Biergop, biergof: De Moto fiert sech ewéi e Känguruh

Ren on Tour: Déi lescht Etapp, eng zimlech opreegend, huet de René Hilbert iwwert den Equator gefouert. An dat huet natierlech mussen am Bild festgehale ginn. / © René Hilbert
6. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.
San Augustin a Kolumbien ass eng vun de wichtegsten archäologesche Plazen a Südamerika. Héi sinn tëschent dem 6. a 14 Joerhonnert no Christus Léit begruewe ginn, et ass net vill vun där Kultuer bekannt. Iwwert e grousst Gebitt verdeelt sinn Honnerte vu Griewer fonnt ginn. Stenge Statue bewaachen den Agang vun deene Griewer, bis elo hunn d’Archäologe 500 Statue fräi geluecht, si sinn tëschtent 20 cm a 7 Meter grouss. D’Statue stelle Persounen oder Déieren duer. Di Griewer zielen haut zu der UNESCO-Weltkulturierfschaft. Wolleken oder: lauter Hiwwelen, vill Waasser, alles gring
Op e puer Plaze gëtt et méi eng héich Konzentratioun vu Griewer, do ass dat Ganzt schéin an engem Park amenagéiert ginn. Ech hu mer 2 Plazen ugekuckt, den Alto de los Idolos, do steet déi gréisste Statue mat 7 Meter, si ass awer net déi schéinst, awer gutt erhaale Griewer kann een do gesinn, an de Park bei San Augustin, deen ëmmerhin 78 ha huet, do muss ee schonn e bëssche pilgeren, am Reen, versteet sech. De Wee fir op den Alto de los Idolos ass immens schéin, duerch Zockerrouer a Kaffisplantagen, laanscht vereenzelt Bauerenhäff. Ënnen am Dall leeft de Rio Magdalena, eng riseg Schlucht laanscht déi ee permanent fiert, dann erof an den Dall, iwwert de Floss an déi aner Sait erëm erop. Wonnerschéi Blumme wuessen héi, rise grouss, eng zackeg Affär. Iwwerhaapt ass d’Landschaft ëm San Augustin wonnerschéin, wann se sech net grad an de Wolleke verstoppt, lauter Hiwwelen, vill Waasser, alles gring.
Wéinst der FARC: Vill Arméi, vill KontrollenVu San Augustin wollte mer dunn op Pasto fueren - bis Mocoa Macadam, duerno - laut Landkaart - 76 km offroad. Mee bis Mocoa geet et lues virun, nëmme Kéieren, et reent wéi aus Eemeren. Emmer méi Arméikontrollen, héi gesäit dat Ganzt allerdéngs scho beandrockend aus, well héi si mer an engem Gebitt, wou d’FARC nach ëmmer aktiv ass. Ech hätt mer och gären en anere Wee gesicht, fir an Ecuador, mee dat héi ass déi eenzeg Alternativ. Héi stinn nëmmen nach gepanzert Gefierer nierft der Strooss, uewen drop eng Kanoun, all 10 Kilometer eng Kontroll.
Zu Mocoa gerode mer dann an eng Demonstratioun vu Motorrieder, fraiwëlleg gezwongen demonstréiere mer emol mat, keng Ahnung firwat, vielläicht eng kolumbianesch Moto-Initiativ? E frëndleche Motofuerer féiert eis laanscht d’Demo bis bei de Wee, deen op Pasto soll goen. Am Ausgang vum Duerf eng Militärkontroll, awer "du serieux". Héi ginn d’Busser komplett aussernee geholl, de Fraen hir Posche ginn opgemaach ... mir düse laanscht. Mäi Moto juppelt ongewinnt :-(
No e puer Kilometer gëtt d’Strooss ëmmer méi schlecht, nëmmen nach déck Steng, mäi Moto juppelt ongewinnt; Diagnose: Den hënneschte Stoussdämpfer huet sech ofgemellt, dat huet elo just nach gefeelt. Dem Omer seng hënnescht Brems fonktionnéiert net. Ech melle meng Bedenken un, fir weider ze fueren, mee den Omer wëll et probéieren. No 7 Kilometer an enger klenger Éiwegkeet gëllt et dann e Floss ze duerchfueren. Mir geet et duer, ech froe si, op si wéissten, dass dëse Wee net ongeféierlech wier, ech hu keng Loscht, ërem an d’Nuecht ze falen an eng Flënt virun d’Nues gehaal ze kréien, et ass scho 16 Auer. En Auto kënnt, ech froen emol, wéi wäit et ass, "4 Stonnen". Merci, ech fueren zeréck op Mocoa an huele mer en Zëmmer. Si ginn no a komme mat. Mir sinn nach net am Duerf ukomm, du huet dem Omer säi Moto hannen e Platten, mir fannen e Mann, dee sech op déi Reparatur spezialiséiert huet, hätte mer am Bësch net fonnt.
