Finale furioso: Iguazu-Waasserfäll a Rio de Janeiro

Beandrockend: d'Iguazu-Fäll aus der Loft. / © René Hilbert
25. a leschte Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.
Vu Buenos Aires sinn ech dunn op Iguazu geflunn, fir mir d'Waasserfäll unzekucken Et kann een déi vun 2 Säite bewonneren, vun der argentinescher, wou ee méi Zäit brauch, awer méi no dru kënnt, oder vun der brasilianescher, normalerweis besicht een déi 2 Säiten.
Et ass 15 Auer, ewéi ech zu Iguazu ukommen, dat geet nach duer, fir de Bus a Brasilien ze huelen an deen Deel vun de Fäll ze bewonneren. Vun där Säit aus ass et och méiglech, en Helikopterfluch ze buchen a sech de Naturspektakel aus der Loft unzekucken: 100 USD fir 10 Minutten, dat geet jo nach, maachen ech als éischt.
De Fluch als éischt ze maachen, huet dee Virdeel, datt ech direkt gesinn, wou ech iwerall hi wëll a wat ech mer spuere kann, well am Ganze sinn di Waasserfäll 2,7 Kilometer laang an op der argentinescher Säit kann een, wann ee wëll, bal e ganzen Dag pilgeren.
Ladies first :-)
Si hunn 2 schéin Helikopteren, wéi mäin Tour kënnt, soll ech an dee rouden Helikopter, deen huet awer am Géigesaz zum blo-wäissen Heli keng Fënsteren, déi opginn, "Neen, ech fléie mat deem aneren, vun deem do aus kann ech keng Fotoe maachen", "dat stëmmt, mee deen aneren ass voll". - "Da waarden ech eben." De Mann weist sech kooperativ, eng Madame gëtt a menger Plaz an dee Roude verfracht, ech dierf an deen aneren.
D'Siicht aus der Loft ass beandrockend, 275 Waasserfäll verdeelen sech op 2,7 Kilometer, leider dierf den Pilot nëmmen op enger Säit vum Floss fléien wat d'Méiglechkeeten vum Fotograféiere limitéiert, soss géif hien iwwer argentinescht Gebidd fléien, an dat dierf hien net.
Zeréck um Buedem kafen ech en Entréesticket fir de National Park Iguazu a fuere mam Bus bis bei d'Fäll. Obwuel een net esou no dru kënnt wéi op der argentinescher Säit, ass et e grandiosen Ubléck, während een op dem Pad wandert, rennen eng Onnmass Eidechsen iwwert de Wee, schéi faarweg Déieren, a Wäschbieren, déi zimlech virwëtzeg sinn. Iwwer eng Bréck kënnt ee bis op en Aussiichtspunkt, vu wou een an dem Däiwel säi Mond ka kucken, esou nennt sech dee gréissten Deel vun de Fäll a Form vun engem Hufeisen.

Fir op der argentinescher Säit dee selwechten Deel ze gesinn, muss een en Zuch huelen, deen 20 Minutte fiert an dann nach 1,1 km zu Fouss trëppelen. Währenddeem kann een d'Fësch am Waasser bewonneren oder eng Mariposa, dat ass kee Marie, wat do poséiert, mä heescht Päiperlek op Spuenesch. Si hunn di schéinste Faarwen, een ass ganz sëlweresch, en aneren gesäit aus wéi e Blat am Hierscht. Si schéngen och keng Problemer mat de Leit ze hunn, si sëtzen sech op Jiddereen, wou do stoe bleift.
Beim Däiwel sengem Mond
Um Aussiichtspunkt ukomm, steet ee ganz no beim Däiwel sengem Mond, wou vun 3 Säiten d'Waasser erofleeft an iwwert eng Breet vun 150 Meter an eng Längt vu 700 Meter ënnert Gedonners 82 Meter an d'Déift fällt. Duerch d'Sonnestrahlen entsteet am Waasserniwwel e schéine Reebou, et kann een sech net sat kucken.
Et kann een dann och nach en Ofstiecher no Paraguay maachen, di eng maachen dat, well zu Ciudad del Este d'Elektronik bëlleg ass, di aner gi sech just de Stempel an de Pass sichen.

