Vu Pokhara op Kathmandu

Kathmandu ass eng Stad fir sech. Geschicht a Religioun treffen hei openeen, wat och de Charme vun där Stad ausmécht, wéi de Ren weess a beweist ...
Vu Pokhara op Kathmandu fiert et sech ganz fäin, ausser dee Pass just viru Kathmandu, deen huet et a sech. No enger geschloener Stonn huet ee sech duerch déi vill Kaulen a Lächer gekämpft an huet masseg Dieselofgase geschléckt, wann een duerch déi schwaarz Ofgaswolleke muss, fir déi vill al a midd Camionen a Bussen ze iwwerhuelen. Well een d'Viséier vum Helm opmaache muss, fir eppes ze gesinn, ass ee ganz schwaarz am Gesicht, esou ewéi wann een an enger Kueleminn geschafft hätt.
Bléck op Daach vun der Welt: "war nawell schéin"
D'Wieder war gutt an d'Siicht kloer, sou dat ee kuerz viru Kathmandu den Mount Everest an de Lhotse gesinn huet, war nawell schéin.

Zu Kathmandu sicht een dann Thamel, den Touristevéierel, well do sinn all déi präiswäert Guest-Häiser an onwäit vun dem Véierel ass den Durbar Square, eng vun en Haaptattraktioune zu Kathmandu. Dat ass d'Plaz virum ale Kinnekspalast mat iwwer 50 Tempel a Pagoden. Do steet och d'Kumari Haus, dat ass d'Haus vun der lieweger Göttin. Si gëtt ausgewielt ënner de Meedercher vun der Newar-Kaste vun de Shakya an dierf de Palast just fir d'Indrajatra Fest verloossen, wou si mat enger prunkvoller Kutsch duerch d'Stad gefouert gëtt. Wann dann d'Kumari hir éischt Menstruation kritt, war et dat, da gëtt si zeréck bei hir Eltere bruecht an et gëtt eng nei gesicht.
Eigentlech ass dat kee Geschäft fir déi Meedercher, ni eng Schoul gesi, well och nach kee si duerno bestuede well, et heescht, datt e Mann, deen eng fréier Kumari bestit, fréi stierft. Vun enger Gottheet, wou vill Leit sech drëms këmmeren, zum Aschenputtel, wat kee méi bekuckt, ma Prost dann awer.
Kathmandu - do wou fréier d'Hippien waren
Zu Kathmandu gëtt et och nach ëmmer d'Freak Street, fréier den Treff vun den Hippien. An de 60er an de 70er Joer sinn si iwwer Afghanistan an de Nepal gefuer, ëmmer op der Sich no dem beschte Grass fir ze dämpen. Haut erënnere just nach e puer Geschäfter un déi Strooss, ze gesi gëtt et do net méi vill.

Lëschteg Fluchgesellschaften hunn se am Nepal, Buddha Air, do flitt de Chef nach selwer, Yeti Air, do gëtt et nach keng Foto vum Chef.
Meng Lieblingsplaz zu Kathmandu ass Pashupatinath, ee vun den eelsten Hindu Tempelen op der Welt. E läit un Bord vum hellege Bagmati Floss. Mir haten d'Gléck, d'Bala Chaturdashi Fest hat grad ugefangen, e Fest fir den Doudegen ze gedenken. Dausende vu Leit waren do an hu sech virbereet fir d'Nuecht do ze verbréngen. Dëst Fest dauert vu Sonnenënnergang d'ganz Nuecht duerch bis den aneren Dag. Vill Saduen, helleg Männer, déi dat biergerlecht Liewen opginn hunn an allem entsoen, vun Tempel zu Tempel pilgeren, meditéieren a Gras dämpen, vollzéien Zeremonie mat de Leit, werfe Räis an d'Luucht an erzielen hinne wuel hir Zukunft, an iergendwann wiesselt e Geldschäin de Besëtzer.
E wichteg Fest fir d'Awunner, en Dram fir e Fotograf
Esou e Fest ass e Dram fir e Fotograf, esou vill faarweg Motiver beienee kritt ee seele gebueden. An esou fotograféieren ech bis spéit an den Owend, eng Zeremonie ass besonnesch schéin, e puer Männer danzen a schwénge grousse Kellecher, wou Ueleg dra brennt, et gëtt gesongen, vill Leit drécken sech ëm déi Plaz, fir näischt ze verpassen - spektakulär!

