Dee wäide Wee an d'kolumbianesch Kaffisplantage

Anscheinend dee gréissten Objet aus Terracotta, deen et op der Welt gëtt: Op senger Rees duerch Südamerika ass de René Hilbert a Kolumbien ënnert anerem dësem Konschtwierk begéint. Méi doriwwer a senger 4. Korrespondenz hei drënner. / © René Hilbert
4. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.
Den Don D’Bill huet deen Owend net gespillt, dofir hunn ech awer den Dag drop enger aner interessant Persoun kenne geléiert. De Patrice Rio, e Fransous, deen zu Villa de Leyva eng Patisserie op gemaach huet virun 12 Joer a sech net méi virstelle kann, an Europa ze liewen. Hien war Patissier op verschiddene Croisière-Schëffer, huet dunn 3 Joer an Australien gelieft, ass dunn zeréck a Frankräich gaang, mee no 3 Wochen hat hien es genuch do, "c’était le bordel total", (erstaunlech).
Keen Interessi u Frick ... awer um Moto!Elo ass hien déck zefridden, hie sicht net méi de grousse Frick, wéi e seet, wëll just nach seng Rou hunn.
Dat Bescht un där Bekanntschaft ass allerdéngs, ech war den Dag virdrun ze Fouss do, hunn och dunn 2 Kaffië gedronk an e Croissant giess, keng Reaktioun. Haut: Ech war nach net vum Moto erof, soutz grad a senger Patisserie, scho koum de Patrice aus dem Bakraum geschoss, huet gekuckt a gefrot: "Vu wou kënns du, schwätz du e bëssche Franséisch?" Säi kolumbianesche Léierbouf koum och direkt, hien huet sech grad eréischt eng 250 ccm Honda kaft. Wéi ech wollt bezuelen, sot d'Joffer hannert der Téik, "de Patrice lued Iech an". Hie koum aus dem Bakraum erëm, ech sot merci: "Leit déi reesen, muss een ënnerstëtzen, gär geschitt. Héi ass meng Handynummer, wann iergendëppes ass, da ruff mir unn.” Elo hunn ech schonn 2 Handynummeren.
Op der Sich nom kolumbianesche StonehengeZu Villa de Leyva gëtt et awer och nach den El Infiernito, eng Plaz mat Monolithen, déi fréier dozu gedingt hunn, d'Zäit ze bestëmmen, eng Art kolumbianesche Stonehenge. Op der Sich duerno kommen ech laanscht en Haus, wat e Künstler ganz aus Terracotta gebaut huet, et soll dat gréissten Terracottaobjekt vun der Welt sinn.
Nodeems ech den El Infiernito no éiwegem Sichen endlech fonnt hat, hie läit verstoppt hannert engem Olivenhain (schonn eppes vu kolumbianeschem Olivenueleg héiern?), sinn ech weider Richtung Norde gefuer. Eng grouss Strooss féiert dohinn, duerch eng immens Landschaft, alles ass gring. E beemol, matten an enger Kéier, steet eng Camionette, si blockéiert eng ganz Bunn, 100 Meter virdrunn steet e Bopche mat engem Aascht mat Blieder den Autoen ze wéncken, si solle lues maachen. De Grond, firwat déi Camionette do steet, ass ganz einfach deen, do ass en Hiwwel, a si wëllen eng Kou alueden, deen Hiwwel huet genee dei richteg Héicht, fir d'Kou an d'Camionette ze zéien.
De Bopche mat senger bloer Kap ass awer just nach um Moto interesséiert a kënnt méi no, freet vu wou a.s.w., mir ënnerhalen eis, hie vergësst ganz ze wénken, eng Suzuki Alto, Modell "muchos rapidos", gesäit d'Camionette am leschte Moment, bremst, geet queesch a verfeelt d'Camionette ganz just - gutt, dass keen entgéint komm ass! De Mann mam Aascht ass erschreckt, ech gréisse frëndlech a verzéie mech. Vu San Gil op Buccaramanga: schéin a schéi geféierlech ...
San Gil huet mat déi géiste (stäilste) Stroossen, déi ech bis elo gesinn hunn, ähnlecher hunn ech just zu Madeira fonnt. Héi ass et net fir am Bierg stoen ze bleiwen, well ech kommen mat deene schwéiere Këschten hannen um Moto net méi un, a verschidde Stroossen sinn och nach mat Naturstäng geluecht, e Genoss, an da reent et jo och nach. Héi ass en Halloweenfest, en Emzuch wéi bei eis d’Fuesend, d’Kanner sinn all verkleed, vill Leit mat Päerd huelen um Emzoch deel. Et gëtt bis spéit an d’Nuecht era gefeiert, mam Resultat, dass all Mensch eng ferm an der Kroun huet. Héi gëtt iwwerhaapt zimlech vill gebechert.
Vu San Gil op Buccaramanga féiert eng immens Streck, bierop, bierof, nëmme Kéieren, immens. Déi Strooss féiert durch en Nationalpark, eng Landschaft, déi engem den Otem hëllt, esou schéin ass se. Schliesslech kommen ech op Buccaramanga, eng Groussstad, ëmmer schwiereg de richtege Wee derduerch ze fannen, kascht meeschtens vill Zäit.
