Am Nepal ukomm

Bal ass et gepackt. Den Nepal ass an Siicht komm. Muss een just nach iwwert d'Grenz, wat awer schwiereg an Bürokratesch ka ginn. Mä déi Méi lount sech...
Ëmmer erëm lëschteg ass eng Grenz fir an en aner Land. Déi Bürokratie ass meeschtens herrlech wann een déi néideg Gedold dofir opbréngt. De Büro ass nëmmen e kleng Schapp op der indescher Säit an am Stau vun de Camione muss een oppassen, datt een en net verpasst.
Schwiereg Bürokratie, iwwerfuerdert Beamten an aner komesch Gesellen
Dofir suergen awer schon illuster Gesellen déi ongefrot gutt Rotschléi ginn an engem de Büro weisen, fir engem duerno ze erklären et dierft ee keng indesch Sue mat an de Nepal huelen an dofir misst een se hei wiesselen. Zoufälleg wëssen si och wou sech e Büro fir ze wiessele befënnt an hoffen e puer Rupien Kommissioun ze verdéngen. „Dir musst se all hei wiesselen, well si maache Kontrolle wéinst de Maoisten. Wann si se fannen huelen si iech se all of“. „Kolleg, dat elo nach vill Kontrolle sinn kann ech mir net virstellen, de Biergerkrich ass eriwwer an esouguer während deem war ech zwee Mol am Nepal an hat trotz de massive Kontrollen ni e Problem. “ Ech wiesselen der e puer, well een der jo direkt am Nepal brauch. Awer net alles well dat Kabes ass.
Fir aus Indien auszereese muss een déi üblech Pabeieren ausfëlle mat Passnummer, Visanummer, Valididtéit, Adress doheem, Adress an Indien a.s.w.. Während deem ech mäin Ziedel ausfëllen, sëtzt am Büro niewendrun de Chef a spillt Solitäre um Computer. Ech ginn den Ziedel of, et geschitt e puer Minutten näischt, dann „ären Ziedel w.e.g.“ „Hunn ech iech virun e puer Minutte ginn“ „Nee, ech hu kee kritt“, „dir hutt mir nach e Bic gi fir en auszefëllen“, „ah jo, awer ech hu kee kritt, hei ass en Néien“. Niewent mir sinn 2 Mönchen aus dem Myanmar am gaangen en Ziedel aus ze fëllen, si wëlle mat Sécherheet ob Lumbini, dem Gebuertsuert vum Budda, eng 35 Km hannert der Grenz am Nepal. Mir sinn hei ob der Pilgerstrooss wéi oft op de Schëlter steet. Esou wei et bei eis d'route du vin gëtt hunn se hei d'pilgrims road.
Ech wollt grad ufänken de nächsten Ziedel aus ze fëlle wéi de Mann am Gewulls deen éischten erëm fonnt huet, „hei ass en“ knätsch e Stempel an de Pass, w.e.g. fäerdeg. De Chef huet beim Solitäire verluer a liest elo zesumme mat engem aneren online Zeitung.

Op der nepalesescher Säit gesäit dat direkt e bëssche méi opgeraumt aus. E richteg eenzelt Gebai vir sech unzemellen, frëndlech Läit a virun eis e Mann deen eng Onmass Päss aus Sri Lanka well ofgestempelt hunn. Ech kucken hien a froen „Lumbini“? „Jo“. Nodeems de Visa am Pass ass, deen ee natierlech mat indesche Sue bezuele kann, muss de Moto deen an Indien ugemellt ass, nach an de Nepal importéiert ginn. Dat dauert eng Stonn, eng Onmass Pabeiere gi gebraucht, vun allem muss eng Fotokopie besuergt ginn. E klenge Bouf huet schnell mat kritt dat ech Kopie brauch, „ech weess wou eng Kopiesmaschinn steet, komm mat“. Pro Dag muss een eng Taxe vun 113 Nepalesesche Rupie bezuelen, dat ass een Euro.
Vun Indien an den Nepal: Wei eng aner Welt
Wann e vun Indien an de Nepal areest, mierkt ee schonn e groussen Ënnerscheed. Wann e bis déi éischt Stad hannert sech gelooss huet, gëtt et direkt vill méi propper, et ass manner Verkéier, et gëtt gréng an e schéine proppere Floss leeft parallel zur Strooss. Obwuel et manner Verkéier gëtt, ass et net onbedéngt manner geféierlech. Bei engem Chantier wou si d'Strooss nei maachen hält niewent mir eng Jeep, de viischte Pneu ass schon bis ob d'Toile ofgefuer, et ass eng Fro vun der Zäit bis dee platzt.

