5. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.

Nodeem ech um 21 Auer zu Salento op der Kaffifarm ukomm war, sinn ech nach kuerz an den Zentrum vum Duerf gefuer, fir eppes z’iessen ze fannen, dozou war ech den Dag iwwer net komm. Am Zentrum vun där klenger Uertschaft ass eng grouss Plaz, déi een am Krees ëmfoure kann, ech gondelen do hannendrëm, fir mer d’Situatioun unzekucken, wéi en Zaldot mech stoppt, "du fiers an déi falsch Richtung". "Ah sou, entschëllegt." "Et ass och kee Problem, ech wollt der dat just soen, vu wou kënns du, wat sichs de?" "Kucken, op ech nach eppes z’iessen fannen", nierft dem Policebüro ass en Restaurant, mam Zaldot hunn ech mech mëttlerweil op Englesch gëeenegt, säin Englesch ass besser ewéi mäi Spuenesch. "Géi an dee Restaurant hei, déi Leit si serieux, et ass gutt do."

Also froen ech emol, op et nach eppes gëtt, kee Probleem. Den Zaldot zitt sech zeréck bis nom Iessen, wéi ech fuere wëll, taucht hien erëm op a freet léiwer mol no, "an, war et gutt?". Muy bien, gracias. Opgepasst: Hei ass e Wuechthond kee Statist!

Dat Dierfchen Salento läit matten an de Bierger, grandios, eng Rou, an no all Säite vun der Farm eng Aussicht. Et kann een en Tour duerch den Cocoa Dall wanderen, 5 Stonnen. Et kann een eng Jeep lounen an dann eng hallef Stonn geresëllt ginn, bis een um Ausgangspunkt vum Trail ass. Ech lounen eng Jeep mat engem Amerikaner, dee begeeschterte Surfer ass an iergendwéi net hei hi passt, an enger Dame, déi - wéi sech spéider eraus stellt - aus Holland kënnt an zanter 1,5 Joer ënnerwee ass an elo heem flitt. Am Duerf sinn net méi Touristen.

Um Ufank vum Wee läit eng Forellenziichterei, ech knipsen nach e Päerd, de Surfer an d’Madame, déi Karien heescht, si scho vill méi wäit. Ech komme laanscht d’Entrée vun der Fëschfarm, ewéi d’Karien scho vun ënne gedüst kënnt, de Ben ass vun engem Hond gebass gin. Kee Wonner, wann een einfach esou iergendwou erantrëppelt, wou een näischt verluer huet, hei ass e Wuechthond kee Statist. Et war e risen Hond, hien huet kräfteg zougebass, 2 schéi Lächer sinn am Ben sengem Aarm, deen zimlech ziddert. Et ass hannen um Aarm an hie gesäit et net, "Ass et schlëmm?", "kuck et emol esou, wann en Hai dech beim Surfe gebass hätt, häss de elo méi Lächer am Aarm". Hie fiert zeréck an d’Duerf, mir wandere weider a stelle fest, dass mir allen zwee vill reesen, et ass ganz flott, zësummen ze trëppelenn. No 3 Stonne schwieregem Gepilgers duerch déifste Bulli, wackelech Brëcken a stäil biergop bis op 3.000 Meter komme mir bei eng Hütt, wou eng Famill mat engem klenge Kand, vielläicht 3 Joer, lieft. Déi gutt Fra mécht eis e Schocky, ech schenken dem Kand meng Kichelcher, déi ech derbäi hunn. Et muss dach e bëssche komesch fir dat Kand sinn, esou ganz eleng, keng aner Kanner fir ze spillen, et kënnt net oft ee laanscht.

No enger hallwer Stonn komme mir bei een Aussichtspunkt, päng, mir sin eis eens, eleng fier déi Aussicht ass et derwäert gewiescht, héi erop zekommen. En Dall, et kéint direkt fir "Lord of the Rings" als Kuliss dingen, et bräicht mol näischt gemaach ze ginn. "Imagine" mam Maschinnegewier op der Schëller ...