D'Waasserfäll vun der brasilianescher Säit.
Vun Foz de Iguassu, der brasilianescher Säit, fléien ech op Rio de Janeiro, wou ech um Fluchhafen mäi Fluch vu Sao Paulo op Lissabon ëmbuchen. Et mécht jo kee Sënn, fir vu Rio op Sao Paulo ze fléien, fir dann op Lissabon, wann ech dat direkt vu Rio ka maachen. Ech hat deen Ticket jo scho gebucht, wéi ech nach der Meenung war, dat mat der Exportatioun vum Moto aus Brasilien géif klappen ... mee dee gouf jo vu Buenos Aires aus iwwert den Atlantik zréckgeschéckt.

Brasilien ass dat richtegt d'Land, fir sech op Doheem anzestëmmen, hei schwätzen se nämlech Portugisesch.
Zu Rio an engem Ratelach
Zu Rio en Hostal ze fannen, ass net esou einfach, aus Sécherheetsgrënn hunn si keng Schëlder un der Fassade. Fir den éischten Owend fannen ech just e Ratelach fir ze schlofen, ech verzichten esou guer op d'Duschen do. Den Dag drop fannen ech e fonkelneit Hostal, wat am Verglach zu deem Éischten scho bal paradiesesch ass.
Rio ass net nëmmen d'Stad vun der Kierperkultur, néierens gesäit een méi duerchtrainéiert Kierperen, mä och vun de Schwulen a Lesben. Opfälleg vill eeler Häre gesäit een hei mat jonke Männer, an der Apdikt hänkt e grousst Schëld an der Fënster "Viagra". Um Strand ass grad e Video gedréint ginn, eng net onattraktiv Weiblechkeet, knapp bekleed, huet e schwaarzen Typ, deen als Leopard verkleet war, un enger rouder Léngt iwwert de Strand gefouert - speziell, ech wéisst gären, wou di Szeen do opdaucht.
Ech buchen en Tour duerch eng Favela, esou ginn d'Armevéierele vu Rio genannt. Eleng gëtt vum Besuch do ofgeroden, ëm Metteg hëlt eng Camionnette di Leit, déi den Trip gebucht hunn, beim Hostal of, ausser mir nach 3 Hollänner.
De Guide, deen eis soll derduerch féieren, mécht dat regelméisseg an huet sech mat enger ONG zesummegedoen. Déi hunn eng Schoul do gebaut, fir ongeféier 100 Kanner, an 1 Mol am Mount kritt hien eng Lëscht, wat si u Liewensmëttel brauchen an hien liwwert dat dann, esou ass hien do gutt ugesinn a ka säi Geschäft bedreiwen, Touristen derduerch ze féieren.

Mir besichen d'Rocinha, di anscheinend gréisste Favela vu Brasilien, geschätzten 200.000 Leit liewen do. Di Usammlung vu gebaute Wunnengen läit an engem Bierg, eng eenzeg Strooss féiert no uewen. De Grond, datt een nëmmen aus Zille gebauten "Haiser" do gesäit, ass Deen, datt no brasilianeschem Gesetz eng Persoun, déi sech op ëffentlechem Gebidd nidderléisst, no 5 Joer dee legale Besëtzer vun deem Terrain ass, datt gëllt awer nëmme fir stenge Bauten.
Mat Mototaxien fuere mir bis op de Bierg. Di Motoradfuerer si net nëmmen Taxichauffer, mä schaffe bal all mat den Drogenhändler zesummen, déi di Favelae kontrolléieren. Si hu kleng Féierwiekskierper bei sech a soubal eppes net stëmmt, gëtt esou ee lass gelooss, an da sinn d'Drogenhändler gewarnt.
Touristen oder Geheimagenten?
De Guide seet, wann dierfe Fotoe gemaach ginn a wann net, si sinn anscheinend ganz sensibel op deem Gebidd. Ganz schmuel Weeër féieren duerch dat Gewulls, di meescht Leit sinn awer frëndlech, et si méi d'Drogendhändler, di net esou frou mat den Touriste sinn, well si net wëssen, op do net och Agente vun der Geheimpolizei drënner sinn. Héiernsdo kréie mir Bescheed gesot, ier mir duerch eng Gaass ginn, datt et do net fir ze knipse wier, eng aner Kéier kënnt déi Info ganz spontan, "gesäis de deen Typ do vir, dat ass een".
Et gëtt 3 Drogebanden, déi sämtlech Farvelae kontrolléieren, di Drëtt Gewalt, di Zweet Gewalt an d'ADA, "amigos de amigos", d'Frënn vun de Frënn. Si hunn no engem erbatterte Kampf 2006 d'Muecht an der Rocinha iwwerholl. Un de Mauere sinn hir Initiale mat bloer Faarf gesprayt, Jidderee soll wëssen, wien hei d'Soen huet. Ongeféier 2.000 Leit schaffe fir déi Band, déi pro Mount 3 Milliounen Dollar an der Rocinha erwirtschaft. Si hunn allerdéngs och eng Sportplaz gebaut oder investéieren emol a besser Weeër. 5 % vum Bénéfice geet un d'Police (!), ee gudden Deel gëtt a Waffen investéiert, si si besser equipéiert wéi d'Gesetzeshidder, hire Chef flitt e gepanzerten Helikopter.
Wat ee méi no ënne kënnt, wat dat Ganzt méi prekär gëtt, d'Ofwaasser lafe schliisslech biergof, iwwert de Wee, wou een trëppelt, et sténkt nawell zollitt, den Dréck läit op Plazen héich, hei hëlt keen den Offall ewech. Si bezuele Persounen, di den Dréck no ënnen op déi enzeg Strooss schaffen an do gëtt en da vun der Stad ewech geholl. De Stroum gëtt labber ofgezappt, d'Kabelen hänken esou déif, datt ee sech bécke muss - Stéiere bezillt kee Mënsch hei.