Zu Pashupatinath ginn awer och d'Läiche verbrannt. Et gëtt en Haus do, wou d'Leit hibruecht ginn, fir ze stierwen oder si ginn dohinner bruecht, nodeems si gestuerwe sinn. Am Nepal ass dat vill méi labber wéi an Indien, wann een am Nepal dout ass, dann ass de Kierper näischt méi wäert, do gëtt dann och gemittlech mat enger Bambusstaang op d'Iwwerreschter geklappt, fir datt de Koup, de brennt, méi handlech gëtt. Do kann een och roueg fotograféieren, stéiert kee Mënsch, do ass näischt mat schlechtem Karma an esou.
D'Läich vun enger Fra ass grad ukomm, si läit an engem Spärholzsarg, d'Famill sëtzt hannenerëm an diskutéiert, eng Foto ass opgestallt. Da gëtt d'Läich op d'Holz geluecht, d'Männer stinn am Krees, een telefonéiert um Handy, e bëssi Stréi driwwer an da gëtt dat Ganzt ugefaangen. E puer Mönchen halen eng Mass a geheien noenee verschidden Artikele bei d'Läich an d'Féier, Kleedungsstécker, Räis a soss nach Allerlee. No ongeféier zwou Stonnen ass dat meescht verbrannt an d'Iwwerreschter fléien an de Floss, dat war et. Esou Zeremonië gesäit een och heiansdo nieft engem Floss wann een iwwer Land fiert.
Ech stelle mer dat doheem vir, et fiert ee sonndes laanscht d’Musel an hei oder do geet de Jemp oder de Pier an Damp op an d'Trauergesellschaft sëtzt andächteg mat engem Patt Riesling am Grapp derniewent ze philosophéieren, herrlech.

Eisen Taxi huet et net bis zeréck an d'Stad gepackt, d'Schaltgestängels huet sech opgeléist an esou ass den Auto stoe bliwwen a mir hu missen en anere sichen.
Den Dag nom Fest ... Villes gesäit nach dono aus ...
Moies sinn ech direkt zeréck op dat Fest gefuer, ech wollt do sinn wann d'Sonn opgeet. Et war immens, iwwerall huet et gedämpt, hei e Féier, fir sech ze wiermen, do e Féier, fir eppes ze opferen.
Ech hunn de Kapp zu enger klenger Dier era gestréckt an do souz e Sadhou mat e puer Leit, "komm roueg eran". "Dierf ech eng Foto dobanne maachen?" - "Jo." Also d'Schung aus an eran, et war niddreg dobannen awer interessant. Esou eng Aluedung kritt ee net all Dag. De Sadhu war frëndlech, huet awer bal näischt gesot, dofir sinn dann ëmmer déi Leit, wou dobäi sinn, méi gespréicheg, wéi et misst sinn. Nodeems ech e puer Rupie gespent hat, di Sadhue liewe vu Spenden, huet e Mann gemengt, ech hätt net genuch gespent a sot, "weess du, wat d'Leit heiansdo maachen, wann de Sadhu si aluet, si kafen dann e ganze Sack Räis a bréngen deen heihinner." - "Kolleg, du hues et grad gesot, heiansdo, dës Kéier net, Äddi a Merci."
Marihuana am Tempel
Am Tempel wiisst esou guer Marihuana, zwee serieux Beemercher, dat sinn dach nach Zoustänn.
Vill Leit kafe kleng Schuelen, déi mat Blummen an enger Käerz gefëllt sinn, als éischt gëtt gebiet an da ginn di Käerzen op de Floss gesat. E grousse Stee muss wuel helleg sinn, tonne Leit kommen dohinner, verneige sech bis de Kapp de Stee beréiert, leeë Suen dohinner oder schëdde Waasser doriwwer. Déi Spiritualitéit ass einfach nëmme beandrockend, eng Kou trëppelt duerch d'Mass vun de Leit, jiddweree péckt se un a street Blummen iwwert si.
Am Januar 2009 huet déi nepalesesch Regierung ënnert der Féierung vun de Maoisten d’Chefpaschteier vu Pashupatinath, déi traditiounsmeisseg Namboodri Brahmins aus Südindien musse sinn, ofgesat an huet "handverliesen" nepalesesch Paschtéier agesat, ouni di historesch Traditiounen ze respektéieren. Et koum zu Demonstratiounen, dat iewescht nepalesescht Gericht huet déi Handlung vun der Regierung als illegal erkläert. Där war dat awer egal, d’paramilitäresch Truppe vun de Maoiste si géint d’Demonstrante virgaangen, iwwer eng dose Leit goufe verletzt. Nodeems sech Leit vun all Parteien am Nepal an am Ausland mat den Demonstranten solidaresch erkläert hunn, huet d’Regierung misse noginn an huet erëm Namboodri Brahmins als Chefpaschteier agestallt.
Ëm Kathmandu gëtt et vill tibetesche Klouschter, e bëssi ausserhalb vu Kathmandu gëtt et den Afen Tempel mat enger Stupa. Vun do aus huet een eng gutt Siicht iwwer Kathmandu.
Déi gréisste Stoupa ass awer matten a Kathmandu, d'Bodnath Stupa ass mat 36 m Héicht eng vun de gréissten, déi et gëtt. Moies an owes ëmronnen vill Tibeter d'Stupa am Auerzäresënn a bieden, beréiere verschidde Steng oder Diere mam Kapp a fänke Räucherstäbercher un . Et gëtt der och déi sech op de Bauch geheien, opstinn an erëm dohi geheien an esou d'Stupa ëmronnen, di ganz haart pilgeren op déi Aart a Weis bei den Bierg Kailash, si méintelaang ënnerwee, eng sportlech Affaire.
Di beschte Foto gëtt et vun enger Dachterrasse, op villen Haiser si Caféen op den Diech vun den Haiser. Si hunn all nach zou, also mécht haut emol een e bëssi éischter op, d'Riegelen opgemaach an op d'Terrasse, mir sinn eng hallef Stonn eleng, ier emol een kucke kënnt. Mir bestellen e Kaffi an d'Saach ass an der Réi. Cool, eng Foto vun der Stupa mam Himalaya am Hannergrond.