De Wee op Medellin - punaise!Ech hale stall, fir d’Kaart ze studéieren, mee dozou kommen ech net. Nierft mir hällt eng fonkelnéi blo Kawasaki: "Wat sichs de? De Wee fir op Medellin." Deen Typ ass nawell lëschteg, "kenns du dech aus héi?", "Nee". "Fuer mir no, et si 4 Meilen, da si mer laanscht d'Stad."
An esou düse mir labber mat bis zu 100 km/h um Rand vun der Stad bis mir op der Strooss fir op Medellin sinn. "Vun hei aus ëmmer richtaus, eng schéi Rees nach." Am Ufank ass et eng schéi Strooss mat vill Uebst, dat nierft der Strooss wiesst, Papaya, Mango, Bananen, Orangen, esou guer Kakao. Kann ee praktescherweis alles niewent der Strooss kaafen.
Awer da kënnt et, eng Strooss, punaise. Am Ufank sinn et nach rise Lächer, wou ee gutt oppasse muss, eent geroden an dat war et dann. Et gëtt ëmmer méi schlëmm, kee Mackadam méi do, nëmmen nach Kaulen a Stëpps, d'Camione fueren egal wou, niewenteneen, ganz lénks a riets gläichzäiteg. Ech schaffen et net bis op Medellin, héi am Däischteren ze fueren, ass ze riskant, ech sichen zu Puerto Berrio en Hotel, wat net esou einfach ass. Et ass en zimlecht duster Dierfchen, läit un engem grousse Floss, dem Rio Magdalena.
En Hafen-Duerf: Luguber, awer kreativNodeem ech eng Ronn derduerch gedréint an näischt Brauchbares fonnt hunn, hällt e klenge Moto nieft mer mat engem jonke Bouf, hien düst mat mir bei deen éischten Hotel, komplett, ech staunen, dat läit awer wuel dorunn, dass deen direkt beim Waasser läit, wou d'Schëffer uleeën. Deen nächsten ass och voll, mir lande bei engem, wou ech scho war, nujee, et ass hallt besser ewéi op der Strooss ze pennen. D'Madame schaaft fir 2.000 Pesos (70 Cent) ganz kreativ e Parking fir de Moto, an enger Passage vun engem Geschäft - eenzege Nodeel: Ech muss iwwer eng 30 Zentimeter breet Passage 1,5 Meter eropfueren.
Dat Duerf ass ganz anescht ewéi déi aner kolumbianesch Dierfer, wou ech bis elo war, et huet nawell vill schummereg Caféën, wou just eng 40 Watt-Bir dra glimmt a Musek eraus drönt ... Wat awer immens do ass, d'Leit schengen do kreativ ze sinn, si hunn e flott Transportmëttel geschafen, den Zuch fiert net méi, also hu si sech en Zuch gebaut. Gëtt et a verschiddene Modeller. Eng Plattform aus Holz, je no Bedarf méi oder manner grouss, mat Bänken drop, fir Persounen ze transportéieren, gëtt op d’Schinne gesaat, leeft op Kugellager, an da gëtt e normale Moto, dee grad nach op der Strooss gedüst ass, säitlech dragehangen, sou dass nëmmen dat hënnescht Rad d’Schinn beréiert, a lass. Gebremst gëtt mat enger Holzklatz, wou e Stéck Pneu drënner geneelt ass, gëtt bei Bedarf einfach erofgelooss, fäerdeg. Wéi 2 där Persounenzich fortgefuer waren, koum e Mann, hien hat méi e klengt Briet, huet et drop gesat an huet sech mat engem holzene Bengel weidergedréckt.
Am Ex-Land vun der Guerilla an dem Kokain ...Ennerwee si mëttlerweil dauernd Arméikontrollen, ech brauch ni stoen ze bleiwen, mee sämtlech Camionen a Busse gi ganz ausernee geholl a kontrolléiert.
Bei engem grousse, breede Waasserfall bleiwen ech stoen, nieft mir hällt e Pickup, de Mann ass an Däitschland gebuer, schwätz awer keen Däitsch, mee Englesch, well hie schonn als Kand no Kolumbien ausgewandert ass. Hien erzielt mir, dass op deem Wee, op deem ech grad stinn, 150 Leit vun de Guerilla embruecht gi sinn, dass viru 15 Joer all déi Hiwwelen, déi ech héi géif gesinn, fir de Koka-Ubau genotzt gi wieren, wat haut allerdéngs streng verbueden ass. De President vun de Baueren war wuel net mat deene Machenschaften averstaan an ass a sengem Haus, laanscht dat ech fueren, erschoss ginn. Elo verstinn ech och, firwat héi esou kontrolléiert gëtt, e sollen nach 20.000 Mann an der Guerilla aktiv sinn. Fir bei de Waasserfall muss ech de Wee niewendrunn huelen, an do schaffe 6 Mann un enger Paart, eng lëschteg Trupp. Si zitéieren hire Chef erbäi, deen eenzegen, deen Englesch schwätzt. Si wëlle mech onbedingt dozou beweegen, duerch de Bulli bai de Waasserfall ze fueren. "Neen, ech loossen de Moto hei stoen a ginn ze Fouss." "Kee Probleem, du kanns alles hei loossen, den Helm, deng Jackett, mir passen drop op." Ech kréien nach e Glas Limonade offréiert an da wanderen ech lass.
