Vu Kathmandu iwwer Dehli bis Heem

Dee Problem kënne mer all. Iergendwann ass den Tripp eriwwer an et muss een sech nees op den Heemwee man. Dat blitt dann elo och dem Ren a senge Begleeder.
Iergendwann muss een de Réckwee untrieden.
Vu Kathmandu op Dehli sinn et iwwer 1000 KM, 3-4 Deeg muss een aplangen, et weess ee jo ni ob eng Enfield ouni Problemer duerchhält. Dat awer schonn no e puer Kilometer, matten a Kathmandu, eng sech donieft behëlt, domat hat am Fong kee gerechent. Awer besser nach zu Kathmandu selwer wei iergendwou an der Botanik, zemools wann de Kader brécht.
Nodeems d'Diagnose schnell gemeet war, de Kader hannert dem Lenkkapp duerchgebrach, muss een dann emol eng Persoun fannen déi dat schweesse kann. Nodeems mir en Atelier fonnt haten deen dat konnt, hu mir den Tank a wat soss nach gehënnert huet ofgebaut an de Mann huet sech dru ginn. Eleng schonn déi abenteuerlech Konstruktioun fir eng Masse ze leeë war derwäert. Heiheem ass dat e Kabel deen een uschléisst, an dësem Fall war dat eng eise Staang, déi awer ze kuerz war an dofir emol labber un eng Bremstrommel vun engem Auto ugeschweest ginn ass. Déi aner Säit nach eng Staang, bis se alt laang genuch war, well de Schweessapparat konnt ee net beweegen.
De Mann huet sech déi gréisste Méi ginn, de Blech wou hien dru komm ass war dënn an huet net vill gehalen. Dee wichtege Rouer, deen een hätt missen zesumme schweessen, un dee koum hien net richteg drun, dofir hätt ee méi Zäit gebraucht. Ëmmer erëm huet hien eis gefrot, fir dat mir kontrolléiere sollen, wou hien nach e wéineg schweesse sollt, zwëschenduerch huet e frëndleche Mataarbechter vum Betrib en Téi zerwéiert. No zwou Stonne war de Maximum gemaach wat an där kuerzer Zäit ze rette war. Sécherheetshalber hu mir dunn nach de Kader mat engem Nylon Strapp zesumme gestréckt, wann déi Schweess géif räissen. Et war kloer, datt si géif iergendwann opginn, da géif wéinstens nach de Strap e wéineg halen an hoffentlech verhënneren dat de Moto op ee Coup an zwee brécht.

Nodeems mir d'Rechnung bezuelt haten, 300 nepalesesch Rupien, 2,7€!! hu mir eis dunn op de Wee gemaach. Vu Kathmandu aus geet et nëmme Biergof duerch e schéine gréngen Dall, bis an den Terai, vun do un ass et flaach. Allerdéngs huet d'Freed, dat mir elo endlech weider fuere kéinten, net all ze laange gehalen. Bei engem Stopp fir eng Foto ass di gebrachen Enfield ausgaangen a wollt net méi usprangen, dofir ass de Benzin awer monter zum Vergaser eraus gelaf, de Schwëmmer war hänke bliwwen, de Benzin ass an deene Länner net ëmmer dee proppersten. Do hëlleft nëmmen eppes, Vergaser auserneen huelen, botzen an erëm zesumme bauen. Et ass e Virdeel vu Beruff Mecanicien ze sinn, wann een Enfield fiert...
En Hotel: Kee Luxus awer familiär Atmosphär
Am Terai gëtt et méi spéit däischter ewéi an de Bierger, awer et gëtt och do iergendwann däischter an d'Hoteller sinn do méi rar geséint, mat Ausnahm vum Chitwan an dem Bardia Nationalpark. Schliisslech steet e klengt Haischen am donkelen niewent der Strooss mat engem Schëld „Hotel Central Point Nepal“, also emol stall gehal a froe gaangen, „hu dir en Zëmmer fir dräi a wat géing et kaschten“? „500 Rupien“. No der Visite hu mir de Präis op 400 (3,64€) erof gehandelt, d'Motorieder koumen der zwee an de Restaurant an eent an d'Rezeptioun.
Den Hotel war elo net de grousse Luxus, wäit dovunner, et gouf eng Toilette an eng Dusch, natierlech am selwechte Raum, natierlech fir de ganzen Hotel. D'Matratzen hunn aus Späerholzbrieder bestan, Menüskaart gouf et keng, et war Dal, en traditionellt indescht Lënseplat, oder näischt.
Awer et ass deen Hotel vun der ganzer Rees un deen ech am léifsten zeréck denken. D'Leit waren esou häerzlech dat de Rescht eigentlech niewesächlech war, de Mann huet eis seng Famill virgestallt, seng Fra a seng zwee Bouwen, hien huet e puer Wieder englesch geschwat, seng Fra nëmmen Nepalesesch.
Mir krute frësch gekacht, hunn op der Terrasse giess, ënnert engem Himmel voller Stären an heiansdo huet eng Stäreschnäiz e wäisse Strich gezunn. De Mann huet senger Fra an der Kiche gehollef, hien huet d'Iessen zerwéiert, senge Bouwen esou gutt ewéi eis, eppes wat een an deene Länner méi seele gesäit, meeschtens mussen d'Fraen do schaffen an d'Männer loossen sech zerwéieren. An deem Haus war eng gewëssen Harmonie, dat konnt ee spieren, déi huet dat Ganzt esou sympathesch gemaach.

