Erliefnësser zu Quito, op der Panamericana a beim Cotopaxi

"D’Panamericana féiert Richtung Latacunga iwwert e Pass vun 3.500 Meter, wonnerschéin. Ech kucke lénks vun der Strooss op de Cotopaxi, schéin am Niwwel, schued. Ewéi ech scho laanscht war, dréinen ech mech nach eng Kéier ëm an ech traue mengen Aen net, e bësschen vum Schnéi ass e beemol ze gesinn. Winker, stoe bleiwen, dee bëssche Schnéi muss geknipst ginn." (Extrait aus dem René Hilbert senger Korrespondenz) / © René Hilbert
7. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.
Ech sinn du freides nach eng Kéier an de Garage getrëppelt, fir ze kucken, wei d’Saach sech entwéckele géing. Mëttlerweil ass och de Patron ukomm an iwwert dem Diskutéiere stellt sech eraus, datt et keen neie Stoussdämpfer wier, mee bal en neien. "Vertrau mir", seet de Mecanicien, mir bleift souwisou soss näischt iwwreg.
Zu Quito gëtt et eng Seelbunn, déi ee vun 2.850 op 4.100 Meter bréngt, do kann een dann nach zu Fouss bis op 4.400 wanderen, wann d’Wieder an d’Konditioun et zouloossen. Uewen ukomm ass et virunn allem emol kal, awer d’Siicht iwwert d’Stad ass immens, si läit an engem schmuelen Dall an zitt sech esou wäit ee kucke kann no lénks an no riets. Quito ass ëmgi vu 14 Vulkanen, dee leschten Ausbroch vun engem Vulkan ass 2002 gewiescht, do ass de Vulkan Reventador erëm aktiv ginn an huet d’ganz Stad mat enger 10 Zentimeter décker Schicht aus Äschen zougedeckt.
Gaspatrounen um Rimm an an der Täsch
Zu Quito sinn ech och gewuer ginn, dass a Kolumbien de Vulkan Nevado Del Huila an der Nuecht vum 20. op den 21. November ausgebrach ass an d’Uertschaft Belalcázar an Emgéigend zimlech zerstéiert huet, e puer Leit sinn ëm d’Liewe komm. Ech hat geplangt, den 11. November do ze iwwernuechten, ech wollt d’Griewer vun Tierradentro kucke goe. Mä well ech een Dag méi laang zu Cali bliwwe sinn, hunn ech dee Plang opginn a sinn direkt op San Augustin gefuer ...
Ech duecht, zu Bogota wiere vill Poliziste gewierscht, mä zu Quito steet virun all Geschäft ee private Sécherheetsmann. D’Police dréit déi selwescht Gaspatroun um Rimm wéi ech an der Täsch, hir ass just eng Nummer méi grouss, dann hunn ech wéinsten déi richteg kaft.
Schéin an der Nuet a schéin am Dag
Nuets ass et anschéinend net fir hei erëm ze lafen. Awer an deem Véierel, wou den Hostal ass, do ass nuets eng lass, dat hätt ech net geduecht. Ee Café um aneren, Restauranten an Diskotéiken, Palma ass dogéint dee rengste Kannergebuertsdag. Awer och de Besëtzer vum Hostal seet mer, “pass owes op, esou bal der 3 op dech duer kommen, verzéi dech, ech hat schonn 2 Gäscht, déi alles ofgeholl kritt hunn”.
D'Alstad ass immens, si ass zanter 30 Joer Unesco-Weltkulturierfschaft, et muss ee just vill biergop a biergof lafen, mä déi Gebaier, wou do stinn, do staunt ee just. Eng Onmass vu Kierchen a Kléischter stinn do, kleng verwénkelt Gaassen. Ech wéilt do net Busschauffeur sinn, well déi kierpen, fir do an de géie Stroossen ëm denn Eck ze kommen, a scho guer net Mecanicien. Well déi wiessele vill Kupplungen un deene Bussen. De Busstransport fonktionnéiert wonnerbar, fir 25 Cents (Dollar Cents, dat ass déi offiziell Währung an Ecuador) fueren ech vum Hostal bis an d’Alstad.
Wat en Theater! Matten am Theater!
Sonndes ass vill lass an der Stad, verschidde Märt sinn dann, d’Léit treffe sech am Park, fir Volleyball oder mat de Kaarten ze spillen. Vill eeler, haaptsächlech Männer gesäit een do, net jiddfereen schéngt e Fernseh doheem ze hunn. Am Zentrum ass d’Plaza Grande, eng Plaz mat Palmen a Bänken, déi ëmginn ass vun enger Unzuel vu Gebaier, dass een net weess, wou een hikucke soll. Groussen Erfolleg huet eng Theatergrupp, Eclipse Solar heesche si, wéi ech méi spéit gewuer ginn. Eng Onmass vu Leit sëtzen op den Trapen a béie sech vu laachen.