Owes trëppelen ech erëm an d’Duerf an dee selweschte Restaurant, dee selweschten Zaldot kënnt ërem moie soen, awer eréicht nodeem ech fäerdeg giess hunn, "wou ass de Moto?" - "Plantation Farm." Da fänkt eng Diskussioun un, ech hätt se am léifsten opgeholl, eng déck hallef Stonn, hien zielt, dass säin Dram wier, irgendwann friem Länner ze besichen, "warst du schonn an der Sahara?", "jo". "Do mussen d’Leit immens räich sinn", "nee, si si ganz aarm". De Mann staunt, mengt, do wier dach Ueleg. Dat stëmmt schonn, dovun hunn d’Leit awer net vill. Hien freet iwwer Lëtzebuerg, op mir d’Mier do hätten a.s.w. "Kenns du d’Beatles?" - "Jo." "Kenns du dat Lidd 'Imagine' vum John Lennon?", "jo". "Hues du schonn deen Text gelauschtert, ech ka Krich net leiden, virun 10 Joer hate mir och vill Problemer hei, elo ass et besser." Deen Typ schwätzt esou douce, dobäi ass hien an Uniform an huet d'Maschinnegewier op der Schëller, eng immense Situatioun.

Ech zielen him du vun engem anere Lidd, dem Red Army Blues vun de Waterboys. Den Text handelt vun engem 17 Joer ale Russ, deen an denn 2. Weltkrich zitt, zu Berlin fir d’éischte Kéier en Amerikaner gesäit a feststellt, dass deen selwescht ausgesäit ewéi hien, si stellen da fest, dass si allen zwee Bauerejonge sinn. D’Geschicht huet awer keen Happy-End, well a Plaz dass de Russ nom Krich ewéi versprach mam Zug heemgefouert gëtt, gi si alleguer a Sibiriere gefouert, well de Stalin fäert, si wären no hirem Asaz zevill westlech ugehaucht.

Op Wonsch vun Uniforméierten: Fotoe geläscht!"Wars du an de Cocoa-Dall?" - "Jo." "Hues du Fotoen do gemaach?" Ee Moment zécken ech, ech hunn héi a Kolumbien schonn 2 mol Fotoen geläscht, well et Uniforméierten net gefall huet, awer si waren ëmmer fein a frëndlech. "Jo." - "Hues du eng E-Mail-Adress?" - "Jo." "Kéins du mir déi Biller mailen, a vielläicht e puer Biller vu Lëtzebeurg, dass ech weess, ewéi et do ausgesäit." - "Jo, gäeren."

Den Zaldot dréckt mir d’Hand, "kënns du mar nach eng Kéier?". - "Ech sinn nach net sécher, muss ech haut den Owend entscheeden." Em den Eck gëtt et e Mann, dee Kaffi réischert a verkeeft, ech pilgeren dohinn, well ech de Kaffi schmaache wëll a gäere Fotoe vum Réischtere maache géif. Seng Fra huet do e leif ageriichtene klenge Café, d’Elteren sinn do, all Mënsch begréisst mech, wéi wann se schonn de ganzen Owend op mech gewaart hätten. De Kaffi ass super, mat Ofstand dee beschten zënter laangem. D’Madame kënnt froen, op de Kaffi gutt ass, den Typ selwer kënnt froen. D’Elteren mussen goen a soen äddi, si kommen extra un den Dësch awar soen, grandios. Ech froen dann emol, op ech vielläicht Fotoe maache kéint - beim Réischteren. "Jo, kee Probleem, mar de Mëtten um 3 hei, ech huelen dech da mat an d’Réischterei."

Voilà, d’Decisioun ass gefall, ech fuere mar net weider! D’Réischterei ass kleng a gesäit méi no Hobby ewéi professionnel aus, mee dofir ass de Jesus awer penibel, wat d’Qualitéit ugeet. All schlecht Boun, déi an der Industrie labber géif matgeréischtert ginn, gëtt héi vun Hand (!) aussortéiert, nëmmen déi gutt Bounen gi geholl. D’Maschinn gëtt op 240 Grad virgehëtzt, da kommen déi gring Bounen dran a si gëtt op 210 Grad erof gefuer. D’Trommel dréint d’Boune rondrëm, wa se ufänke mat pättschen, da gëtt d’Féier ausgemaach an et dauert nach ongeféier 15 Minutten, bis d’Bounen déi richteg Farf hunn, déi ëmmer erëm kontrolléiert gëtt. Wa si fäerdeg sinn, komme si an en Dëppen a musse 24 Stonnen ofkillen, ier si agefëllt ginn.