Pokhara leit un engem Séi a virun eng wonnerschéiner Biergkulisse, Annapurna a Co. Ech war 2002 an 2003 zu Pokhara wéi ech iwwer d'Land mam Moto vu Lëtzebuerg an de Nepal an du weider gefuer sinn. Ech si bal vum Moto gefall wéi ech et elo erëm gesinn hunn. Deemools war et schon touristesch, awer nach gemittlech. Mëttlerweil hunn sech d' Caféen an d'Hoteller op mannst verduebelt.
D'Bierger gesäit een se momentan net well d'Wieder schlecht ass, kal a fiicht an tonne Niwwel. An esou geet dat véier Deeg laang, all Moien um 5.30 opstoen a kucken ob d'Stären do sinn. Dann ass d'Siicht gutt an et kann een sech de Sonnenopgank ukucken, et war allerdéngs 4 Mol ëmsoss.
Gutt Kleederkopien, aarm Verkeefer an net esou serieux Mönchen
Esou bleift Zäit fir duerch déi vill Geschäfter ze zéien déi all Outdoor Kleedung verkafen zu gudde Präisser, vill dovunner si Kopien, awer gutt gemaach. Wéi aarmséileg dee Business fir d'Verkeefer ass gesi mir beim umoossen, dofir gëtt een dann direkt an d'Schlofzëmmer vun de Leit gefouert dat direkt hannert dem Buttek ass, de grousse Goss maache wuel anerer. Am Nepal liewe vill tibetesch Flüchtlingen, alleng ëm Pokhara gëtt et véier Kolonien. Eng huet e grousst Klouschter wat e ka besiche goen. Mir hate Chance. Just wéi mir do waren huet eng Puja Zeremonie ugefangen, dauert 1,5 Stonnen. D'Mönche murmelen hir Gebieter, et gëtt a wäiss Muschele geblosen déi een donkelen Toun vu sech ginn oder a laang Trompéiten. Di jonk Mönchen, sou ze soen d'Léierbouwen, huelen dat ganzt net esou eescht a kicheren mateneen, da muss de Chef heiansdo laanscht trëppelen a fir Rou suergen.

De véierten Dag géint Mëtteg weisen sech op eemol d'Spëtzte vun de Bierger an am Nomëtte sinn se ganz ze gesinn, spektakulär. Vir de Sonnenënnergang fuere mir ob Sarankot, en Aussiichtspunkt mat 360 Grad Siicht, op der enger Säit d'Bierger an op der anerer de Séi, iwwer deem di grouss peace Stupa trount. Dat ass schon beandrockend wann sech de Schnéi op de Bierger rout verfierft wann d'Sonn ënnergeet.
Busy Bee ass „the place to be“ zu Pokhara, e Café mat oppenem Feier wou eng nepalesesch Rockgrupp Lidder no spillt, an zwar richteg gutt. Bei Hells Bells vun AC/DC ziddert scho meng Cola, bei Sweet child of mine vu Guns an d' Roses wackelt esou lues den Everest. Wat en Ënnerscheed zur Puja am Klouschter.
Si hunn och eng German Bakery zu Pokhara, déi huet e coole Logo, de Pleitegeier mat enger Bretzel.
De Sonnenopgank an en Ubléck, deen een ni méi vergësst
Et verginn nach zwee Moienter wou keng Stären do sinn, ech géif gären eng Foto maache wou d'Bierger sech beim Sonnenopgank am Waasser vum Fewa Séi spigelen, dofir muss d'Waasser awer ganz glat sinn, an dat ass just Moies ganz fréi de Fall, ier et waarm gëtt. Duerno kënnt d'Loft an da si kleng Wellen do an dann ass d'Resultat net méi esou schéin. De Leschten Dag ier mir sollte weider fuere ware moies Stären do an ech si mam Moto duerch d'Däischtert bei de Séi gefuer an der Hoffnung d'Bierger ze gesinn. A si waren do, wat fir en Ubléck, onvergiesslech.

Vill Schoule maachen en Ausfluch bei de Fewa Séi a besichen den Tempel am Séi. Da gëtt um Bord vum Waasser a risegen Dëppe gekacht, an engem Bus louch de Chauffer virdran ze schlofe mat enger Blumm am Grapp, genial.
An engem Biergduerf stoung en Dësch do mat enger Foto, enger Lëscht wou een sech konnt androen an en Teller wou Suen drop loungen. „Hie war Taxichauffer an hat gëschter en déidlecht Accident. Hie hannerléisst Fra an 2 Kanner, déi Suen si fir si“. Also spende mir och e puer Rupien.
Ënnerscheed Stad a Land
Et ass Karschnatz am Nepal a wann een an d'Bierger fiert gesäit een op de Felder d'Leit déi dreschen, mat der Hand!! Duerno gëtt d'Stréi op d'Strooss geluecht an de Verkéier fiert driwwer. Esou gëtt et platt an da gëtt et openee getässelt, gesäit dann ewéi e groussen Hiwwel aus. Iwwerall léien d'Kären an der Sonn fir ze dréchenen, an duerno ginn se dann an Handaarbecht gebotzt, si ginn an d'Luucht geworf an de Wand bléist den Dreck eraus. Di meescht Baueren hu nach keng Maschinnen a plouen hiert d'Feld duerno mat Ochsen an engem Holzplou.
E krasse Géigesaz zu der Touristewelt vu Pokhara an där et sech gutt liewe léist wann een déi néideg Mënz huet, déi awer esou vill mam Nepal ze dinn huet ewéi d'Rockgrupp am Busy Bee mat der Puja am tibetesche Klouschter.
Bis d'nächste Kéier vu Kathmandu
Ren