Zu Kathmandu um Durbar Square mécht d'Rout Kräiz eng Campagne, fir Blutt ze spenden, ënnert engem Zelt gëtt et ofgezaapt. Owes ass eng Brakedancevirstellung, sämtlech Pagoden an Tempel verwandelen sech bannent Minutten an eng Open Air Tribün.
Lalitpu, eng Kinneksstad
E puer Kilometer vu Kathmandu läit Patan, och Lalitpur genannt. Et ass di zweet gréisst Stad am Nepal an eng vun den dräi Kinnekstied am Kathmandudall. Do gëtt et och en Durbar Square ewéi zu Kathmandu. E chinesesche Fotograf huet grad e Fotoshooting mat 2 chineseschen Damen do gemeet, fir Kleeder a Poschen. Dat bescht waren d'nepalesesch Männer, déi dat Ganzt méi ewéi opmierksam verfollegt hunn.

An engem stillvoll ageriichte Café gëtt un déi méi donkel Säit vum Nepal erënnert. Ee vun den 3 Besëtzer kënnt bei eis a freet, ob mir Fotoe maache géifen, hie wéilt eis e Motiv weisen. Am Haff stoung e Luuchtepotto, vu Kugelen duerchsifft. "Mir hunn dee vu Beni matbruecht." Beni läit um Wee fir op Jomson. Am Nepal war vun 1996 bis 2006 Biergerkrich, d'Maoisten hu probéiert, de Staat ze stierzen, vu China ënnerstëtzt natierlech. Wann et de Leit schlecht geet, an am Nepal gëtt et vill arem Leit, dann sinn déi Leit liicht fir en Opstand ze motivéieren, dat huet d'Geschicht eis jo scho méi ewéi eng Kéier bewisen.
De Ren am Biergerkrich: Sou war et am Nepal virun 8 Joer
16.000 Leit hunn hir Liewe verluer, 2.000 ginn der bis haut vermësst.
Den 20.3.2004, um 22.30, hu 5.000 Maoisten d'Duerf Beni ugegraff. D'Schluecht huet déi ganz Nuecht gedauert a wéi d'Sonn opgaangen ass, haten d'Polizisten an d'Arméi keng Munitioun méi, déi, wou net flüchte konnten, si gefaange ginn oder goufen direkt ëmbruecht. 33 Zaldoten, 18 Polizisten, 40 Maoisten a 15 Zivilisten hunn hir d'Liewe gelooss.
Ech war während dem Biergerkrich zweemol am Nepal, deemools war et net esou entspaant ewéi haut an et ware bal keng Touristen do. Bei all Tempel waren deemools Sandsäck opgestapelt an hannendru stoungen Zaldote mat Maschinnegewierer, op de Stroosse waren all puer Kilometer Kontrollen. Oft stounge laanscht d'Strooss Zaldoten an da war an de Bëscher d'Arméi am Gaangen no Stoppe vun de Maoisten ze sichen.
Den Dag ier ech deemools op Kathmandu gefuer sinn, sinn do 3 Bommen explodéiert. Wei ech do ukomm sinn, war e Generalstreik a keen huet dierfen op der Strooss fueren. Ech gesinn nach ëmmer de Polizist, dee mech op enger Kräizung ugehalen a gefrot huet, ob ech se nach all der Rei no hätt. Regelméisseg sinn d'Stroossen zu där Zäit vun de Maoiste blockéiert ginn an dann houng een e puer Deeg fest.
Haut sinn d'Maoisten un der Regierung, awer fir d'Leit huet sech näischt geännert, ausser datt zu Pashupatinaph duerch d’Lautsprecher a plaz Hindugesang Propaganda téint, iwwert d'Produktivitéit vu China ...

Bis d'nächst Woch,
Ren