13 + 1 op der Jeep an dann och nach en ÄerdbiewenEch beschléissen, nach eng Kaffifarm ze besichen, den Don Elias, well ech fonnt hunn, déi wou ech wunnen, wier esou kleng. Ech maache mech zu fouss op de Wee, 5 Kilometer am Bulli biergof, no 15 Minutten hält eng Jeep nierft mir: "Wouhin?" - "Don Elias." "Klamm erop." Dat ass liicht gesoot, op an an der Willys Jeep sëtze schonn 13 Persounen, mat mir si mer zu 14, ech stinn hannen drop, de Chauffuer hoppelt zügeg ouni Motor de knubbelege Wee erof, net einfach drop stoen ze bleiwen.

Den Don Elias ass dat, wat ee sech optesch ënnert engem kolumbianesche Kaffibauer virstellt, mee seng Farm ass nach méi kleng. Dat läit dodrunn, dass déi Farmen haaptsächlech aus de Plantage bestinn, d’Boune ginn da just do gewäsch, fir déi séiss Schuel erof ze kréien an da gi se gedrechent. Da lued den Don Elias seng Säck op säi Päerd a pilgert op Armenia bei de Kaffishändler domat. Dass déi Bounen net direkt geréischtert ginn, läit dodrunn, dass si drëchen bis zu 3 Joer kënne gelagert ginn, esou bal si geréischtert sinn, musse si bannent 6 Méint verbraucht ginn. Moies op der Kaffifarm grouss Opreegung: "Hues du d’Äerdbiewe matkritt, um 3 an der Nuecht? Alles huet gewackelt!" - "Nö, hu geschlof." Äerdbiewe sinn hei näischt Ongewéinlesches, dat lescht war am September.

Hunn dunn emol nogekuckt, hat 4,5 op der Richterskala, den Epizentenrum war 30 km eweg vun eis. Et ass awer näischt geschitt, just e puer Kaffisbounen si vun de Stäck gefall. Vu Salento op Cali féiert eng schéi Strooss laanscht d’Kaffisfelder an Zockerrouerplantagen. Kamionen oder Traktere mat 4 Unhänger féieren déi geschnidden Zockerrouerplanzen an d’Fabricken, wou si verschafft ginn.

Zu Cali gëtt et net all ze vill ze gesinn. Ech wonnere mech iwwert e groussen Akafszentrum dee labber mat eisen doheem mathale kann, et herrscht scho kräfteg Chrëschdagsstëmmung héi, donierft ass e groussen Carrefour-Supermarché. Mäi Guest House läit matten an deem moderne Véierel, an den Niewestroosse si vill Caféen an Discotéiken. Déi Ennerscheeder sinn einfach immens, e puer Stroosse weider ass een an enger anerer Welt.

Mat 2 Israelien bei e Kënschtler an nach méi wäit ...Zu Cali léieren ech den Ommer an d’Gil kennen, si sinn aus Israel an och mam Moto ennerwee a ganz fain. Si luede mech owens fir z’iessen an, et gëtt eppes Israelesches, wat d’Gil gekacht huet, ganz gutt.

Wéi ech hinnen erzielen, dass ech mar op Silvia fuere géif, do wier dënsdes e Maart, wou d’Indianer aus de Bierger kéimen an hirt Geméis géinge verkaafen, si si begeeschtert a froen, op si matfuere kéinten, firwat net. Silvia läit héich an de Bierger, mir komme just un du fänkt et u mat Reenen, a wann et hei reent, da reent et!! Et ass trotzdeem immens, d’Leit aus de Bierger si faarweg gekleedt, vill Blo, si hunn all déi selwescht Truecht un, d’Männer droe Räck, a jiddfereen, op Mann oder Fra, huet dee selweschten Hutt op. An enger Niewestrooss fannen ech zimlech donkel Zëmmer, déi mech interesséieren, si gesinn ewéi Restauranten aus. Ech kucken an eent eran, knips knips, moien awer. D’Stëmmung dobannen ass spektakulär, de Raum ass ganz kleng, däischter, keng Beliichtung, et gëtt um Holzfeier gekaacht. All Mensch ass frëndlech, komm eran. Ee passt awer net esou ganz an déi Gesellschaft, laang, gro gekrauselt Hoer, hie gesait net aus, wéi een dee vun hei ass.