Owes gëtt et kal am Nepal an dofir huet de Mann dunn 3 Decke bruecht, an huet eis stolz erklärt „si kommen aus Südkorea“, dat huet eis natierlech gefreet, déi solle jo besonnesch waarm halen. „Ech hunn do geschafft“. Hien huet e puer Joer am Ausland geschafft a vun deene Suen huet hien deen Hotel gebaut, en ass eréischt virun dräi Méint opgaangen, „an dräi Méint bauen ech nach e Stack drop“, schéi wann een optimistesch ass.
Moies gouf et Kaffi während deem d'Sonn opgaangen ass, d'Fra ass nach extra bis an de nächste Buttek gepilgert vir en dréchene Kichelche vir jiddereen ze besuergen. Neen, kee Croissant, e klenge Bliederdeegkichelchen, esou dréchen, hält sech 200 Joer ouni Qualitéitsverloscht. Awer egal, mir hunn e geknabbert. Et ass eng detailléiert Rechnung gi wou all Punkt erklärt ginn ass, dat bescht waren di 100 Rupien fir de Parking vun de Motorieder, „normalerweis wieren et jo 300 Rupien, fir all Moto 100, awer ech rechnen iech der just 100 fir déi dräi“. Dat waren natierlech just déi 100 déi mir beim Zëmmer erofgehandelt haten. Bei esou vill Kreativitéit muss ee scho Respekt virum Geschäftssënn hunn, a wann eppes esou originell agepaakt gëtt da bezilt ee scho bal gären.
Wéi mir fortgefuer sinn stoung d'ganz Famill virun der Dir ze wénken, et hat ee net d'Gefill just e Client gewiescht ze sinn.
Awer och dësen Dag ass net ouni ze schrauwen iwwert d'Bühn gaangen, e Platten huet fir eng Paus gesuergt, praktescher Weis war niewent dem Fachmann vir verluere Loft en Téibuttek.
Am Terai geet et bal nëmme riichtaus an d'Strooss ass normalerweis gutt, a wéi et bis däischter ginn ass huet sech déi Fro gestallt, weider fueren oder en Hotel sichen. Mat deem lädéierte Kader war et besser ze probéieren an dräi ewéi a véier Deeg op Dehli ze fueren, wann e gebrach wier hätt een en Dag méi Zäit gehat. Ech sinn déi Strooss schonn zwee Mol gefuer, si war zwee Mol an engem gudden Zoustand, an dofir hunn ech virgeschloe weider ze fueren. Dat goung och eng Stonn gutt, awer du koum eng Ëmleedung, dat kënnt och emol vir, meeschtens sinn dat e puer Meter niewent der Strooss an da war et dat.