Wann een dat bedenkt, viru 15 Joer wier ech wuel och do ofgeknallt ginn, an haut passe si op mäi Moto op. E Labyrinth aus Sens uniquen!
Viru Medellin läit nach en Duerf, Cisneros, wonnerschéin, wéi wann een et an den Dall gemoolt hätt, all Mënsch super frëndlech, jidfereen kënnt e bëssche schwätzen, wat en Ennerscheed zu deem Duerf, wou ech virdrunn iwwernuecht hunn. Medellin ass eng riseg Stad, ech brauch 2 Stonnen, fir den Hostal ze fannen, vun deem ech esou guer d'Adress hunn. Op der Sich nom Zentrum, alles sens unique, landen ech als éischt emol an de Slums. Dass ech falsch si, weess ech och ewéi ech nom Zentrum froen. "Más ratos" war d'Äentwert vum Mann, heescht op Lëtzebuergesch wuel "voll dernierft".
E knallorange Fiat 500 - mat 5 (!) Persoune besat - brengt mech emol an d'Richtung, wou ech hi muss, no vill Froen fannen ech dann dee Véierel, wou et si soll, da fënnt sech zum Schluss e frëndlech Vespafuerer, dee sech net geschloe well gin, hien huet schon 2 mol äddi gesot, well hien trotz froen net méi weider weess. Mee hie kënnt ëmmer erëm zeréck, et kann dach net sinn, dass hien dat net fënnt. Schlussendlech gëtt seng Méi belount, mir fannen de "Black Sheep Hostal", Begeeschterung. De Moto passt net duerch d'Dier, also eng Këscht erofschrauwen am Reen; dat Sheep an der Receptioun war zwar net Schwaarz, awer och net iwwel.
Schwéier bewacht! An net aleng?Den Hostal läit am Bankevéierel an deen ass ewéi all modern Groussstad. Beandrockt huet mech e Geldtransport. Déi Camione gefale mer scho säitdeem ech a Kolumbien sinn, déi verdinge wéinsten de Numm Sécherheetstransporter, dat si keng esou Micky-Maus-Camionetten ewéi bei eis. Ech trëppelen iwwert den Trottoir, den Transporter vu Brinks hällt scho méi laang do. Wéi ech just dernieft war, geet d'Dier op, e Mann klëmmt eraus, hien huet säi Revolver net ewéi bei eis an Säit hänken, hien huet deen an der Hand, Fanger um Ofzoch, a wat fir ee Revolver, riseg. Da kënnt een zweeten, hien huet eng Pump Action am Grapp, hei gëtt net laang gezéckt.
Aus Medellin eraus ze fueren ass erëm e Kramp an deene sens uniquen, e frëndlechen Honda-Transalp-Fuerer brengt mech no enger Stonn op de richtege Wee. Bei all rout Luucht e bësschen diskutéiert, "bass du ganz aleng ënnerwee?", "jo", "dat heescht, du aleng mam Jesus Christus". Ech wäert jo net nach e beemol missen all Kéier en Duebelzëmmer huelen ... En décke Steen: Dat hätt kinnten an d'A goen
Op der Kaart sinn et nëmmen 300 km vu Medellin op Salento an der Kaffigéigend. Mee et sinn nëmme Kéieren, 2 héich Päss, vill camionen, Duerchschnëttsgeschwindegkeet laut GPS 40 km/H. Duerch dee ville Reen ass op ville Plazen de Buedem gerutscht, op ville Plazen ass dowéinst nëmmen nach eng Bunn befuerbar, tonne Stauen, ech fuere grad laanscht esou eng Plaz, bestëmmt 100 Meter laang a kucken esou no uewen, ewéi vun do en décke Steen, vielläicht 70 Zentimeter am Duerchmiesser, erofgedonnert kënnt. Si hu wuel net fir näischt de Buedem 2 Meter héisch op der Strooss zesumme gedréckt, de Steen bléift do dra stiechen, uffff. Et gëtt lues, awer sécher méi spéit an iergendwann ass et däischter. Ech well awer onbedéngt nach haut op Salento, ech hat mech vu Medellin aus op enger Kaffifarm ugemellt, fir do z'iwwernuechten. D’Strooss ass zum Schluss besser, esou guer beliicht. Wann et däischter gëtt, sichen ech mer ëmmer e Gefier, wou ech mech hannendru klemmen, klappt normalerweis gutt. Wann awer kee Gefier kënnt, Pech. Déi lescht 20 Kilometer si sportlech Serpentinnen, onbeliicht duerch de Besch, kee Gefier wäit a breet, um 21 Auer kommen ech no 3 Stonnen am Däischteren zu Salento am "Plantation House" un.
Buenas Noches,
Ren