De Mann stellt sech vir, Miguel, seng Elteren si vu Bari aus Italien, hien ass awer a Kolumbien gebuer. De gudde Miguel geréit total aus dem Häischen, d’Gil an den Ommer ginn nach era gebieden, an da geet et awer lass. "Dir musst eppes iessen", hie bestellt bei der Kächin eppes z’iessen a gläichzäiteg gi mir mat Uebst bombardéiert, "hei schmaacht emol dat, oder hei, knack, duerchgebrach, voilà ... All Kéier mat Numm, et geet esou schnell, mir kënne guer net esou schnell knabberen. "Mir brauche Wäin, ech ginn es sichen" a schonn ass hie fort, mir bekucken eis, mir mussen nach Moto fueren a wëlle guer kee Wäin. Et hëlleft kee Protest, jiddferee kritt e Glas Old German an de Grapp gedréckt an da prost. Den Typ ass dem Häerzinfarkt zimlech no, "wann dir giess hutt, da muss der mäin Appartement mat kucke goen, mir hunn e schéine Séi hei, musst dir gesinn." Eis Bemierkungen, dass mir guer net esou vill Zäit hätten an haut nach op San Augustin wéilte, si fir d’Kaz. "Et ass net wäit, nëmme 5 Minutten, nach Wäin?" - "Nee, merci." D’Iessen ass grandios, keng Ahnung wat et war, en Deeg vielläicht aus Mais oder Gromperebräi, gebrode mat Fleesch dran, Räis a Geméis, huet 1 Euro kascht.

Also trëppele mir bei säin Appartement, et ass eng Künstlerwunngemeinschaft, seng Fra lieft mat sengem Bouf an Amerika. Hie géif eleng hei liewen, zesumme mam Jesus (schonn erëm een), a wier ganz glécklech. Säin Appartement ass op alle Fall méi spektakulär ewéi seng Biller, déi hie molt, haaptsächlech Portaite vum Jesus. Beandrockend ass eng Pyramid vun POKER Béierdousen, entweder drénkt säi Matbewunner och oder hien huet vill Duscht. Dann nach bei de Séi, et reent ewéi mat Eemeren, all Ausriet huet kee Wäert, ennerwee gëtt e Bréidche kaft, well hien ass per Du mat den Inten, déi do wunnen. De Séi ass e Wéier!! D’Inte knabberen d’Bréidchen, mir bekucken eis, eigentlech kann een et guer net beschreiwen. Deen Typ ass ze vill. "Mir musse fueren", "jo, mir ginn zeréck". Wéi hie schonn erëm a senger Wunneng verschwënd, fäerte mir schonn dat Schlëmmst, mee hien ass just en Handtuch sichen, fir dem Gil seng Hoer ze dréchnen. Denn ugebuedene Kaffi am Restaurant loosse mer awer sinn, soen Äddi, den Typ dréckt eis, "a kommt w.e.g erëm".

"Faillitte ginn et bei iech keng." - Dach!D’Leit vum Duerf weisen eis dann eng Ofkierzung fir op San Augustin, ech hunn direkt Zweifel, op menger Kaart ass dee Wee net drop, wei ech e gesinn, hunn ech meng Bestätegung, e Buedemwee, mir loossen dat da mol sinn. San Augustin ass souwiesou haut net méi dran, mir peile Popayan un, et soll eng vun de schéinste Stied a Kolumbie sinn. Mir rullen an der Däischtert a Popayan eran, d’Stad gesäit op den éischte Bléck ganz schéin aus, d’Stroosse sinn de Géigendeel, déif Lächer, gefëllt mat Waasser, et muss ee schonn oppassen. Wann dann och nach um Trottoir Figure spazéieren, déi een als Mann net esou einfach ignoréire kann, da gëtt d’Saach lues, awer sécher geféierlech ...

Dës Kéier ginn déi 2 Këschten erof geschrauft, fir de Moto an d’Rezeptioun vum Hotel ze stellen. Popayan ass wonnerschéin, eng Kolonialstad, gegrënt 1537, déi ganz wäiss uegestrach ass, mat ville schéine Gebaier, Kléischter a Kierchen. Am März 1983 si vill Gebailechkeeten duerch en Äerdbiewen zerstéiert ginn, d’Restauréierungsaarbechten hunn 20 Joer gedauert. Well et op der Landkaart nëmmen 72 Kilometer bis op San Augustin sinn, beschléisse mir eis moies nach d’Stad unzekucken.