Eng lokal Ambulanz a Form vun enger hëlzener Schubkar, weder gepolstert nach gefiedert, op där enger schwanger Fra läit, gëtt de Bierg erop gedréckt, d'Gesicht vun der Fra schwätzt Bänn, ech well net gesi, wou dat Kand do op d'Welt kënnt. Dat hei ass eng Welt fir sech, eng Stad an der Stad. Mir maache bei engem klenge Bäcker halt, deen alles op der Plaz hirstellt. Ech schmaache säi Bananekuch, excellent, do ass näischt dergéint ze soen.
No 2 Stonne si mir erëm ënnen ukomm, ech muss soen, ech hat mer et schlëmmer virgestallt, ech war schon op Plaatzen, wou d'Leit nach manner haten, weder stengen Haiser, nach Stroum oder Waasser. Wat ech méi bedréckend fonnt hunn, war datt een net esou einfach aus deem Labyrinth eraus kënnt.
En Oscar fir den Oscar :-)
Den Dag drop maachen ech eng Stadbesichtegung mat engem Minibus, fir an de Nationalpark Tijuca kënnt ee laanscht dem weltbekannten Architekt Oscar Niemeyer säin Haus, hien ass 101 Joer al an huet sech matt 99 nach eng Kéier bestued! Hien huet iwwer 600 Bauten an aller Welt geschaffen.
Ganz fréier ass hei iwwerall Kaffi ugebaut ginn, dovunner iwwreg bliwwen sinn awer nëmme luxuriéis Villen, hei muss an der Zäit en enorme Räichtum gewiescht sinn, si haten z. B. Buedbidden, déi aus engem Block Marmor geha gi sinn. 4 dovunner stinn am Park verdeelt.

Wéi mer bei der Christusfigur uewen um Bierg ukomm sinn, waren d'Wolleke schonn am Gaangen, de Rideau erofzeloossen, mir hate Gléck, 5 Minutte gutt Sicht, dat war et. De Jesus am Niwwel an den Zockerhutt mam Hafen verschwannen, mäi Plang, mam Helikopter ëm d'Statu ze fléien, hat sech domat erleedegt.
A Plaz vum Christus géif eng Statu vum Michael Jackson och gutt do maachen, mat der Opschrëft "I love you all".
Selaron, Selaron, Selaron, Selaron ...
Di bekanntesten Trap vu Rio, d'Selaron Trap, vielläicht di bekannteste vun der Welt, dierf een net verpassen. 1990 huet de Selaron, e gebiertege Chilen, nodeems en duerch méi ewéi 50 Länner gereest war, beschloss, sech zu Rio nidderzeloossen. Hien huet ugefaangen, eng 125 Meter héich Trap ze dekoréieren, am Ufank mat Plättercher an de Faarwen vu Brasilien, en Tribut un d'Leit vu Brasilien, dat Land, an dat hien sech verléift hat.
Am Ufank huet jidderee gelaacht, mä dat huet hien net gestéiert, no a no huet hien Plättercher aus Länner vun der ganzer Welt matagebaut, wann hie keng Sue méi hat, huet hie Biller verkaaft, fir neit Material ze kafen. Säit 1977 huet hien iwwer 30.000 Biller gemoolt, all hunn si als Haaptmotiv eng schwanger Fra, no eegenen Aussoen e Problem, dee mat senger Vergaangenheet ze doen huet.
D'Kathedral an d'Nei Bréck zu Rio
"Wou ass dann eng lëtzebuergesch Plättchen?" 2 Sekonne Bedenkzäit, "do vir op där Sail". Ech gi kucken, Tatsaach, eng Plättche mat der Kathedral, ech fannen nach eng mat der Adolphesbréck.
Bis elo sinn di 215 Trepplécken mat 2.000 verschiddenen Plättercher aus iwwer 60 Länner dekoréiert, et si scho 5 Musekvideon op der Trap gedréint ginn, ënnert anerem huet U2 de Video vun hirem Lidd "walk on" hei gedréint, a wann ee liest, wien dat Motiv fir eng Reklamm gebraucht huet: American Express, Coca-Cola, Fanta, Pepsi, Kellogs Corn Flakes ... verréckt! D'Zeitungen net ze vergiessen, z. B. huet National Geographic di Trap als dat gréisste Konschtwierk bezeechent, dat vun enger Persoun hirgestallt ginn ass.