Nodeem ech zu Mocoa dem Omer seng hënnescht Brems gefléckt hunn, këmmeren ech mech em mäi Stoussdämpfer, de Versuch, e Schlauch aus engem Pneu tëschent d’Fieder ze wéckelen, klappt net, ech misst dofir de Stoussdämpfer ausbauen. Also gëtt d’Fieder op de Maximum zesumme geschrauft, huet allerdéngs net vill Wierkung, komesch. Sold out an der Kierch a "peng peng" bei der Arméi
Den Hotel läit no bei der Kierch, a moies steet eng beandrockend Réi Motorrieder virun der Kierch, dat muss ech mer ukucken. Hei mécht et nach Freed Paschtouer ze spillen, hei ass all Show "sold out". Mir maachen eis op de Wee, kommen awer nëmme bis bei déi Militärkontroll, déi gëscht de Bus ënnersicht huet, dës Kéier komme mer net laanscht. Sämtlech Pabéiere gi kontrolléiert, d’Këschten opmaache w.e.g. Da mellt sech de Chef vun der Trupp zu Wuert, "hutt Dir eng schrëftlech Genehmegung, fir déi Streck hei ze befueren?". Ech mengen, ech géif net gutt héieren, "wat solle mer hunn?". De Mann gëtt méi däitlech. "Wien iwwerhëllt d’Verantwortung fir Iech op dësem Wee?" Mir bekucken eis, hmmm, keng Ahnung, wien hat se da bis elo? Ouni schrëftlech Genehmegung dierfte mir net weider fueren, "muchas problemas" géif et op deem Wee ginn, hie mécht mat sengem 2 Hänn, wéi wann hien e Gewier hätt, peng peng.
Makabererweis zitt dee Moment eng Läicheprozessioun laanscht, ugefouert vun engem grousse schwaarzen Auto mam Sarg, hannendrunn trëppelt dat trauernd Vollek, jiddfereen huet e Bouquet Blummen am Grapp. Vill Gléck ... an eng gutt Rees!
Mir kënnt eng Iddi, jo, mir hunn e Schrëftstéck, wat eis d’Weiderrees erlaabt. Wann een de Moto duerch d’Douane bréngt, kritt een e Papyrus, wat engem erlaabt, 60 Deeg duerch Kolumbien ze fueren, do sti keng Restriktiounen drop. Ech ginn dem Mann mäi Pabéier, hie kuckt sech d’Saach un a gräift zum Handy. 5 Minutten Diskussioun, op hien eis elo dierft oder misst fuere loosen. Jo, mir dierfen, "vill Gléck". No 2(!) Kilometer déi nächste Kontroll, e jonke Polizist hält eis un, "d’Pabéiere vum Moto w.e.g.". "Neen." Hie kuckt mech zimlech erstaunt, dat schéngt him net esou oft vir ze kommen, "mir sinn elo just kontrolléiert ginn, et ass alles an der Réi". Hie staunt nach ëmmer, "iwwregens, de Moto huet 650 ccm", "oh, dat sinn der awer vill, dann eng gutt Rees".
De Wee ass landschaftlech immens, schlängelt sech a Serpentinne biergob a biergof, vun 650 Meter op 3.200 Meter, awer fir ze fueren - halt erëm en Highlight. Mat Stoussdämpfer ass et sauer, ouni batter. Nëmmen déck a spatz Steng, schmuel, mat Géigeverkéier. Kamionen a Busse fueren hei, an do, wou et stäil erop geet, wulle si sech duerch d’Steng an d’Lächer, déi si selwer geschaafen hunn. Ech fuere just op der Fieder, de Moto fiert sech ewéi e Känguruh, no all Kaul sprengt hien hannen an d’Luucht, et ass schwéier, d’Richtung ze behalen, et si bewegend Momenter, wann hien an déi falsch Richtung sprengt, do geet et wäit erof. Et war e Feeler, déi lénks Hand net operéieren ze loossen!
Besonnesch erfreelech Momenter sinn dann, wann e Kamion engem entgéint kënnt, an een dann hannerzesch rullen dierf, bis eng Plaz kënnt, wou ee laanschtenee fuere kann. Och wann een d’Brems zitt, rutscht de Moto mat blockéiertem viischte Rad weider biergof ... Meng lénks Hand ass net méi ze gebrauchen, et war e Feeler, si net virun der Rees operéieren ze loossen, si ass dauernd entschlof a brennt ewéi wëll. Komesch ass just, dass héi néierens Zaldote stinn, just uewen um Pass sinn der, allerdéngs gläicht hir Positioun enger Festung, alles mat Sandsäck gebaut ... Laanscht d’Strooss stinn immens vill kleng Holzkräitzer, op si all bei Accidenter ëmkomm sinn oder erschoss goufen, steet net drop. Da fängt et mat reenen un, vun elo un rutsche mir biergof, schéi, wann eng Rietskéier kënnt an ee riichtaus rutscht. Ech hat scho besser Gefiller.