Matten am Zentrum dann tonne Police, zu Fouss oder op Päerd, komplett gepanzert a matt Tréinegasgranaten am Grapp. Eng onmass Leit sti firun engem Gebai a wëllen eran. Ech froen e jonke Mënsch, wat lass ass, "et ass eng Spuerkeess, déi grad faillitte erklärt huet. Dat gëtt et bei iech net." - "Dach, bei eis sinn se all faillitte." Hie staunt. Et as eng Hëtzt an där Menschemass, dass d’Objektiver vu Bannen ulaafen. Net wäit, mee ganz laaaaaaaaang a schwéier

Mir briechen um 13 Auer Richtung San Augustin op. Am Ufank ass et eng gutt Strooss, déi no 20 Kilometer a Schotter iwwergeet, awer gutt ze fueren. Et geet stäil biergop, d’Strooss gëtt lues, awer sécher méi schlecht, laanscht Waasserfäll, wonnerschéi gring Däller, iwwer deenen donkel Wolleken hänken. Mir ereechen 3.000 Meter Héicht, an dat gëtt mat enger Taass Kaffi geféiert, an där Héicht schmaacht de Kaffi besonnech gutt :-) Mir kommen op en Héichplateau, 3.208 Meter, do wuesse wonnerschéi Planzen, ewéi kleng Palmen, dausenden, esou wäit ee gesäit. An dann dat Liicht, donkel Reewolleken hänken iwwert dem Plateau, dee vun der Sonn beliicht gëtt, mir sinn eis eens, dat ass et. Denn Ommer seet: "Kanns du der all déi Rucksaacktouriste virstellen, déi verpassen dat hei alles." Hien huet Recht. De Wee heihinner war net einfach, mee et war derwäert.

Mir hate gemengt, et wier bis dohin net einfach gewiescht, mee et war e Kannerspill am Verglach zu deem, wat du komme sollt. De Wee ass ëmmer méi schlecht ginn, nëmme Lächer, déiwe Bulli, et ass nëmmen nach am Stoen ze fueren. Mir fuere matten duerch den Urwald, héiansdo begéine mer e Kamion, déi fuere max. 10 km/h, mir vielläicht 20-30, alles éischten oder zweete Gang. De Wee ass schmuel, ech dierf wéi ëmmer virfueren. Ech probéieren, e Kamion ze iwwerhuelen, d’Strooss hängt no lénks, de Moto fänkt am Bulli u mat rutschen, et gëtt zwou Méiglechkeeten, Géigestéiere mat dem Risiko, ënnert dem Kamion ze landen oder fräiwëlleg an de Gruef. Da léiwer an de Gruef. De Buedem ass schéi mëll duerch dee ville Reen, knätsch, de Moto läit am Gruef, et ass awer näischt geschitt. De Kamion bleift stoen, waart, bis de Moto erëm op der Strooss ass, a fiert da weider.

Mir komme bei eng Grupp Zaldoten, déi do am Urwald d’Strooss sécheren, dat ass kee gutt Zeechen. Mir musse stall haalen, si si fain, hu vill Froen. Si sinn net em deen Job ze beneiden, hir Zelter besti just aus enger Baatsch, fir dass si net nass ginn, geschlof gëtt op Palmen a Bananneblieder. "Wéi wäit ass et nach bis San Augustin?" - "3 Stonnen". Mir bekucken eis, dat gëtt gutt!! Et ass elo 17 Auer, mir sinn nach ëmmer iwwer 3.000 Meter am Urwald, an enger Stonn gëtt et däischter. De GPS weist 35 Kilometer un, Loftlinn! Mir fuere weider, vun elo stinn iwwerall Zaldoten, jiddfereen a Siichtwäit zum nächsten, dann eng Aussicht, wou ee wäit gesäit, ënner eis nëmme Bësch mat riesege Beem, den Urwald vun uewe gesäit ewéi eng aaner Welt aus, ënnen am enken Dall leeft e Floss, kleng Wolleken zéie vereenzelt duerch d’Däller, obwuel et scho spéit ass, muss déi Aussicht kuerz genoss ginn.

