eng Dame an en Här fëllen Dokumenter aus, de Chef telefonéiert erëm, hie bréngt mir en Handy, ech denken dat et een vu Bihar vun der Gare ass an diskutéiere iwwert eng schlecht Verbindung, wéini de Moto dann elo kënnt, „eréischt Muer." "Ah sou!" Nodeems ech d'Telefonsnummer an de Numm gefrot hunn, mierken ech dat ech net mat engem vun der Gare vu Bihar, mä mat eisem Vacar schwätzen. De Chef de Gare hat seng Handysnummer op de Frachtpabeiere vum Moto fonnt, an huet seng Nummer och emol ugeruff, ka jo näischt schueden. An hien huet mir dunn erkläert, dat hien et haut net méi zeréck schafft an eréischt Muer kënnt.
Schliisslech kënnt de Chef de Gare och zu engem Resultat, „de Moto ass villäicht de n'Owend am Zuch, awer ouni Garantie. Kommt emol mar de Moien erëm an da kucke mir op en do ass.“ „Um wéi vill Auer kënnt den Zuch“? „23.10“ „Op wat fir engem Gleis“? „eent, kann awer och zwee oder dräi sinn“......“Wéi vill Gleiser hu dir hei“? „Dräi“. “Merci, schéinen Dag nach“.

Zu Varanasi am Zentrum: An déi nächst Läicheprozessiounen.
Zu Varanasi ass den Zentrum vun der indescher Seideproduktioun, an esou gi mir emol déi kleng Ateliere besiche wou d'Wiewstill stinn. Ënnerwee begéine mir erëm zwou Läicheprozessiounen, eng am traditionelle Lafstil mat Gesang, déi aner huet hiren „doudege Kierper“ wei dat hei genannt gëtt, ganz labber op den Dag vun enger Jeep gestréckt. Si sinn ëmmer d'selwecht agepaakt, als éischt gëtt de Kierper an e wäisst Duch agewéckelt, duerno gëtt en an eng gëllen Decken agewéckelt déi erëm erof geholl gëtt ier de Kierper verbrannt gëtt.
Hei gëtt Handwierksaarbecht nach grouss geschriwwen
An deene klengen Ateliere sëtze Männer bei enger Neonstüb oder enger schwaacher 60 Watt Bier a wiewen aus ganz renge Fiedem wonnerschéi Stëfter. Et gëtt Wiewstill déi maschinell ugedriwwe ginn, déi ganz al ginn mat de Féiss beweegt, eng heeden Aarbecht an enger Afenhëtzt. Awer dee System vun deene Maschinnen ass spektakulärt. Eng Unzuel vu verschiddene faarwege Fiedem ginn iwwert e komplizéierte Mechanismus ënnen zum Reech gefouert. Bei deene maschinell bedriwwenen Maschinn schéisst en Hiewel d'Schëffelchen hin an hir, bei deenen anere gëtt dat vun Hand hien an hir geschoss. Dat Muster wat entstoe soll gëtt a Lachkaarte gestanzt, déi d'Maschinnen da stéieren. D'selwecht ewéi eng Dréileier.
Duerno muss ee natierlech e Besuch am engem Buttek maachen, wou déi Seide Produkter, Schalen, Dëscheldicher oder Bettiwwerzig verkaaft ginn. D'Präisser sinn gutt an d'Wuer ass wonnerschéin, e Meter Seid mat schéinem Muster kascht 7,40 € de lafenden Meter.
Et gëtt och Inder déi Suen hunn. Dat hu mir gemierkt an eisen Hotel wéi Nomëttes e Kannergebuertsdag geféiert ginn ass. Mat Buffet, Animatricen, Loftschlass a.s.w. Déi Feier hätt bei eis doheem och schon Androck gemaach.

Dënn Dag drop géint 10.00 Auer knattert de Vacar an den Haff vum Hotel, „voilà, hei ass de Moto vu Lucknow, ech hunn e scho gewäsch, e war ganz knaschteg vun der Rees“.
Endlech kann et weider goen, nach 300 Km bis Nepal.
Bis dann,
Ren