Ech kucke bestëmmt eng Stonn no, ech kéint mech rullen. Si si grandios. Ech knipse monter drop lass, bis et e beemol vun engem vun den Akteuren heescht, "eng Foto kascht 5 Dollar". Ech protestéieren, dat wier ze deier, "you speak English?" "yes", "ah, en Amerikaner". D’Vollek gröhlt, déi véier kommen op mech zougetrëppelt a jiddfereen rësselt mer d’Hand, ouni e Wuert ze soen. Dann zeréck am Krees freet dee mam bloe Kleed, "how do you do?", "muy bien", "ah, hie schwätzt Quechua, bienvenidos".
Si kënne Grimasse schneiden, dass een den Hals wéi kritt vu laachen. Ech trëppele weider duerch d’Stad a knipsen déi verschidde Gebaier esou gutt et geet, et ass enk an dann ass een ëmmer no drun, dat ginn da wonnerbar verzerrte Wäitwénkelbiller. Wéi ech no enger klenger Éiwegkeet erëm op d’Plaza Grande kommen, spillen si nach ëmmer, vun der Trap ass keen opgestaan, ech froe mech, wéi laang déi ouni Paus d’Leit ënnerhal hunn. Dee mam bloe Kleed kënnt schliesslech bei mech a wëll d’Fotoe gesinn, ech verspriechen, him se ze mailen ...
By Night ... an endlech e Stoussdämpfer!
Mä am Däischteren ass déi Stad eréischt schéin, d’Gebaier si schéi beliicht, a waarme Faarwen, ech hu Stonne verbruecht mat Knipsen. Dat dauert ëmmer, bis grad keng Leit drop sinn oder keng Autoen, et huet sech gelount, ech si begeeschtert.
Et ass Méindeg an ech pilgeren an de Garage kucken, wat de Moto seet. Staun, "däi Moto ass färdeg, de Mecanien bréngt en a 5 Minutten". Nodeems de Mecanicien de Moto bis an d’Ausstellung bruecht huet, seet hien: "de Moto ass ze grouss, dat ass jo eppes ewéi e Camion". Ech kucke mer d’Saach un, et ass e Stoussdämpfer dran. "En huet direkt gepasst, ech hunn och nach d’Vergaseren an d’Bensinspompel gebotzt", "ah sou, jo, firwat och net".
RTL.LU, ëmmer gäer gesinn :-)
D’Aarbecht ass praiswäert an Ecuador, Vergaser Botzen a Bensinspompel auserneen Huelen hu 35 Dollar kascht, de Stoussdämpfer aus- an abauen och 35, de Stoussdämpfer selwer war mat 350 US-Dollar derbei, e faire Präis, do kann een näischt soen. Ech weisen hinnen op hirem Computer d’Biller op der RTL-Säit vun hirem Atelier, wou si drop sinn, Begeeschterung! "Awar, a komm geschwënn erëm".
Owes fueren ech nach eng Kéier an d’Alstad, si gefällt mer ze vill gutt, ech kéint deeglaang duerch déi kleng Stroosse lafen. Den alen Theater gefällt mer gutt vu bannen, d’Entrée ass gefëllt mat grousse Sailen, wou d’Faarf erofbliedert, bannendra prouft eng Jazz-Grupp, déi owes optrëtt - bei fräiem Entrée.
Jazz? Nee, léiwer Atik-Politik virun der Kierch!
Ech iwwerleeë mer, dee Concert vielläicht lauschtern ze kommen. Wéi ech esou weider duerch d’Stroosse sträifen, héieren ech op eemol vertraute Kläng, déi ech awer nach net an Ecuador héieren hunn, a ginn deene mol no, jo, ech hu richteg héieren, do ass dach wierklech en Open-Air-Rockconcert am Gaang.
Eng jonk Grupp, Atik, spillt op der Bühn, an nawell guer net schlecht. D’Plaz ass och net schlecht, am Hannergrond eng Kierch, a vun uewen kuckt d’Jongfra vu Quito erof, eng grouss Figur mat Flilleken. Ech vergiessen den Jazzconcert, deen hei ass besser. D’Veranstaltung ass fir d’Rechter vun der Fra ze verbesseren, fir d’Ofdreiwung ze legaliséieren; schéin, dass et och hei Leit gëtt, déi net mat allem averstan sinn a probéieren, eppes ze beweegen.
Demo-CD: zerkrazt ... a gratis!
D’Musek ass eng wëllkommen Ofwiesselung zu där mëssbrauchtener Panflütt, déi op all Eck “El Condor Pasa” dudelt. Beim Thema vun der Veranstaltung fällt mer dach déi däitsch Versioun vun deem Lidd an, “El Kondom, basta”, géif jo gutt an de Kader passen ...