1 Fläsch Bensin ... fir ze kachen ... am UrwaldEt fänkt mat reenen un, a wann et am Urwald reent ... Dann eng Trupp Zaldoten, déi eis unhält, "kënne mir vun iech Bensin kréien, soss kënne mir näischt kachen den Owend", "Jo, kee Probleem". Mai Reespartner ass anerer Meenung a wëll weiderfueren. Kënnt fir mech net a Fro, mir huet bis elo all Mënsch hei gehollef an elo, wou ee mech eppes freet, soll ech nee soen, matten am Urwald? Et reent riicht eran, ech fëllen hinnen eng 2,5-Liter-Limonadsfläsch aus mengem Tank, si wëllen esou guer bezuelen, "nee merci, et ass gäer geschitt".

Mëttlerweil ass et däischter an dat huet schonn eppes, wann am schwaache Liicht vun denn bulliverschmierte Scheinwerfer heiansdo en Zaldot optaucht. De Wee wëll keen Enn huelen, vum Stoen hunn ech esou lues sämtlech Muskele wéi, meng Hänn spieren ech schonn eng Zäitchen net méi. Wéi wann et net scho genuch wier, fänkt et u mat Blëtzen an Donneren, tëschenduerch hat de Reen e bësschen no gelooss. De vielläicht beandrockenste Moment, et blëtzt, fir e Moment ass et daghell, d’Strooss dréint no lénks, viru mir steet en Zaldot, dee bis dohinn net ze gesi war, eng Sekonn méi spéit ass hien erëm am Däischtere verschwonn ...

Dann hält et op mat Reenen, d’Wollecke schéngen ze briechen, Waasserfäll komme vum Himmel. Obwuel et eigentlech kee Wäert méi huet, hale mir stall an dinn eist Reegezei un, ech sti matten am Wee, ee Kamion kënnt, de Chauffeur huet Verständnis a liicht mat de Scheinwerfer bis mer fäerdeg sinn. Dat géist zum Schluss!

Dann, iergendwann, Makadam, e klengt Duerf. “Wou geet et op San Augustin”, “Lénks an da riets”, den Ommer seet, säi GPS géif riicht aus weisen, hie géif deem gleewen. “Ech gleewen de Leit, wou héi wunnen.” D’Leit haten och recht, et war déi richteg Strooss, andauernd komme Steng vun den Bierger gerullt a sprangen an d’Strooss, op ville Plaze leeft d’Waasser zentimeterhéich iwwert d’Strooss. Dann San Augustin, ech hat zu Bogota e Schwäitzer kenne geléiert, deen hei mat senger kolumbianescher Fra eng biolegesch Farm bedreift. Am Ausgang vum Duerf steet d’Schëld Finca El Maco, no e puer honnert Meter nach e Schëld, riichtaus. Mir beschléissen, weider ze fueren, gesinn allerdéngs kee Wee, well deen dréint no lénks. A wéi ech em déi Lenkskéier kommen, kréien ech bal en Herzinfarkt, virun eis e Bierg mat enger Steigung, déi am Dréchenen schonn eng Iwwerleeung wäert wier, mee et ass ze spéit, fir stoen ze bleiwen, entweder et klappt oder ...

De Moto hoppelt de Bulliswee erop, et ass ewéi wann een eng Baach géing erop fueren, d’Waasser spullt masseg kleng Steng de Wee erof, d’viischt Rad vum Moto ass méi an der Luucht ewéi um Buedem, de Wee hëllt keen Enn, dann endlech eewen - uffff! Mir bekucken eis, ech hunn d’Gil méi spéit gefrot, wat et geduecht huet, wéi et de Bierg gesinn huet, "no way", niimols. A wéi sot et dunn, "mir musse nach erof".

Mëttlerweil ass et 19.30 Auer. 6,5 Stonnen fir 129 Kilometer, dovunner 50 Kilometer godronnéiert, alles ass zoppnass. D’Landkaart hat zwar gesot, dass de Wee net godronéiert wier, net awer, dass e op 3.200 Meter matten duerch den Urwald géif féieren. Mir sinn eis eens, et gëtt Deeg am Liewen, déi vergësst een ni méi, dat héi ass esou een.

Salut,
Ren