Endlech zu San Francisco: Komesch Foto-Motiver, komesch Särg!No 4 Stonnen hu mer 76 Kilometer gemaach a kommen zu San Francisco un, all Mënsch ass zimlech geriedert. Am Duerf gëtt et e Bäcker, a wéi mir do e Kaffi drénken, kommen d’Leit era froen, op si dierften hir Kanner op mäi Moto setzen fir eng Foto. Den Omer muss frustréiert sinn, no sengem Moto dréint kee Mensch sech ëm. Nierft der Bäckerei ass en Doudegriewer, héi hunn d’Särg Fënstere mat Rideauen.
D’Freed iwwert de Makadamm ass net fir laang, d’Strooss gëtt nei gemaach, an duerch d’Kamionen, déi do schaffen, ass op der Strooss esouvill Bulli, dass e Kamion, dee viru mir bierop wëll, bal net erop kënnt. Ech bleiwen emol léiwer stoen, de Kamion geet e puer Mol mat duerchdréinende Rieder queesch, ier hien uewen ass. Viru Pasto läit d’Laguna de la Cocha, ee vun de gréisste Séien a Kolumbien, op 2.800 Meter, super. Duerch dat Duerf, wat um Séi läit, féiere Waasserkanäl, duerch déi ee mam Boot fuere kann, e bëssche Venedeg a Kolumbien. Um 18 Auer si mir zu Pasto, 10 Stonne fir 150 Kilometer!
Eng spektakulär Kierch! An um Wee zur Karavann ...Kuerz virun der Grenz zu Ecuador kann een de Sanctuario de Las Lajas besichen, eng neo-gotesch Kierch, déi tëschent 1926 an 1944 op eng Bréck iwwert enger Schlucht gebaut ginn ass an haut e wichtege Pilgeruert ass, spektakulär.
D’Grenzformalitéiten op der kolumbianescher Säit sinn an 10 Minutte gemaach, op der ecuadorianescher Säit fänkt leider d’Mëttespaus un, ewéi mir an de Büro erakommen - mécht eng Stonn waarden. Mir treffen den Chuck do, en Amerikaner vu 67 Joer, dee grad pensionnéiert ginn ass an och mam Moto ënnerwee ass. Hie schléisst sech eis un, wann dat esou weider geet, mutéiere mir zu enger Karavann. Ecuador: De Numm ass Programm
Ecuador ass schéin, schéi kal uewen op 3.308 Meter, vill Vulkaner, déi leider hallef an de Wolleke sinn, et reent mat Eemeren ... Viru Quito fuere mir iwwert den Equator, dat muss natierlech am Bild festgehaale ginn. Et gëtt en Equator Denkmal do, an och e jonke Mënsch, deen do Erklärunge gëtt. Quito läit op 2.800 Meter, et soll déi héchstgeleeën Haaptstad vun der Welt sinn. No engem Dag zu Quito trennen sech d’Weeër vu menge Reeskollegen a mir, si entscheede sech fir en anert Guest House.
Ech fannen e Garage, dee mengt, hie kéint de Stoussdämpfer flécken, ech sinn do awer zimlech skeptesch, well nodeems ech d’Këschten ofgebaut hunn, gesinn ech, dass de Stoussdämpfer ganz schief an der Schweng steet. Wéi ech dunn ouni Këschten ukommen, seet déi eenzeg Persoun, déi englesch schwätzt, d’Mecanicienë sinn all fort, si si bei d’Police de Führerschäin maachen, wonnerbar. Wéi ech den Dag drop an d’Garage ginn, fir mer de Stand vun der Reparatur unzekucken, huet de Jong ëmmerhinn d’Säiteblecher an de Sëtz ofgebaut, dat war et dann awer och schonn. Mir ass dat awer e bësschen ze lues an ech beschléissen, d’Saach an d’Hand ze huelen an de Stoussdämpfer selwer auszebauen, ech wollt jo net Sylvester zu Quito feieren.
Stoussdämpfer: waarden an hoffenDen engleschsproochege Mënsch ass net begeeschtert doriwwer, "wees de, mir hunn eng Sécherheetvirschrëft, dass de Klient net dierf hei am Atelier sinn", "ech brauch en 13.-Schlëssel", de Mecanicien: "mai Bruder huet deen, ech kucken, wou en drun ass". "Wéi gesot, du muss aus dem Atelier, wann de Patron kënnt, da gëtt et schéin." - "Wann de Patron kënnt, schecks du e bei mech." - "Du kanns nach 10 Minutte schrauwen, da muss de ophaalen." - "Ok, nach 3 mol 10 Minutten, da sinn ech fäerdeg." Hie gëtt op, de Mecanicien staunt, hei geet et virun, no 20 Joer misst ech de Moto jo esou lues kennen ...
Nodeems ech de Stoussdämpfer lassgemaach hunn, kënnt hien an Eenzelstécker eraus gefall, en ass gebrach! Wéi de Chefmecanicien erëm kënnt an de Misär gesäit, schléit hien d’Hänn um Kapp zesummen, dat do ass net ze flécken, merci, dat weess ech och. Wéi ech den Atelier verlooss hunn, rifft de Mecanien, "super, dat hues de gutt gemaach".
Nächste Méinden soll e Stoussdämpfer ukommen, ech hunn emol 200 Dollar Akont bezuelt, elo heescht et waarden an hoffen. Salut,
Ren