Nom Concert hunn ech d’Leit vun Atik gefrot, op si keng CD hätten, ech géif gären eng kafen. D’Joffer déi gesongen huet, "wéi war et?", "super", "ech war esou nervös". "Kennen ech, ass am Ufank normal." Si hu keng CD, fir ze verkafen, mä eng Demo-CD, "mir schenken der déi". Si ass total zerkrazt, mä si fonktionnéiert, dat ass d’Haaptsaach, als Géigeleeschtung kréie si d’Fotoe gemailt. Déi nächst Grupp ass net mäi Goût, et kënnt Niwwel op, d’Jongfra verschwënnt am Niwwel, esou, ewéi wann et hir och net géing gefalen.
Direkt nierft der Plaz, wou der Concert ass, fängt d'Calle de la Ronda un, déi vielläicht schéinste Strooss an der Alstad, ganz schmuel, all d’Haiser si mat Blummen dekoréiert.
Hello Cotopaxi? Hello Wolleken!
Den Dag drop verloossen ech déi schéi Stad Richtung Süden, ech géing mer jo gären de Vulkan Cotopaxi ukucken. Hien ass 5.897 Meter héich a seng Kopp ass ëmmer mat Schnéi bedeckt, mä leider och oft an de Wolleken. Laanscht d’Panamericana sinn an dëser Géigend vill Vulkane, mä nëmmen heiansdo gesäit een eng Köppchen aus de Wolleke kucken, wat muss dat e Panorama si bei bloem Himmel.
De Cotopaxi läit an deem no him benannte Naturpark, e Schëld wéisst op d’Strooss vun de Vulkaner, déi - ewéi sech no e puer Kilometer erausstellt - net de Glanz ass, de Rescht kennt Der schonn ... Ech iwwerleeën, direkt ëmzedréinen, mä ech géif zevill gären de Bierg vu no gesinn. Also Courage, hoppel, hoppel iwwer Steng an duerch Läscher; ech muss u mäin néie Stoussdämpfer denken, deen huet den éischten Dag scho Generalprouf. Mä déi Landschaft! Op de Felder huelen d’Leit Gromperen eraus, nierft der Strooss grase monter Lamaen a wonnere sech iwwer esou e komesche Moto.
Bulli an d'Arméi op der Panamericana ...
Da wiesselt de Wee, just nach e Buedemwee, just nach Bulli … Awer da kënnt en Héichplateau, wat eng Siicht, alles ass gring, breed Däller an iwwerall sti Vulkaner an der Géigend, déi ee leider net gaanz gesäit. Op 3.580 Meter beschléissen ech ëmzedréinen, et huet kee Wäert, de Wee ass just nach Bulli, et feelen nach 300 Héichtemeter bis bei eng Lagun, déi ech gäre gesinn hätt. Vun elo u brauch een och net ze hoffen, dass de Wee besser géif ginn, am Géigendeel, doduerch, dass vun elo un alles oft an de Wolleken ass, ass et natierlech nach méi fiicht.
Op der Réckfahrt begéint mer nach d’Arméi, si komme mat hirem Hummer labber do duerch. D’Panamericana féiert Richtung Latacunga iwwert e Pass vun 3.500 Meter, wonnerschéin!
Lucky Ren! Happy René!
Ech kucke lénks vun der Strooss op de Cotopaxi, schéin am Niwwel, schued. Ewéi ech scho laanscht war, dréinen ech mech nach eng Kéier ëm an traue mengen Aen net, e bëssche vum Schnéi ass e beemol ze gesinn. Winker, stoe bleiwen, de bëssche Schnéi muss geknipst ginn.
Ech trëppelen an e Feld a knipsen e puer Biller an erëm zeréck bei de Moto, paken an, do kënnt d’Sonn eraus. Also erëm ausgepakt, zeréck an d’Feld, a wat du komm ass, hätt ech am Dram net erwaart. Als éischt koum d’Sonn, a lues a lues ass de Bierg ëmmer méi fräi ginn, bis d’ganz schnéibedeckte Spëtzt erausgekuckt huet, grandios!
Ech wollt haut mat Zäiten en Hotel fannen, vielläicht emol bei Dagesliicht, hat der och schonn 2 bekuckt, déi waren awer ze deier, mä elo ass et egal, dat hei geet vir.
Roude Vulkan, stilvollt Pult
Op der Strooss hält e FIAT Uno stall, e Mann kënnt mat sengem Fotoapparat bei mech getrëppelt, "entschëllegt, wat fir eng Marque Apparat hues du?", “Nikon", "dat ass schued, ech hu Canon, soss hätt ech dech gefrot, fir däin Objektiv geléint ze kréien, ech hu leider de Wäitwénkel drop". "Dierf ech eng Foto mat dengem Apparat maachen?" - "Natiirlech."
An Tëschenzäit gëtt de Bierg feierrout, mir sinn ewech. Wéi d’Sonn fort ass, huet de Spektakel en Enn, mir ginn eis d’Hand, "Äddi".
Am Däischtere rullen ech a Latacunga eran a fanne prompt am Zentrum e super Hotel mat Garage, dee schéinste bis elo op der Rees, 15 € ass zwar net näischt, awer dofir hunn ech de Bericht hei op engem stilvolle Pult geschriwwen.
Salut,
Ren