Ëmleedung op Nepalesesch
Dës Kéier awer net, et war stackdäischter an esou si mir den Autoe monter nogefuer, just, déi Ëmleedung wollt keen Enn huelen, et huet gesteppst dat een bal näischt méi gesinn huet, et koum e Bësch, iergendwann sinn du vereenzelt Autoe gefuer, wou se wollten an et war net evident am Stepps mat dem schwaache Liicht vun eise Motorieder eng Spur ze fannen. No enger gefillter Éiwegkeet huet den helle Bueden opgehalen, mir sinn emol stoe bliwwen, well virun eis huet et geglënnert. Et war däischter, ganz däischter, tëschent de Beem hunn d'Luuchte vun den Autoen iwwer de knubbelege Buedem am Stepps op an of gedanzt, a wei dunn endlech ee Gefier méi no komm ass huet sech bestätegt wat mir scho gefaart hunn, mir stounge virun engem Floss, labber 25 Meter breet, an deen eenzege Wee war derduerch ze fueren. Déi éischt Jeep ass bis iwwer d'Rieder am Waasser verschwonnen, dat gëtt spannend, villäicht sollt een e Schnorchel auspaken.
Mir hunn nach e puer Autoen ofgewaart a gekuckt, et war ëmmer d'selwecht, vill ze déif. Du koum e klenge Moto deen sech anscheinend auskannt huet, hien ass stoe bliwwen, huet e Punkt gesicht an ass ganz lénks duerch de Floss gefuer. An do war et net esou déif, do hu mir et dunn och geschafft, op déi aner Säit wou et nach bestëmmt zwee Kilometer am Stepps viru gaangen ass bis mir erëm op der d'Strooss waren.
Während deene Kilometeren hunn ech mir de Kader vun der Enfield virgestallt, wei en sech a seng Bestanddeeler opléist, well déi Offroadpassage huet him natierlech net gutt gedoen.
An dem nächste gréisseren Dierfchen hu mir erëm en einfachen Hotel fonnt an hunn eis do aquartéiert, niewen drun war e Spidol. Spektakulär.....een Zëmmer mat e puer Betten, d'Maueren an d'Bettdicher knall gréng, louch un der Strooss, d'Entrée war direkt vum Trottoir aus. Hannen am Eck, um leschte Bett louch e Bopchen. Ech ka verstoen dat si hie ganz hannen hi geluecht hunn, et war nämlech keng Dier an der Entrée dran, an et gëtt kal ëm dës Zäit am Nepal. Gréng ass d'Faarw vun der Hoffnung, an déi schéngt mir dat beschte Medikament hei ze sinn.

Niewendrun war d'Apdikt an d'Rezeptioun, do houng d'Präislëscht un der Mauer. Analysen an aner Klengegkeete waren emol net esou deier, en Zant zeie kascht 100 Rupien, (0,9€), mä Sauerstoff huet och 100 Rupie kascht, awer d'Stonn! Do kann een sech jo da selwer ausrechnen, nodeems een d'Mënz gezielt huet, vir wei laang et duer geet.
Den anere Moien hu mir bei Dagesliicht d'Schweess vum Moto kontrolléiert, si war ugerass a mir hunn en zweete Rimm ëm de Kader geluecht, kann näischt schueden.
Zeréck an Indien, iwwer d'Grenz... Wann dat sou einfach wier.
Di Grenz am Weste vum Nepal ass eng kleng, do muss ee schonn oppassen dat een d'Grenzhaischen net verpasst. Vir de Moto ze exportéiere spuere mir eis, dat ass bestëmmt net néideg, wa mir duerno erëm an Indien areesen, en ass jo an Indien ugemellt.
Do war awer eng fläisseg indesch Joffer an Uniform ganz anerer Meenung, „wou ass de Stempel fir de Moto“? „Do“. Dat war natierlech net dee gewënschte Stempel mä just de Stempel dat mir de Nepal verlooss haten. „Hmmm“ „Wou komm dir hier“? „Lëtzebuerg“. Ech zwitscheren déi üblech Erklärung iwwert eis Ländchen. D'Joffer ass ganz gespréicheg „Dir musst emol op Manali fueren, do ass et ganz schéin, ech komme vun do“. „Do war ech, 2005, di Bierger si wierklech schéin“. „Du waars do“? „Jo, 2005 op menger Rees duerch de Kashmir“. „Dat freet mech“, an Zack hat ech mäi Pass erëm, di aner waren domat och an der Réi an de Moto war erëm an Indien importéiert. Mir si weider gezunn iwwert e knubbelege Wee bei de nächste Büro fir eise Visa ofgestempelt ze kréien.