Well ech waarde wollt, bis keng Leit méi do sinn, fir e Bild ze maachen, sinn den Selaron an ech op eemol eleng, hie sëtzt op der Mauer a grommelt, "Lëtzebuerg ... kanns du mir net nach eng schécken, ech bauen déi dann an". - "Jo, ech schécken der eng." Elo muss ech esou eng Plättchen fannen, mä wou?
Ech krut dunn d'Eier, eng ganz perséinlech Foto vun him ze maachen ... wou hien d'Zong eraus streckt, e Künstler halt eben.
Am Dag ass mäi Besuch mat der Seelbunn um Zockerhutt an de Wolleken ënnergaangen, owes ass Rio am Waasser ënnergaangen, et huet gereent ewéi mat Eemeren. Well ech den Dag drop eréischt um 16 Auer um Fluchhafen ze si brauch, maachen ech nach e Besuch bei der Christusfigur, vläicht klappt et jo haut mam Helikopter. Wéi ech gestart sinn, war si ze gesinn, mä wéi ech ukomm sinn, dee selwechten Szenario, e puer Minutte brauchbar Sicht, dat war et, et hätt net solle sinn.
Also mam Taxi op de Flughafen an Heem.
Dat war et, d'Rees ass zu Enn. 7 Länner, 2 Kontinenter, 21.058 km mam Moto, 4.952 km mat verschiddene Schëffer, 21.354 km mat verschiddene Fligeren, 18.431 Fotoen, e puer nei Frënn an eng Onmass Andréck, déi wuel eng Zäitche brauchen, fir verschafft ze ginn.
Merci fir di vill léif E-Mailen, ech hu mech iwwer jidder Eenzel gefreet.
Bei esou engem Projet sinn ëmmer Leit am Hannergrond, déi an iergendenger Weis mat dru bedeelegt sinn, well si dozou bäidroen, datt dat Ganzt iwwerhaapt méiglech ass oder datt Problemer schnell kënne geléist ginn, deene Leit well ech zum Schluss Merci soen.

Welcome! Wéi de René heem komm ass, hat hien dësen Ziedel op senger Hausdier - vu senge Noperen, dem Nelly an dem Gilles.
Merci deene Persounen, di mir de Congé accordéiert hunn, dem Marcel, fir datt meng Wunneng ausgesäit, ewéi wann ech ni fort gewiescht wier, an nach vill mei, dem Nelly an dem Gilles 1, fir d'Post eran ze huelen, dem Gilles 2 fir Verschiddenes, dem Patrick fir de Clark, dem Sylvie fir den Telefon, dem Ralph fir d'Hëllef bei Informatik- a Linguistik-Problemer, dem Max fir seng Hëllefsbereetschaft a Saache Mototransport, dem Raymond fir d'Camionette a villes méi, dem Charlotte fir d'Garage, dem Marc, fir meng gebrannten DVD'en aus dem Chile mat op Lëtzebuerg ze huelen, dem Norman am Julieta fir hir Gaaschtfrëndlechkeet zu Buenos Aires, dem Luc a senger Equipe bei RTL fir hir Begeeschterung an hir Flexibilitéit an dem Dr. Devaquet, fir datt ech ëmmer nach ka Moto fueren.
Bis eng aner Kéier.
Salut,
Ren