Wat ze erwaarde war ass komm, „de Visa ass net méi gülteg“. D'Inder hunn dëst Joer de 25. Juli d'Gesetz iwwer de Visa geännert a mir si just ënner dat neit Gesetz gefall an hunn dofir nëmmen eng Entrée aplaz zwou kritt. Nodeems ech eng Demande un déi indesch Ambassade zu Bréissel geschéckt hunn an där ech de Wee, dee mir fuere wollten, opgeschriwwen hunn, hu si de Visa corrigéiert, mat Stempel, ganz korrekt, awer mat Bic hunn si drop geschriwwen Indien – Nepal – Indien. Dat war dem Mann suspekt, an et huet eng Zäitche gedauert bis mir hie schliisslech iwwerzeegt haten, dat alles seng Richtegkeet hat.
Un där Grenz leit e Waasserkraaftwierk, schei blo ugestrach, dierf een op kee Fall fotographéiere kréien ech mat gedeelt während ech eng Foto maachen. Also entschëllegen ech mech monter dofir, d'Foto ass awer gutt ginn. Um Enn vun der Bréck ass eng Part, a well ech do schonn zwee Mol an der Sonn gebrode sinn wousst ech, dat do Gedold gefrot wier bis een erbäi getrommelt géif gi mam Schlëssel. Et ass just e Passage fir d'Foussgänger do an de Moto passt net derduerch.
An Indien ass et grad Zäit wou den Zockerrouer vun de Felder geholl gëtt. D'Stroossen si voll vun Trakteren oder Käerercher déi vun Ochse gezu ginn. Si liwweren den Zockerrouer bei eng vun de villen Zockerrouerpressen of. Do ginn di Staangen da gepresst an de Jus gëtt gekacht an esou entsteet eng donkel giel Mass déi a Form vun décke Klompen um Bord vun der Strooss oder um Maart als Zocker verkaaft gëtt. Duerch dee Verkéier komme mir nëmme lues weider an ech hat net méi domat gerechent nach dee selwechten Dag Dehli ze areechen, bis op eemol eng nei Autobunn opgetaucht ass. Si war nach net fäerdeg a nach op kenger Landkaart vermierkt, an esou hu mir dunn awer nach Owes spéit Dehli areecht.
Entwécklung an Indien: schnell, awer net typesch indesch
Indien ännert sech momentan immens schnell, ech hu nach ni esou vill nei Autoen do gesinn. 2002 gouf et bal guer keng nei Autoen, just di al Ambassador déi säit méi ewéi 50 Joer vun Hindustan Motors zu Uttarpara bei Kalkutta vum Band lafen. 2003 konnten d'Inder dunn e Kredit fir en Auto ophuelen, a vun do un ass de Verkéier explodéiert. Sämtlech bekannte Marke sinn am gaangen sech do ze etabléieren, e puer baue schonn Autoen an Indien an ëmginn domat déi héich Importtaxen, duerch ganz Indien ginn Autobunne gebaut. Allerdéngs passen déi nei Autoe vun der Optik net esou richteg an dat Land, et ass scho keng Plaz an de Stied an an de schmuele Gaasse kommen si net laanschteneen.

Och di al Sammeltaxien, schrulleg Gefierer mat dräi Rieder, meeschtens giel oder schwaarz, si bal all verschwonnen an duerch nei Tata Minibussen ersat ginn. Natierlech sinn déi méi bequem, si gesi just net esou typesch indesch aus. Awer et wäert net all ze laang dauere bis si de richtegen Touch verpasst kréien. Éischt Exemplairer, déi vu lokalen Tuner ëmgebaut goufen si scho gesi ginn, mat engem zousätzleche Sëtz an der Mall, do passen dann emol fënnef Leit méi ewéi geplangt dran, an engem Briet hannen iwwert dem Pare Choc, do passen der dann nach emol fënnef drop.
Elo nach e serieuxe Gepäckdréier op den Dach, e bëssi Klimpi riets a lénks, richteg vill Téitschen, a schonn ass den indeschen Touch erëm do.
Dat war et fir dës Rees.
Salut,
Ren